Header for Projet de loi modifiant la loi modifiée du 19 juin 2013 relative à l’identification des personnes physiques en vue de la mise en œuvre du règlement (UE) 2019/1157 du Parlement européen et du Conseil du 20 juin 2019 relatif au renforcement de la sécurité des cartes d’identité des citoyens de l’Union et des documents de séjour délivrés aux citoyens de l’Union et aux membres de leur famille exerçant leur droit à la libre circulation

Projet de loi modifiant la loi modifiée du 19 juin 2013 relative à l’identification des personnes physiques en vue de la mise en œuvre du règlement (UE) 2019/1157 du Parlement européen et du Conseil du 20 juin 2019 relatif au renforcement de la sécurité des cartes d’identité des citoyens de l’Union et des documents de séjour délivrés aux citoyens de l’Union et aux membres de leur famille exerçant leur droit à la libre circulation

Dës Ried hunn ech den 07/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant la loi modifiée du 19 juin 2013 relative à l’identification des personnes physiques en vue de la mise en œuvre du règlement (UE) 2019/1157 du Parlement européen et du Conseil du 20 juin 2019 relatif au renforcement de la sécurité des cartes d’identité des citoyens de l’Union et des documents de séjour délivrés aux citoyens de l’Union et aux membres de leur famille exerçant leur droit à la libre circulation” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt d’Piraten kee grousse Frënd si vun der Späicherung vu biomeetre schen Daten, ass, mengen ech, keng Iwwerra schung. Mir hätten et duerfir och léiwer gesinn, datt deemools bei der Aféierung vun der biomeetre scher Carte d’identité decidéiert gi wier, de Bierger innen a Bierger de Choix ze loossen, ob se eng nei elektronesch oder léiwer eng traditionell Kaart wéil ten, mat allen Aschränkungen, déi domadder even tuell verbonne gewiescht wieren, wann een de Choix vun enger net elektronescher Kaart geholl hätt.

Fir d’internationaalt Reese gëtt et jo um Niveau driwwer nach de Pass, wann een deen da gebraucht hätt, wann een dat hätt wéilte maachen. Duerfir be dauere mer e bëssen déi prinzipiell Astellung ze soen: „D’Carte d’identité gëtt par défaut biomee tresch.“ Bref, elo hu mer se, se ass do, et ass Ge setz, et gëtt eng europäesch Direktiv, déi seet: „Et muss méi drop gespäichert ginn.“ An dat setze mer ëm. Dat maache mer dann, well dee Choix gouf de Biergerinnen a Bierger leider net gelooss, wéi dat agefouert gouf, soudatt mer also elo musse ku cken, wéi een dat am beschten ëmsetzt.

An do begréissen ech ganz ausdrécklech, an dat wëll ech awer och hei soen, de Choix vu Lëtze buerg, fir déi Donnéeën, déi op der Carte d’identité herno gespräichert sinn, nëmmen zwee Méint ze halen. Et ginn aner Länner, déi do däitlech méi wäit gaange sinn an déi d’Fotoen, d’Ënnerschrëft an och d’Fangerofdréck däitlech méi laang op staatleche Serveren hale wéi Lëtzebuerg. Dat heescht, mir maachen do schonn eng datespuersam Approche.

Wa mer se zwar och erhiewen, esou läsche mer se wéinstens relativ zackeg.

Mir begréissen, an dat wëll ech och soen, bei deem heite Projet ganz, ganz kloer, datt mer 25 % Nei emissioune vu Carted’identitéen aspueren, an deems mer déi Commune de délivrance sträichen.

Dat ass e Artefakt warscheinlech nach aus Zäiten, wou ee mat Postkutsch a Päerd zwëschent de Ge mengen hin an hiergeridden ass a wou et wichteg war ze wëssen, wéi eng Gemeng dann déi Kaart emettéiert huet. Well u sech ass et jo wierklech just nach d’Commune de délivrance an net méi d’Com mune émettrice.

Et ass jo esou, datt de Staat d’Carte d’identité emettéiert an u sech d’Gemenge se just nach deli vréieren. Dat huet historesch eppes mam Wunnsëtz ze dinn. Dat bréngt awer grad bei enger mobiller Populatioun net méi vill. Duerfir ass dat definitiv ze begréissen.

Mir ënnerstëtzen och d’Entscheedung, datt d’Späi chere vun de Fangerofdréck fir Kanner ënner zwie lef Joer fakultativ soll sinn. Ech denken, datt et sé cherlech méiglech ass, wéi och an der Kommis sioun diskutéiert, datt ee Kanner derzou kritt, hir Fangerofdréck ze ginn, datt déi dat warscheinlech och nach interessant fannen. Et ass awer sécher lech net esou, datt ee muss do méi streng si wéi de Minimum, deen an der Direktiv virgesinn ass. Dofir och hei de Feu vert vun eis.

Och déi nei Formuléierung, déi all Form vun infor mateschem Dispositif, deen d’Identitéit vun enger Persoun an d’Authentizitéit vun enger Demande ga rantéiere kann, aschléisst, onofhängeg vu senger konkreeter Form, dee fënnt eis Zoustëmmung.

Ech weess, dat kléngt elo alles ganz komplizéiert.

Konkreet bedeit dat, datt ee säi PIN nëmmen eemol muss aginn, wann een eng Demande beim RNPP mécht, an net zweemol. Dat ass eng kleng Simplifi cation administrative fir de Bierger an et erméig lecht och, datt de MyGuichet kompatibel gëtt po tenziell mat internationalen Identitéitskaarte wéi zum Beispill enger belscher, eng portugisescher, enger franséischer, eppes, wat iwwregens ënnert dem europäeschen eIDASStandard souwisou scho virgesinn ass.

Aus genau deene genannte Grënn wäerte mir Pira ten deem virleiende Projet hei zoustëmmen, och wa mer, wéi gesot, der Späicherung vu biomeetreschen Date generell kritesch géintiwwerstinn, well mer awer denken, datt deen hei gewielte Wee een ass, deen et engem erlaabt, d’Virgabe vun der EU ëmze setzen, soudatt keng Date méi laang gespäichert sinn, wéi se néideg sinn.

Dat ass fir eis den ausschlaggeebende Punkt an duerfir wäerte mer haut mat Jo stëmmen, dat net, ouni nach dem Rapporter Merci ze soe fir säin de tailléierte mëndlechen, awer och schrëftleche Rap port.

Ech soen Iech Merci.