Header for Projet de loi modifiant l’article L. 222-9 du Code du travail

Projet de loi modifiant l’article L. 222-9 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 25/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant l’article L. 222-9 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat mer haut stëmmen, ass, wéi den honorabele Kol- leeg Baum et elo grad gesot huet, eng Drëps op de gliddege Steen.

Ech widderhuelen net d’Zuelen, déi mer haut schonn eng Kéier héieren hunn, déi och jidd- wereen, dee sech mat deem Thema e bësse méi intensiv auserneegesat huet, en amont hätt kënnen noliesen. Et ass e Clivage do të- schent deem, wat de Mindestloun ass, an deem, wat ee brauch, fir adequat ouni Aar- muts risiko zu Lëtzebuerg ze liewen.

Dëse Clivage maache mer haut ganz e bësse méi zou. Dat heescht awer net, datt mer eis haut sollte felicitéieren, datt mer d’Aarmut bekämpfen. Mir reduzéieren de Risiko fir Aar- mut fir e puer Leit ëm e puer Euro. Dat ass also nach wäit net dee grousse Worf, deen annon- céiert gouf. An et ass och mat deenen zwou anere Mesuren zesummen net e grousse Worf, dee muer Leit virun dem Phenomeen vun de Working Poor beschütze wäert.

Well wien eng Kéier probéiert huet, mam net qualifizéierten, mä souguer mam qualifizéierte Mindestloun eleng ze liewen, mierkt, datt dat zu Lëtzebuerg scho ganz schwéier ass. A wann dann och nach Kanner derbäikommen, spéit s- tens da si mer ënnert der Aarmutsgrenz.

An, ech mengen, dorunner musse mer schaf- fen. Mir mussen dru schaffen, datt mer eben net Almose vum Stat verdeele mussen, mä datt Aarbecht sech lount, datt d’Produktivitéit zu Lëtzebuerg héich genuch ass, datt d’Patrone sech et leeschte kënnen. Well och dat ass haut schonn ugeklongen: D’Patronen, déi dat heite mussen elo retroaktiv verrechnen, déi wäerten, wa mer dat heite bis gestëmmt hunn, op enger décker Rechnung sëtzen, mat där se zwar rechne konnten, se awer net forcement age- plangt hunn. Dat heescht, och hei musse mer eis drop gefaasst maachen, datt dat net bei jiddwerengem esou positiv eriwwergeet, wéi mer dat haut vläicht mengen.

Netdestotrotz ass dat heiten eng Drëps op de gliddege Steen. An alles, wat dozou féiert, fir deem Steen e bëssen Ofkillung ze verschafen, sollte mer notzen. An duerfir wäerte mir dat heite matstëmmen.

Villmools Merci.