Header for Projet de loi modifiant l’article L 2229 du Code du travail

Projet de loi modifiant l’article L 2229 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 09/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant l’article L 2229 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, 2020 war an ass e schwéiert Joer fir vill Betriber an hir Mataarbechter. D’Zuele vu Leit am Chômage sinn an der éischter Joreshallschent massiv geklommen. Do kann een esou schéi schwätzen, wéi ee wëllt, dat ass objek tiv ze constatéieren. Vill Betriber konnte vum Chô mage partiel profitéieren, mee leider huet dat fir vill Leit geheescht, datt se just nach op 80 % vun hirer Pai konnten zréckgräifen. Net déi Leit, déi direkt vum Mindestloun profitéieren. Heifir hat d’Regie rung gesuergt. An ech mengen, datt dat e ganz, ganz wichtegt Signal war.

Mee d’Zuele vun de vergaangene Jore weisen, datt nach ëmmer vill Leit hei am Land zu all Moment kënnen an d’Aarmut ofrutschen. Iwwer 100.000 Leit louchen 2019 ënnert der Aarmutsgrenz an hu sou mat Problemer, mat deem Geld, wat se hunn, wa se es hunn, iwwert d’Ronnen ze kommen. Um Enn vum Portmonni ass halt fir vill Leit nach e bësse Mount, heiansdo och vill Mount iwwreg.

D’Zuele vum 31. Mäerz 2020 weisen, datt iwwer 33.000 Leit hei am Land mam Mindestloun aus komme mussen. Mir Piraten plädéieren derfir, datt de Mindestloun ëmmer mindestens 20 % iwwert dem Seuil vum Aarmutsrisiko géif leien. Wann een den neie Mindestloun hëlt an de Seuil vun 2019, läit de Mindestloun tatsächlech e puer Euro iwwert der Aarmutsgrenz. Brutto! Awer leider nämlech nëm men um Pabeier, well wa mer den Netto kucken, no deem mer d’Steieren an d’Chargesociallen ofge zunn hunn, läit och dëse Mindestloun, trotz Erhéi jung, ënnert der Aarmutsgrenz.

Mir haten dofir och gefrot, datt mer weider Steierer liichterunge fir Leit mam Mindestloun géife kréien an dofir e méi héije Spëtzesteiersaz kéinten notzen, fir dat ze kompenséieren.

Här President, mir verstinn natierlech op där anerer Säit och d’Patronen, déi en extreem schwéiert Joer hannert sech hunn, wa se fäerten, datt méi héich Lounkäschten hinne weider zousetze géifen. Mee dës Erhéijung gëtt et jo nëmmen, well d’Paien déi lescht zwee Joer insgesamt geklomme sinn. Et ass also en Ausgläich fir déi Leit, déi am mannste ver déngen. Et ass keng Indextranche, et ass hei wierk lech eng Erhéijung fir déi Leit, déi am mannste ver déngen. De Mindestloun verdéngen!

Et geet hei drëm, e Retard auszegläichen an d’Schéier zwëschent deene méi décke Salairen an deene méi klenge Salairen net esou séier wuessen ze loossen.

An da kommen ech op eppes, wat de Marc Baum gesot huet a wat d’Fondation IDEA an hirem Rap port geschriwwen huet, an hirem Editorial, pardon. E Patron profitéiert vu besser bezuelten Aarbechts kräften, well en Invest an d’Aarbechterinnen, an d’Aarbechter, an all d’Salariéen ass genau dat. Et ass en Invest! Et ass net nëmmen eng Depense. Wa mer nämlech eis Leit anstänneg bezuelen als Pa tronen, da sinn d’Leit am Betrib méi present, well se sech eeben net och nach domadder beschäftege mussen, wéi se dann um Enn vum Mount de Port monni nach iergendwéi gefëllt kréien nieft hirem Job, well den Job selwer net duergeet, fir d’Enner beieneenzekréien.

A wann d’Leit méi Suen hunn, dann ass dat eng Méig lechkeet, fir d’Relance ze stimuléieren. Dann ass dat vill méi wéi eng Liberaliséierung vun Ëffnungszäiten oder vun anerem ganz, ganz libertärem Geschwätz, wat mer haut héieren hunn. Dat ass tatsächlech eng Mesure, déi direkt der Realekonomie disponibel ass. Et si Suen, déi direkt erëm an Nuddelen, a Gedrénks, an all méiglech primär Besoinsproduiten investéiert ginn. Et ass also warscheinlech déi beschte Method, fir eng Relance économique ze starten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, falls d’Betriber och am neie Joer sollten duerch Corona Problemer hunn, hir Käschten ze decken, hu mer eng Rëtsch Projeten, déi um Instanzewee sinn. Ech hoffen, datt mer déi séier stëmmen. De Mindest loun ze erhéijen ass awer trotzdeem dee richtege Wee, well et hëlleft, d’Leit ofzesécheren, déi mam Minimum mussen eens ginn an dofir oft ganz haart Aarbecht musse leeschten.

An dofir kritt dëse Projet och den Aval vun de Pira ten.