Header for Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Dës Ried hunn ech den 29/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pandemie hält d’Welt ëmmer nach an Otem an duerfir si mer alt nees eng Kéier gezwongen, e weidert Covidgesetz ze stëmmen.

Dir mierkt et, motivéiert fannen ech dat elo net on bedéngt. Ech kéint mech elo opreegen iwwer ver schidden Dispositiounen, mee dat hu meng Virried ner deelweis scho gemaach, dat hu mer déi lescht Wochen, Méint ëmmer erëm gemaach.

Nee, et ginn nëmme ganz wéineg positiv Aspekter vun dësem Projet, a fir déi och direkt virewechze huelen: Et war e wichtege Schrëtt, d’Dispositiounen iwwert d’Coûts non couverts elo direkt bis Mäerz matzeverlängeren, fir de Betraffenen esou e wéineg méi Planungssécherheet ze ginn och, wann dann eng Verlängerung bis Enn des Joers net geschuet hätt.

Unzehuelen, datt d’Ekonomie sech an zwee Méint nees vun der Kris erholl hätt a keng Aidë méi géif brauchen, ass schliisslech méi wéi utopesch. An duerfir a well d’Europäesch Kommissioun … fir di rekt virewechzehuelen, wat de Lex Delles mer näm lech, mengen ech, e Mëttwoch hei op der Plaz ge sot huet, datt dat jo verbuede wär. Ma d’Euro päesch Kommissioun huet glécklecherweis haut kommunizéiert, datt et dann ab elo geet. An duerfir deposéieren ech eng Motioun, fir d’Regierung ze in vitéieren, ze envisagéieren, zäitno d’Lafdauer vun de Bäihëllefe fir ongedeckte Käschte bis den 31.12. ze verlängeren.

Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Da wollt ech awer och nach der Madamm Gesondheetsministesch Merci soe fir déi ganz séier an déi ganz mënsch lech Äntwert op eis Question parlementaire urgente zu der Situatioun mat Portugal. Et gouf haut schonn ugeschwat, Portugal leit am Moment méi staark wéi mir ënnert dem Virus, d’Klinicke sinn iwwerlaf an ech fannen et e grousse Gest an eng grouss Bereetschaft, datt Lëtzebuerg hei mat en gem Land, wat eis awer immens no steet, direkt weist: Mir sinn disponibel, wa gefrot gëtt, dann hël lefe mer. Dat éiert eis alleguerten an ech mengen, datt dat e ganz wichtegt Symbol ass, och fir all déi Portugisen an hir Descendanten, déi hei zu Lëtze buerg liewen.

Ganz frou si mer awer och iwwert d’Tatsaach, datt an der Kommissioun zumindest nach eng Kéier an de Rapport geschriwwe gouf, datt den Dateschutz soll groussgeschriwwe ginn.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Ganz frou si mer, datt d’Kommissioun eis Meenung deelt, datt ee keng Datebank vun de Leit soll schafen, déi sech net impfe loossen.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Mee ganz traureg … Une voix. O!

M. Sven Clement (Piraten). … sinn ech awer, datt eisen Amendement an der Kommissioune esou ein fach ewechgebigelt gouf. Firwat sinn ech traureg? Ma well deen Amendement näischt anescht ge maach hätt, wéi genau dat an den Text ze schrei wen, wat d’Regierung an hir Spriecher dann hei also d’Spriecher vun de Majoritéitsparteien hei, net midd ginn ze betounen, datt mer keng Datebank vun de Persoune schafen, déi sech net impfe loos sen. A well et d’Recht ass vu fënnef Deputéierten, fir en Amendement och an der Plenière anzebrén gen, Här President, hunn ech hei en Amendement, vun direkt sechs Deputéierten ënnerschriwwen, déi nach eng Kéier genau dat fuerderen.

Amendement 1

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. A, Dir kennt awer all Trick!

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten). Fir och op dem Claude Wiseler seng Fro: „Wat ass den Ënner scheed zwëschent deenen, déi net geimpft sinn an zwëschent deenen, déi nach ze impfe sinn?“, ze äntweren: Ech mengen, datt et einfach ass déi, déi nach ze impfe sinn, melle sech fräiwëlleg a soe ganz bewosst an aus eegener Volontéit eraus: „Ech wëll nach op enger Lëscht stoen, fir nach eng Kéier invitéiert ze ginn“; an déi, déi sech net wëllen impfe loossen, ma déi loosse sech och net fräiwëlleg nach eng Kéier op eng Lëscht schreiwen. An ech mengen, genau do ass den Ënnerscheed zwëschent der Fräiwëllegkeet op där enger Säit an enger Ver flichtung op där anerer Säit.

Dat bréngt mech dann awer och weider zu den ne gativen Aspekter vun dësem Projet. Iwwert den Da teschutz hu mer vill geschwat a mir hunn an der Kommissioun nach en zweeten Amendement depo séiert, wou mer awer bereet waren, well mer kom promëssbereet sinn, et elo net zum Vott kommen ze loossen. Ech wëll awer kuerz dorobber agoen, well d’CNPD (ndlr: Commission nationale pour la protection des données) huet an hirem éischten Avis schonn am Dezember gesot, datt 20 Joer Da tespäicherung ze laang wär. D’CSV seet hei, si hätte gären zéng Joer. Ech si ganz éierlech, ech hätt gär eng méi kuerz Frist, mee mir waren an der Kommis sioun esou kompromëssbereet, datt mer zwee, fën nef oder zéng Joer proposéiert hunn.

D’Resultat war: D’CSV war déi eenzeg Partei, déi sech an der Kommissioun kloer fir eng vun deenen dräi Optiounen ausgeschwat huet. D’Regierungs parteien op där anerer Säit waren der Meenung, mir sollte guer net eréischt mat esou Amendementer kommen, well d’Regierung hätt jo versprach, datt et sech géif änneren.

Ma d’Regierung huet eis dat, léif Kolleeginnen a Kolleegen, am Dezember eng éischte Kéier ver sprach. Mir hunn hir gegleeft. D’Regierung huet eis dat eng zweete Kéier versprach am Januar, wou mer d’Gesetz Mouture 1 2021 nach eng Kéier ge stëmmt hunn. An elo versprécht d’Regierung eis et eng drëtte Kéier. Et gëtt esou e schéint Bon mot vum Iesel, dee sech eemol stéisst; ma ech hu mech elo scho fir d’zweete Kéier gestouss an ech wëll mech op kee Fall eng drëtte Kéier stoussen. An deementspriechend kann ech net nach eng Kéier drop waarden, datt d’Regierung eis eppes versprécht, fir et herno net ze liwweren.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). A wa mer dovu schwätzen, mir géife jo keng Datebank vun de Per soune schafen, déi sech net impfe loossen … Esou, wéi et elo am Text steet a wann den Amendement net ugeholl gëtt wouvun een heiansdo hei ausgoe kéint, da steet am Text weiderhin „pour la per sonne à vacciner“.

Wa mer heibannen am Haus géifen e Vott maachen, mir wéilten eng Datebank vun all deene Persounen, déi refuséieren, sech impfen ze loossen ech men gen, den Opschrei wär grouss. Keen heibanne wëllt esou eng Datebank, keen heibanne géif warschein lech fir esou eng Datebank stëmmen, mee wann an engem Gesetz ënner „ferner liefen“ iergendwou e Saz drasteet, deen déi Dier opmécht, dann ass et kee Problem.

A firwat et awer e Problem ass, wëll ech Iech un engem Beispill däitlech maachen. D’Regierung huet iwwert den RNPP (ndlr: Registre national des per sonnes physiques) Zougang zu alle Biergerinnen a Bierger hiren Adressen. D’Regierung huet also eng Lëscht vun all deene Persounen, déi méiglecher weis kéinte geruff ginn, fir geimpft ze ginn well wéi soll se se soss invitéieren? Wa mer elo also eng Datebank hu vun all deene Leit, déi sech impfe loossen, léisst sech trotzdeem nach eng Datebank schafe vun all deenen, déi sech net geimpft hunn, well wann ech zwou Lëschte matenee vergläichen an ech huelen all déi, déi net op där zweeter Lëscht stinn, ma dann hunn ech awer esou eng Lëscht!

Dat heescht, mir mussen an deem nächste Gesetz an do imploréieren ech d’Regierung wierklech, hiert Verspriechen dës Kéier dann ze halen eng kloer Safeguard abauen, datt et net esou wäit komme kann, datt mer Leit oder ganz kloer Lëschten aus dem RNPP zéie vun deene Leit, déi sech net impfe gelooss hunn. Dat wär nämlech e grave Problem.

An dann, firwat ginn déi Daten esou laang gespäi chert? Pharmacovigilance gëtt da gesot. Jo, ech verstinn dat, mee da misste mer awer och bei all Poulet, dee mer kafen, bei all fäerdegem Gebeess am Geschäft quasi eisen Akaf an eng zentral Date bank androe loossen. Well wann et do e Réckruff gëtt, kréien d’Leit och just iwwert d’Medie gesot: „Wann Dir e Produit vun der Chargennummer XY hutt, da mellt Iech wannechgelift.“

Ech hunn et an der Kommissioun gesot an ech soen et hei nach eng Kéier: Mir hunn en Impfpass, an an deen Impfpass gëtt d’Impfdosis oder d’Chargen nummer agedroen, an den Dokter gëtt agedroen. A fir déi Leit, déi mengen, se kéinten hiren Impfpass verléieren, ginn et hautdesdaags dank IT Méiglech keeten, fir dezentral Kopië vun hirem Impfpass ze maachen. Mir hu souguer en DSP (ndlr: Dossier de soins partagé) zu Lëtzebuerg, wou d’Leit hir Imp fung kéinten androe loossen.

Ze mengen, datt mer also en zentrale Regëster vun alle Leit brauchen, déi sech impfe loossen, mat enger Hellewull vun aneren Donnéeën, dat loossen ech net gëllen, well soss brauche mer och en zen trale Regëster vun all Pouletsschnitzel, deen an all Geschäft hei verkaaft gëtt, fir ze verhënneren, datt ee sech do eng Kéier mat Salmonellen ustécht.

An dann, Här President, kommen ech op dee leschte Punkt vu menger Ried, an dat ass Dir wäert Iech et kënnen denken eppes, wou mer scho gëschter driwwer geschwat hunn: Kontrakter, Asiicht a Kontrakter.

D’Europäesch Kommissioun huet haut dann end lech den AstraZenecaKontrakt online gesat. Wien awer elo gemengt hat, e géif wëssen, wéi vill Dosen dann elo misste geliwwert ginn bon, se hunn „the best reasonable effort“ gemaach, fir déi ze verstop pen, well schlussendlech sinn all déi interessant Saache geschwäerzt ginn.

An duerfir reiteréieren ech hei nach eng Kéier d’De mande, déi mer an der Conférence des Présidents gemaach hun, déi och mëttlerweil per Courrier un de Premier an un d’Kommissiounspresidentin von der Leyen weidergaangen ass, datt d’Parlamenter an ech mengen, datt den Arrêt vun de Mëttwoch dat och confirméiert an eis do eng Base légale gëtt dës Kontrakter musse kënne kucken. Et kann net sinn, datt mer op der Place publique iwwer Kontrak ter diskutéieren an datt d’Parlamenter net wëssen, wéi vill Impfdosen zu wat fir engem Präis kaf goufen! Här President, ganz zum Schluss kommen ech dann nach eng Kéier op de Projet zréck. Mir musse méi wäit kucken, mir brauchen endlech e Stufe plang, mir mussen endlech e Wee opweise fir all déi Leit, déi nach ëmmer net kënne schaffen, fir all déi Leit, déi d’Hoffnung net opginn hunn, datt dat hei ten iergendwann eng Kéier eriwwer ass. Mir brau che kloer Pisten, kloer Indicateuren, un deenen ee seng Hoffnung ka festmaachen. Mir kënnen net ëmmer weider am dräiWocheRhythmus hei Geset zer stëmmen, ouni ze wëssen, wéi et duerno wei dergeet. Ech hoffen, d’Regierung huet méi e grousse Plang wéi nëmmen op dräiWochenHori zont, mee wa se deen huet, soll se eis e presentéie ren.

Mir wäerten dat Gesetz aus all deene Grënn, déi ech genannt hunn, net matstëmmen. Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). … erzielt d’Wou recht!

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. Lauschtert no!

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Mars Di Bartolomeo huet d’Wuert, fir Explikatiounen ze

ginn. An hien huet elo eleng d’Wuert.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. „Des personnes à vacciner“, dat sinn déi, déi ze impfe sinn. Nun ass d’Argumentatioun komm vum Här Clement, dass et méi kloer wär, wa mer géife schrei wen: …

(Brouhaha)

„Deen, dee sech net impfe léisst, däerf net an e Fichier erakommen.“ Dat ass en Argument, dat ee ka gëlle loossen. An doppelt gemoppelt hält besser. Ech hunn och Récksprooch mat der Regierung ge

holl. Et ass net, dass mer deen Amendement hei elo einfach ewechwëschen, mee den Engagement ass do, …

(Interruption)

… dass an deem nächste Projet déi Prezisioun kënnt. Dat ass e festen Engagement.

(Interruptions)

Voilà! Wa mer nämlech deen Amendement hei ge stëmmt hätten, gutt, da wär et den 31. kee Relais gi vum Covidsgesetz.

Une voix. Et voilà!

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. Punkt!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Di Bartolomeo , fir déi Prezisioun. An da ginn ech d’Wuert dem Här Sven Clement fir Fait personnel.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Als Éischt emol froen ech mech, a wat fir enger Prozedur den Här Mars Di Bartolomeo hei d’Wuert ergraff huet, well och als éischte Vizepresident vun dësem héijen Haus misst ee wëssen, datt een net einfach esou ka schwätzen.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. Par don! Pardon! De Rapporter ka jidderzäit …

M. Sven Clement (Piraten). Wien huet d’Wuert, Här President?

M. Marc Baum (déi Lénk). De Vott ass ofge schloss! De Vott ass ofgeschloss!

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Clement huet d’Wuert …

M. Sven Clement (Piraten). … a soss keen. Merci, Här President.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. De Vott iwwert d’Gesetz ass net ofgeschloss.

(Interruption)

M. Fernand Etgen, Président. De Vott huet nach net ugefaangen. Den Här Clement huet nach kuerz d’Wuert, …

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. Pardon!

M. Fernand Etgen, Président…. fir wéinst Fait personnel op dat ze reagéieren, …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… wat den Här Rapporter virdru gesot huet.

(Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten). Ben, en huet sech net als Rapporter gemellt, well en huet, mengen ech, hei als President vun der Santéskommissioun geschwat, wat liicht en anere Posten ass, och wann een zwou Kapen unhuet.

(Exclamations)

Mee dovun emol ofgesinn.

(Interruptions)

Merci fir de Fait personnel, well Dir hutt mech na mentlech erwäänt. Ech fannen dat doten eng ganz grob Deenung vun der Wourecht. An ech soen och, firwat. Ech hunn deen Amendement matzäiten an d’Kommissioun abruecht. En hätt kënne gestëmmt ginn an der Kommissioun, ier de Staatsrot en Avis ofginn hätt. Mir hätten also net dat Argument kënne gëlle loossen, datt mer hei op Zäit spillen. Tout au contraire ware mir konstruktiv, kompromëssbereet a mir hunn e matzäite proposéiert, fir datt keen De lai géif opkommen.

Datt et zu engem Delai kéint kommen, dat huet de President vun där Kommissioun ze verantworten, well en deen Amendement partout net wollt stëm me loossen. Dont acte!

Dat Zweet ass: Et kann ee sech zu eppes engagéie ren, mee da kann een et och stëmmen. A wat déi In terpretatioun vun deem „personne à vacciner“ ugeet, do sollen d’Leit sech dobaussen hiert Bild maachen, wien do warscheinlech méi Recht huet. Ech weess op alle Fall, datt meng Meenung do eng ganz kloer ass an de Rapporter do eng aner huet. Dont acte!

3.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Dat, wat d’Madamm Hartmann elo grad gesot huet, ass „same, same but different“ vun deem, wat de Minister e Mëttwoch gesot huet.

E Mëttwoch war d’Argument: „Et ass verbueden.“ Bon, dat Argument ass säit haut net méi méiglech. Elo gëtt gesot: „Mir wëssen net, wat kënnt.“ Ma ge nau dowéinster, well mer net wëssen, wat kënnt, sollte mer eis d’Moyene ginn, et an d’Gesetz ze schreiwen an ech soen net emol, an d’Motioun, se sollen et an d’Gesetz schreiwen. Ech invitéieren d’Regierung, explizitt ze envisagéieren, zäitno d’Laf dauer bis den 31.12. ze setzen. Dat ass nach net emol ze soen: „Maacht et muer!“ Et ass just: „Maacht et zäitno, fir datt déi Leit, déi vun dëser Mesure betraff sinn, gehollef kréien!“

An et ass eng wichteg Mesure. A mir hu se hei mat gestëmmt, datt mer deene Leit d’Méiglechkeet ginn, fir Planungssécherheet ze kréien. Grad an on gewëssen Zäiten ass all Grëtz Planungssécherheet hëllefräich. Wann de Virus virdru bekämpft ass, tant mieux, da musse se déi Aide net ufroen.

Wa mer awer bis Enn des Joers déi Aiden nach brauchen, da géife mer eis domadder d’Basis ginn. Ech bieden d’Regierung ze envisagéieren. Wann d’Majoritéit net emol méi kann eppes stëmmen, wou d’Regierung invitéiert gëtt ze envisagéieren, eppes ze maachen, bon, da weess ech net méi, wat mer hei nach iwwerhaapt duerchkréien.

(Brouhaha)

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci fir déi uree gend Diskussioun. Wou ech awer der Madamm Beissel net ka Recht ginn et wäert si net wonne ren, datt ech hir net ka Recht ginn, dat ass éisch tens emol: Wa mer en Datum drasetzen, wa mer elo Mäerz drasetzen, ma da musse mer am Abrëll spéitstens reagéieren a mir musse verlängeren, wann et néideg ass. Wa mer Dezember drasetzen, kënne mer et och duerno nach eng Kéier verkierzen, dat wär och méiglech.

Mee kommt mir sinn éierlech, Dir wëllt dat doten net stëmmen, dat ass Äert gutt Recht, dat ass an enger Demokratie esou. Ech kann och domadder liewen, datt mir an der Oppositioun sinn an ech kann domadder liewen, datt och heiansdo gutt Id dien dem parteipoliteschen Zwang geaffert ginn.

Dat gesot, mengen ech, datt Der e bësse kuerz ge kuckt hutt, well eng Ligne de conduite gesinn ech am Moment net. Ech gesinn am Moment en Ad hocVerfaren, ech gesinn am Moment ëmmer erëm kuerzgestéckelt Gesetzer, déi de Leit genau dat huelen, wat se dréngendst bräichten, wa se an der Incertitude sinn: nämlech Planungssécherheet. An et wär besser, mir géife laangfristeg plangen an de Leit domadder grad deene klengen a mëttelstän nege Betriber e bësse Garantië ginn, amplaz datt mer hei all dräi Méint oder wéi an der Santé all dräi Wochen ëmmer erëm iwwert dat nämmlecht disku téieren.

Wéi ech virdru sot, „same, same but different“ dat ass e bëssen de Problem. Mir kéinten hei definitiv e grousse Jet maachen, Bréissel erlaabt et. D’leschte Kéier krut ech gesot: „Et geet net, well Bréissel et verbitt.“ Dës Kéier kréien ech gesot: „Et geet zwar, mee mir wëllen et net.“ Ma dat ass wéinstens éier lech!

5.

M. Sven Clement (Piraten). Dir hutt de Choix: „Parole après ministre“ oder „Fait personnel“ oder als Auteur vun der Motioun …

M. Fernand Etgen, Président. Kommt zur Saach, Här Clement!

M. Sven Clement (Piraten). Majo, da kommen ech zur Saach, well ech hu mer jo elo hei missen e magistrale Cours unhéieren, vu weegen ech wéisst net, wéi eng Reegelen et sinn.

(Brouhaha général)

Majo, ech weess net …

M. Fernand Etgen, Président. Wannechgelift! Den Här Clement huet d’Wuert!

M. Sven Clement (Piraten). Ech fannen et op alle Fall … Ech aktéieren haut, datt d’liberal Partei heibannen de Patronen ënnerstellt, an der Form vun hi rem ClassemoyennesMinister de Patronen ënner stallt huet, datt si wéilten zouloossen, wa si kéinten opmaachen, fir 10 % …

M. Lex Delles, Ministre des Classes moyennes. Dat ass net wouer dat do! Dat do ass gelunn! Dat ka jiddwereen nolauschteren!

M. Sven Clement (Piraten). Dat hutt Dir gesot!

(Brouhaha général)

Une voix. Esou zwar net!

M. Georges Engel (LSAP). Wien hëlt et hei net eescht mat der Wourecht? Wien hëlt et hei net eescht mat der Wourecht?

M. Fernand Etgen, Président. Ech mengen, mir kënnen elo zum Vott vun dëser Motioun vun de Pira ten kommen.

Vote sur la motion 2

Fir d’éischt déi perséinlech Stëmmen.

M. Georges Engel (LSAP). Iech ass en Urteel an de Kapp geklommen!

M. Sven Clement (Piraten). Här Engel, wannech gelift, mir kënnen hei och ouni AdhominemAtta cken eens ginn!

(Brouhaha général)