Header for Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière;3° la loi du 23 septembre 2020 portant des mesures concernant la tenue de réunions dans les sociétés et dans les autres personnes morales

Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière;3° la loi du 23 septembre 2020 portant des mesures concernant la tenue de réunions dans les sociétés et dans les autres personnes morales

Dës Ried hunn ech den 29/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière;3° la loi du 23 septembre 2020 portant des mesures concernant la tenue de réunions dans les sociétés et dans les autres personnes morales” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol wollt ech ganz kuerz nach dem Här Engel an Erënnerung ruffen, datt et, an dat huet e jo elo déi lescht Minutte gesinn, méi wéi eng Oppositiouns partei gëtt an datt een an Zukunft vläicht, wann ee vun der Oppositioun schwätzt, dat dach e bësse méi differenzéiert ka maachen, wéi just vun enger Partei ze schwätzen.

Dann direkt déi zweet Äntwert, déi geet un den honorabele Kolleeg Jeff Engelen, deen hei dach tatsächlech vun 90 % falschen Tester fabuléiert huet. Ech weess net, vu wou en déi Zuel huet, wéi en dorobber kënnt oder wat e virdru gedronk hat, wéi e se sech zurechtgesponnen huet, mee ganz éierlech, et ass lächerlech!

(Brouhaha et coups de cloche de la présidence)

Wa mir hei am héijen Haus mat esou offensichtle che Falschnouvellen erausginn an dann iergendeen dobaussen tatsächlech nach kéint mengen, dat wär richteg, ass dat irresponsabel! Dat ass quasi schonn de Geck mat de Leit gemaach. Ech denken, datt mer do wierklech sollten eis heibanne mat en ger gewëssener Retenue üben. Well gitt emol eng Kéier an e Spidol kucken an da sot den Dokteren, 90 % vun den Tester wäre falsch. Déi wäerten Iech scho soen, wou déi 90 % richteg Tester leien!

An da vläicht eng Nott perséinlech. An nee, Här Kartheiser, ech ginn Iech net d’Recht, eng Fro ze stellen, well ech hunn den Här Engelen adresséiert an net Iech. Dee ka sech sécher selwer verteide gen.

An dann, Här Engelen, firwat dot Der eng Mask un, wann Der mengt, de Virus géif net existéieren?

Une voix. Dat huet e jo net gesot.

M. Sven Clement (Piraten). Bref. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat aus der Welt ge schaaft, merci Här Rapporter fir de Rapport. Merci awer och all deenen, déi gehollef hunn, datt dee Rapport zustane koum.

Mir haten eng ganz konstruktiv Zesummenaar becht an där Kommissioun. An och wann een um Schluss net alles matdréit, wat an deem Rapport steet oder am Gesetz steet, heescht dat net, datt net jiddweree vun eis säi Bescht gemaach huet, fir datt et e bessert Gesetz soll ginn. Well mir hunn als Chamber eng Responsabilitéit ze iwwerhuelen a mir mussen zesummen eist Beschtméiglecht maachen, fir eist Land a seng Mënschen esou gutt et geet duerch dës Kris ze begleeden.

Eist Bescht ass sécher net, der Regierung einfach nozelafen, mee natierlech och net, reng polee mesch an onkonstruktiv Kritik ze üben. Eist Bescht ass och sécher net, näischt ze maachen. Wat ge schitt, wann een ze laang hesitéiert, hu mer an de leschte Woche gesinn. D’Regierung huet d’Vollek fir divers Pressekonferenze virun d’Tëlee geruff, just fir dann ze soen, datt keng nei Mesurë ge braucht géife ginn. An elo sinn awer Mesuren néi deg.

Dat war kloer e Kommunikatiounsfeeler. D’Regie rung huet ze spéit reagéiert, well wann ee sech op d’CoronastepEtüde berifft, da gesäit ee schonn am September, datt mer um Niveau vum Juni/Juli ukomm waren. Net am Oktober, am September! Dat heescht, mir hätten éischter kënne reagéieren. Mir hätten éischter misse reagéieren. An trotzdeem sollte mer eis net mat der Vergaangenheet be schäftegen, mee domadder ze kucken, wéi mer duerch déi Well hei duerchkommen.

An do kommen ech dann och op de Fong vun dësem Text. Den Text ass séier gestréckt gi mat der waarmer Nol, mat der ganz waarmer Nol. En ass ganz anescht haut wéi dat, wat e war, wéi en hei erakomm ass. Firwat? Well de Staatsrot, mee och d’Chamberskommissioun hir Aarbecht ge maach hunn. Well se Feeler verbessert hunn, deel weis grondrechtswiddreg Aschränkungen nach op gehuewen hunn.

Ech fannen eng ganz Rëtsch vun de Mesuren an deem Text gutt. A léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech maache keen Heel dorauser, datt deen Text mat enger Ausnam d’Zoustëmmung vun de Piraten fënnt. Mir hu scho virun dräi Woche proposéiert, datt mer sollten d’Zuel vun de Visiteuren doheem erofsetzen. Mir hu schonn am Abrëll hei op der Tri bün gesot, mir sollten eng Begrenzung an de Grandesurfacen op Basis vun de Meterkareeën huelen. Zwou Mesuren, déi elo am Text stinn.

Erwaart also net vu mir eng ganz ondifferenzéiert Kritik hei un deem Text. Mee, an dat muss een och soen, eis feelt eppes an deem Text. Et feelt eis dran, kohärent ze sinn. Et feelt eis dran, fir engersäits net nëmmen d’Privattreffen ze limitéieren an e Couvre feu ze verhänken, mee och d’Diskussioun iwwert den ëffentlechen Transport, iwwert d’Schoulen nach eng Kéier, d’Maisonrelaisen, well grad dat si Plazen, wou méi wéi zéng Leit zesummekommen. Dat sinn déi Plazen, wou mer d’Distanciation physique och nach ophiewen zu engem groussen Deel. Do musse mer usetzen, well, an dat sollte mer net verheemle chen, mir wëssen alleguerten, datt d’Ustiechungen haut iwwerall geschéie kënnen.

An ech verweise vläicht och do op en interessan ten Artikel vun der „El País“, déi elo eng Studie couvréiert huet, wéi ee sech an engem Raum duerch d’Aerosollen ustieche kann, ofhängeg vun deene verschiddenen Zenarien. A jo, och do, an dat kann ech zouginn, huet d’Regierung Recht gehat, wéi se gesot huet: „Lëft!“ Well dat reduzéiert effek tiv d’Infektiounszuelen. Mee d’Studie weist awer och, datt dat net duergeet, datt eng Maskeflicht zum Beispill awer néideg ass, fir zesumme mam Duerchzuch derzou ze féieren, datt d’Leit sech manner ustiechen.

Wat d’Zich an d’Bussen ugeet, hätt misse vun Ufank u méi konsequent op méi héich Capacitéite gesat ginn. Jo, net iwwerall ass et méiglech. Mee do, wou et méiglech ass, soll et gemaach ginn. Et muss och d’Personal an deem ëffentlechen Trans port besser geschützt ginn. Do gouf et Versäum nisser. Ech mengen, et gouf elo grad geschwat vun Desinfektiounsgel. Dat si Saachen, do kéint de Staat als deen, deen den RGTR ausschreift, natier lech Afloss huelen.

Leider hu mer awer d’Gefill, datt mer hei generell net wierklech weiderkommen. Mir brauchen iwwer all méi Leit, méi Material, méi Ressourcen. Res sourcen, Material, Personal, wat deelweis net do ass. A firwat ass et net do? Ma well mer eis net laang genuch preparéiert hunn. An och dat gouf scho vu Kolleegen hei gesot.

Mir hätten eis éischter kéinte preparéieren. Mir hät ten eis éischter misse preparéieren, um reglemen taire Wee, um legale Wee, awer och ganz einfach um logistesche Wee.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Kon takter gesetzlech op véier Persounen ze limitéieren ass gutt. Mee wie sech an der Vergaangenheet net un d’Limitatioun vun zéng Visiteure gehalen huet an illegal Partyen am Bësch organiséiert huet, wäert sech elo och net vun enger Limitatioun vu véier dovunner ofhale loossen, an iwwregens och net vun enger ominéiser Ausgangsspär, déi d’Re gierung sech offensichtlech bei eisen Noperen of gekuckt huet, ouni ze evaluéieren, wat esou eng Aschränkung bedeit a wat fir en Notze se bei eis kann hunn. Well op d’Fro, wéi eng wëssenschaft lech Basis eng Ausgangsspär dann hätt, war d’Änt wert: „Et gëtt keng wëssenschaftlech Evidenz, well d’Kris ass jo esou nei. Mir mengen, datt dat dat Richtegt ass.“ An dat hu mer och bei de Riede vun der Majoritéit haut héieren: „Mir hoffen, datt dat heiten déi richteg Mesure ass.“

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir geet dat net duer. Mir geet et net duer, Grondrech ter anzeschneiden um Prinzip Hoffnung. Ech er waarde mer, datt et, wann een esou eng incisiv Moossnam hëlt, Fakte gëtt derfir. Net Héieresoen, net e Bauchgefill, net eng Stëmm aus dem Himmel, net eng Tablett, déi een op iergendengem Bierg fonnt huet, nee, wëssenschaftlech Fakten.

An duerfir, Här President, wäert et Iech net wonne ren, datt mer den Artikel 3 aus dësem Gesetz, deen d’Ausgangsspär wëllt aféieren, net wëlle matdroen. An ech iwwerreechen Iech eng Demande, fir eng Division de vote ze maachen. Wannechgelift.

(M. Sven Clement dépose une demande de vote sé paré sur l’article 3 du projet de loi n° 7683)

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Domadder kënne mir nämlech engersäits den Artikel 3 ofleenen a falls sech eng Majoritéit géif fannen et kann ee jo ëmmer hoffen, esou wéi d’Regierung dat mécht , da kéinte mer dee ganze Rescht vum Projet mat droen. Ech hunn awer selte wéineg Hoffnung derfir. Insgesamt froe mer eis awer och, ob d’Regierung sech bewosst ass, wat fir Konsequenzen et fir Kulturschafender, kleng Commerçanten an d’Ho reca huet, wa si keen offizielle Lockdown mécht an de Leit trotzdeem réit, just nach déi Kontakter ze hunn, déi onbedéngt néideg sinn.

Soulaang et keen offizielle Lockdown gëtt, wäerten Independanten a Betriber keng nei Ënnerstëtzung kréien, obwuel déi ministeriell Recommandatiou nen dem potenzielle Client ganz kloer soen: „Bleif doheem!“ Wéi solle Restauranten, Theateren an Muséeë gefëllt ginn, wann d’Leit just nach hir es senziell Deplacementer solle maachen? Dat geet net.

Hei kann d’Regierung elo net maachen, wéi wann alles an der Rei wär an ee ganz normal sengem Geschäft weiderhi kéint nogoen. D’Opfuerderung, doheem ze bleiwen, muss, offizielle Lockdown hin oder hier, vun der Bereetstellung vu gewëssen Aidë begleet ginn, soss loosse mer all déi Leit, déi sech an hire Commerce esou just nach duerch de Lock down gerett kruten, an dëser Well erdrénken.

Mir deposéieren awer, well mer en zweete Mangel gesinn hunn, haut och nach eng Motioun; eng Motioun, déi drop insistéiert, datt mer e klenge Mëssel behiewen. Dee klenge Mëssel ass awer fir vill Leit e grousse Mëssel, well et ass esou, datt am Chô mage partiel virgesinn ass, datt ee seng Demande fir den November bis den 12. Oktober muss age reecht hunn. Den 12. Oktober, Dir erënnert Iech, léif Kolleeginnen a Kolleegen, huet nach kee vun dësen neie Mesurë geschwat. Den 12. Oktober ass also laanschtgaangen an eng ganz Rëtsch vu Betriber hu keng Demande gemaach; Betriber, déi awer elo no Ausso vum Aarbechtsminister dierfte vum Chô mage partiel profitéieren, well se jo éischter zou maache mussen.

Duerfir deposéieren ech eng Motioun, déi ver laangt, d’Areeche vun der Demande fir de Chômage partiel fir de Mount November bis op den 12. November ze verlängeren. D’Regierung kann dann hei déi néideg Mesuren huelen, falls dat d’Zou stëmmung fënnt.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, ech hoffen, et ass mer gelongen, däitlech ze maachen, datt eist Land trotzdeem virun enormen Erausfuer derunge steet, och wann d’Analys, wéi ee se ugeet, ënnerschiddlech ass. Et gi sanitär Problemer an de Schoulen, am ëffentlechen Transport, an d’Horeca kämpft dobaussen ëm hir Existenz. An alles, wat mir hei virleien hunn, fir der aktueller Situatioun Här ze ginn, ass eng fir eis inakzeptabel Ausgangs spär an eng Limitatioun vun der Unzuel u Persou nen, déi sech privat däerfen treffen, déi ze laang op sech waarde gelooss huet an déi eleng einfach net duergeet.

Wann d’Regierung weiderhin d’Ae virun de Brenn punkten an eisem Land verschléisst, kéint dës In fektiounswell eis nach vill méi schwéier treffen. Et kéint aus der Well en Tsunami ginn.

Ech soen Iech Merci.

3.

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Clement wëllt dorobber reagéieren.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident, datt Der mer d’Wuert nach eng Kéier gitt. Ech hu mat kengem Wuert insinuéiert, datt den Här Engelen hei viru senger Ried gedronk hätt.

(Brouhaha)

Ech hunn eng Tournure de phrase benotzt, …

(Coups de cloche de la présidence)

… an déi huet sech op d’Schreiwe vu senger Ried bezunn, wat eppes ganz anescht ass wéi hei sur place, bref.

Dat Zweet ass: Den Här Kartheiser huet elo grad vu Meenungen iwwer Fakte geschwat. Ech fannen näischt méi geféierlech, wéi wann dëst héicht Haus der Meenung wier, datt Meenungen an der Wëssenschaft méi héich ze bewäerte wäre wéi Fakten. Well Wëssenschaft baséiert op Fakten an net op Meenungen, a mir géife gutt drun doen, an dat hunn ech a menger Ried och méi wéi eng Kéier gesot, eis op wëssenschaftlech Fakten ze beruffen an net op e Bauchgefill oder op Meenungen.