Header for Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Dës Ried hunn ech den 24/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen: „Fir ze wëssen, ob eng Mesure gräift oder net, brauch et mindestens 14 Deeg an eigentlech souguer éischter dräi Wochen.“ Wiem dat Zitat bekannt virkënnt, ma deen ass net eleng, dat ass en Zitat, wat mer vu Regierungssäit déi lescht Wochen a Méint ëmmer erëm héieren hunn, wann et ëm nei Mesurë goung, ëm d’Ofschafe vu Mesuren, ëm d’Aféierung vu Mesuren.

Ab haut gëllt dës Reegel net méi! Eréischt d’lescht Woch gouf heibannen iwwer eng Adaptatioun vum Covidgesetz gestëmmt an haut si mer nees hei. Et gëtt also net emol méi ofgewaart, wat déi neist Mesurë fir en Impakt hunn, éier nogeschoss gëtt. An ech verstinn dat. Wann een nämlech bewosst derlaanschtgeschoss huet, da muss een och net bis bei d’Zilscheif lafe fir ze kucken, ob ee getraff huet.

Et konnt weeder nogewise ginn, datt de Couvrefeu iergende signifikanten Impakt op d’Infektiounsge schéien zu Lëtzebuerg hat, nach datt d’Aschränkung fir den Horeca iergendeppes Fundamentales un der Unzuel vun eisen Neiinfektioune geännert hätt. An datt d’Regierung net mengt, datt se mat den Dispo sitioune vun der leschter Woch, fir Hygièneskonzep ter fir grouss Geschäfter anzeféieren, Beem aus rappe kéint, kann ech mer denken.

Et gouf gewaart, bis de Black Friday laanscht war, bis d’Leit all hir Chrëschtkaddoe kaf haten a bis d’Schoul an d’Gesondheetspersonal esou wäit u seng Grenze koum, datt et Problemer gouf, fir all d’Tâchen nach ze assuréieren.

Mee elo, wou d’Schoulvakanz ugeet, d’Feierdeeg do sinn a vill Leit souwisou Congé geholl hunn, fir bei sech doheem, bei hirer Famill ze sinn, elo gëtt duerchgegraff. Et soll jo kee soen, et hätt een näischt gemaach. Fakt ass awer: Dës Mesurë komme vill ze spéit a sinn d’Resultat vun enger Politik, déi alles aneres wéi previsibel war.

D’Regierung seet gären: „Wann de Virus eis eppes geléiert huet, dann, datt en eis ëmmer nees iwwer rasche kann. Mir wëssen ni, wat kënnt, a mussen da spontan reagéieren“, et cetera, et cetera. Ech mengen, Dir verstitt, wat ech mengen. Mee dëse Vi rus dominéiert eist Liewen dach net eréischt säit gëschter!

(Interruption)

Vun engem richtege Lockdown bis hin zu ganz ville Fräiheete mat just e puer punktuelle Restriktiounen hu mer an de leschte Méint déi verschiddenst Ze narien duerchgespillt. Wat hält eis elo dovun of, en anstännege Stufeplang auszeschaffen, dee kloer festleet, wéini wéi eng Mesuren opgrond vu wéi engen Zuelen declenchéiert musse ginn?

D’Unzuel un Infektiounen an der Populatioun, den Taux de reproduction an d’Auslaaschtung vum Ge sondheetssystem sinn Indicateuren, mat deene mer d’Verbreedung vum Virus verfollege kënnen. Firwat reagéiere mer da just aus dem Bauch eraus a baséieren eis Decisiounen net op genee dës Zue len?

Insgesamt hunn ech hei nämlech d’Gefill, datt d’Regierung de Bezuch zu wëssenschaftlech fun déierten Decisiounen an de vergaangene Méint ëm mer méi opginn huet.

Weeder zum Couvrefeu nach zu de Mesurë fir den HorecaSecteur an den Eenzelhandel konnt eis an der Gesondheetskommissioun eng anstänneg Ar gumentatioun presentéiert ginn. Einfach e puer Etüden erauszepicken, déi engem geleeë kommen, well d’Resultater der eegener Iwwerzeegung ent spriechen, ass keng anstänneg wëssenschaftlech Recherche an domat keng Basis fir wichteg poli tesch Entscheedungen. An dat scho guer net, wann dann och nach absurd Fallbeispiller benotzt ginn, aus deenen d’Resultater sech net einfach op Lëtze buerg iwwerdroe loossen, wéi dat beispillsweis de Fall war bei der Etüd iwwert d’franséisch Guyane, déi eis viru Kuerzem fir d’drëtt virgeluecht gouf. An och d’CONCORStudie, déi schonn erwäänt gouf, huet sech u sech op eng anekdotesch Evidenz ba séiert an net op eng propper wëssenschaftlech Re cherche.

Wann e Student op der Uni eng Aarbecht géif ofginn, an där e seng Thees wëssenschaftlech esou géif ënnermaueren, wéi d’Regierung hir Covid mesurë rechtfertegt, ma dann, léif Kolleeginnen a Kolleegen, da géif e riicht duerchfalen!

Wa mer net endlech ufänken, eng Politik ze maa chen, déi faktebaséiert an novollzéibar ass, dann däerfe mer eis net wonneren, wann d’Leit ufänken d’Flemm ze kréien a sech net méi un d’Mesuren ha len.

Ech sot et schonn d’lescht Woch an ech muss et leider haut nach eemol soen: Keen hält sech gären u Mesuren, déi en net versteet. Huele mer d’Adaptatioun vun der Auerzäit fir de Couvrefeu! Kee weess, wat dës Restriktioun bis elo bruecht huet, a kee weess, firwat se soll verschäerft ginn. Souguer de Conseil d’État freet sech, wat ee mat dëser neier Dispositioun wëllt gewannen, wa gläichzäiteg nach eng ganz Rei aner restriktiv Me surë geholl ginn. Kee versteet et. Trotzdeem soll sech dru gehale ginn.

Wann dat der Regierung hir Politik ass, dann hu mer hei am Land nach vill méi e grousse Problem, wéi ech geduecht hunn.

Ech fir mäin Deel wéilt léiwer an engem Staat wun nen, an deem d’Leit a politesch Entscheedungen abezu ginn a wou et ënnerstëtzt gëtt, datt d’Bierger sech hir eege kritesch Gedanke maachen. Mee dës Regierung decidéiert léiwer eleng. Ze vill Géige wand ass do net erwënscht.

Do sollt ech mech wuel och net wonneren, datt d’Regierung souguer probéiert huet, en Abschnitt iwwer eng Obligatioun zur Denunziatioun an dësem Text ënnerzebréngen, mee ech muss soen: Ech war trotzdeem schockéiert! Ech kéint et elo maache huet. wéi de Marc Baum virdru sot a „schockéiert“ nach e puermol widderhuelen, mee et war wierklech eng komesch Dispositioun.

Wéi sote se schonn um Enn vum 19. Jorhonnert an iwwregens war dat d’Zäit an Däitschland vun de sougenannte „Sozialistegesetzer“, wéi se ganz Par teie wollte verbidden a wou eebe grad Disposi tiounen zum Denunziantentum sech an de Geset zer an Däitschland erëmfonnt hunn? Do sote se an enger sozialistescher Zeitung: „Verpestet ist ein ganzes Land, wo schleicht herum der Denunziant.“

Selbstverständlech sollen d’Leit sech un d’Qua rantänen an d’Isolementer halen! An et ass och wichteg, datt et Strofe gëtt fir déi Leit, déi géint d’Gesetz verstoussen! Mee dat ass eng Saach fir d’Police an d’Justiz an net fir all eenzelne Staats beamten an employé!

Ech ka mech erënneren, datt de Premier an enger Pressekonferenz, an där et ëm d’maximal Unzuel u Visiteuren, déi ee wärend der Covidkris empfänken däerf, gaangen ass, ganz däitlech gesot huet, hie wéilt net an enger Gesellschaft liewen, an där Nopere sech géigesäiteg verrode géifen.

Ma, Beamten a Staatsemployéë sinn dach och Noperen! Oder hätt dat net gegollt fir Noperen? Sou ganz sinn ech aus där Dispositioun souwisou net schlau ginn.

Ech freeë mech dofir, datt dës Denunziatiounsdis positioun nach gëschter aus dem Gesetz gestrach konnt ginn, wëll awer ze bedenke ginn, wéi wäit d’Regierung hei bereet gewiescht wär ze goen, fir hir inkohärent Mesuren duerchzesetzen.

Wann et der Regierung net méi geléngt, datt sech d’Leit un d’Mesuren halen, da läit dat dorun, datt d’Leit d’Mesuren net verstinn. Wat et da brauch, ass eng besser Politik a Kommunikatioun, an net d’Aféie rung vun enger autoritärer Denunziatiounskultur.

Fir trotz der inkohärenter Politik aus de vergaangene Wochen der Situatioun elo nach Här ze ginn, wäer ten eng ganz Rei Commercen hir Dieren no de Chrëschtdeeg fir eng Zäitchen zoumaache mussen. Just nach Wueren a Servicer, déi als essenziell age stuuft ginn, wäerte kënnen ugebuede ginn. An och d’Galerien an d’Muséeë mussen zäitweileg zoumaa chen.

Wat et fir eng Gesellschaft heescht, wa Muséeën, Theateren a Galerien zougemaach kënne ginn, wärend de Verkaf vun Tubak an EZigaretten als es senziell an domadder als onverzichtbar fir de gudde Fonctionnement vun der Gesellschaft age stuuft muss ginn, wëll ech dobäi guer net weider verdéiwen, grad an Zäite vun enger Longekrank heet!

Villméi wëll ech hei kuerz op d’Fro agoen, firwat elo och ganz vill kleng Commercen, déi an de ver gaangene Méint exemplaresch all d’Hygiènesme suren agehalen hunn, mussen zoumaachen. Ganz vill Patronen hu vill Suen investéiert an Trennwänn, Desinfektiounsmëttel a Masken, hunn d’Unzuel vun hire Clientë limitéiert an esou en Hygièneskonzept opgestallt, wat funktionéiert a wat bis viru Kuer zem an de Grandesurfacen einfach net do war! Mee dat ass elo ganz egal: Si mussen awer zou maachen, ob hire Commerce eng reell Gefor duer stellt oder net.

Dat trëfft dës Leit schwéier. An dat virun allem, well se sech no der Gesetzesännerung vun der leschter Woch net erwaart haten, datt sech d’gesetzlech Dispositiounen esou séier nees géifen änneren. D’Wirtschaft brauch Planungssécherheet. An dofir brauche mir, wéi ech et jo schonns sot, e Stufeplang, deen och de Geschäftsleit eng Orien téierungshëllef ass.

Well dëse Lockdown vill Betriber onvirbereet getraff huet, begréisse mir et, datt mer mat dësem Gesetz awer och gläichzäiteg Mesurë fir gewëssen Aidë getraff hunn. An, Här President, ech wëll awer an deem Kontext nach eng Kéier drun erënneren, datt mir der Meenung sinn, datt de Seuil vu 40 % bei der Aide fir d’Coûts non couverts op 30 % misst erofgesat ginn, fir eise Betriber duerch dës Kris ze hëllefen.

Dëst Gesetz enthält awer net nëmmen nei Dispo sitiounen am Kampf géint d’Ausbreedung vum Virus, mee reegelt och, wéi eng Date bei den ustoenden Impfungen erhuewen a gespäichert solle ginn. Besonnesch spektakulär dobäi ass de Fait, datt vun all Persoun, déi sech impfe léisst, wärend 20 Joer solle perséinlech Date gespäichert ginn „dans une optique de protection des personnes vaccinées sur le long terme“! Dobäi ass et alles anescht wéi kloer, datt et hei wierklech ëm de Schutz vun deene geet, déi geimpft goufen!

Sollt sech erausstellen, datt gewësse Symptomer bei geimpfte Persounen eréischt no 15 oder 20 Joer optrieden, da kéint dat e Grond sinn, fir zu deem Zäitpunkt d’Impfungen anzestellen oder den Impfstoff ze änneren. Mee dës nei Erkenntnis géif deene Persounen, déi jo scho geimpft goufen, häerzlech wéineg hëllefen! Mir stinn hei also vill méi enger Situatioun géintiwwer, an där et drëms geet, d’Rechter vun enger Grupp vu Mënschen zum Notze vun aneren anzeschränken. Mir beschneiden d’Recht op Privatsphär an Dateschutz vun deenen, déi geimpft ginn, fir d’Wuel vun deenen, déi nach net geimpft sinn a wësse wëllen, wéi den Impfstoff laangfristeg wierkt. Esou eppes ass aus eethe scher Perspektiv net ouni Weideres ze rechtferte gen! An hei muss een oppassen, datt d’Mënschen net zu blousse Mëttele fir d’Erreeche vun engem Zweck degradéiert ginn.

Mee souguer wa mer kuerz unhuelen, datt et zum Wuel vun allen am beschte wier, datt d’Daten 20 Joer ze späichere wären an ech hu meng Zweifel, datt dat d’Resultat vun enger anstänneger rechtle cher an eethescher Analys wier, hätte mer e wei dere grousse Problem: Mir kéinte mat dësen Informatiounen eleng guer näischt ufänken. Nëmme wann och gewosst wär, wat fir Symptomer an de kommenden 20 Joer no der Impfung bei de Leit optrieden a wat fir medezinnesch Antecedente se haten, kéint iwwerpréift ginn, ob eng Korrelatioun dat ass net onbedéngt eng Causatioun! tëschent dem Impfstoff a gewëssene spéidere Symptomer besteet.

Da schwätze mer awer net méi dovun, just d’Date vun der Impfung zentraliséiert ze späicheren, mee och sämtlech medezinnesch Informatiounen. A wa mer dat bis op en Enn denken, da mierkt een, datt hei vläicht e bëssen ze schnell geschoss gouf. Dat wär nämlech eng ganz nei Liga vu staatlecher Date sammelwut! An ech hoffen, datt d’Regierung net envisagéiert, dëse weidere Schrëtt an d’Richtung vum gliesene Bierger ze goen!

Wa se dat awer net mécht, da mécht et och kee Sënn, perséinlech Informatioune vu geimpfte Leit eréischt no 20 Joer ze anonymiséieren. Dann huet dës Dispositioun an dësem Gesetz einfach näischt ze sichen!

An da schloen ech awer nach an eng lescht Kerb fir haut, an dat ass d’Inkohärenz vun dëse Mesuren. D’Kolleeginnen an d’Kolleegen hunn dat nämlech scho gesot: Et ass dach net kohärent, datt een zwee Leit doheem däerf hunn, mat zwee Leit an engem egal wéi grousse Raum däerf openeenho cken, bis véier Leit gëllt och keng Maskeflicht, an dann, wann ech da vläicht frësch Loft wëll huelen, da musse mer eis trennen, da muss ech zwee Me ter vun deem aneren Ofstand halen, ech brauch eventuell eng Mask, …

(Brouhaha)

… dat ass net kohärent!

An ech sot et virdrun: Wann d’Reegelen net kohärent sinn, wann d’Leit d’Reegelen net novoll zéie kënnen, wann d’Leit kee Vertrauen an d’Reege len hunn, dann ass et schwéier, fir sech drun ze halen. A genau dat brauche mer am Moment: sou vill wéi méiglech Leit, déi sech un d’Reegelen halen! Sou vill wéi méiglech Leit, déi hir sozial Kontakter erofschrauwen, och wann et schwéier fält. Sou vill wéi méiglech Leit, déi hir Mask unha len, och wann et onbequeem ass. A gleeft mer, et ass net bequeem, mat enger Mask hei eng Ried ze halen, mee ech maachen et, well ech, wann ech mech e bëssen opreegen, soss eng Gefor fir den Här Graas kéint sinn.

(Exclamations)

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État. Da reegt Iech net op!

M. Sven Clement (Piraten). A, Här Bettel, wann et esou einfach wär am Moment, sech net opzeree gen!

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État. Ech weess, vu wat Der schwätzt.

(Interruption)

M. Sven Clement (Piraten). Deementspriechend kommen ech just zum Schluss. Et ass wichteg, datt mer eis alleguerten un déi Reegelen halen, déi do sinn och wann ech déi nei Verstäerkung vun de Reegelen net wäert matdroen. D’Piraten kënnen esou liberticide Moossnamen einfach net ënner stëtzen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. D’Madamm Ministesch huet eppes ganz Wichteges a ganz Richteges gesot, datt et nämlech wichteg wär, datt d’Leit sech géifen un hir Mesure d’isolement an un hir Mesure de quarantaine halen. An ech kann hir do nëmme bäiflichten. Dat ass im mens wichteg, fir dëse Virus an de Grëff ze kréien.

Ech wollt do awer, well se dat esou ervirgestrach huet, nach eng Kéier nohaken, wéi dat dann ass, wéi Leit sech da sollen un déi Mesuren halen, wa se den 20. Dezember eng Ordonnance kréien, datt se a Qua rantän gesat gi vum 8. bis de 15. Dezember.

Mme Martine Hansen (CSV). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Also, do hunn ech dann awer e bësse meng Problemer, wéi dat soll fonctionéieren. Ech hätt mech dat iwwregens och mam 16ter gefrot, wéi dat goe géif, wann ee seng Ordonnance kritt, nodeem u sech d’Quarantän schonn opgehuewen ass, par défaut.

Deementspriechend vläicht do: Wéi si mer do mat den Delaien drun? Si mer do wierklech mëttlerweil bäi? Well dat heiten datéiert jo elo vu viru véier Deeg, dat ass net viru Méint. Wéi vill Retarden hu mer? An ass garantéiert, datt een, deen an engem enke Kontakt war, seng Ordonnance de quaran taine dann och zäitno kritt? Well dat, wat ech hei gesinn hunn, déi Dokumenter, déi ech gesinn hunn, weisen eppes anescht. An dat mécht mir Suergen, wann d’Leit sech sollen un hir Quarantän oder un hiren Isolement halen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Ech muss de Kolleege vun der CSV Merci soe fir déi Motioun, well ech mengen, datt se net superfetatoire ass. Ech mengen, datt eebe grad an deene leschte Méint et nach ëmmer verpasst gouf, fir déi sozial Ongläichheeten, déi et awer gëtt, grad wann et ëm d’Ekipement mat ITMaterial geet, déi nach ëmmer bestinn, ze verbesseren.

Et ass e klenge Bemoll bei der Motioun, dat ass, datt se fuerdert „à mettre […] gratuitement à dispo sition de tous les élèves scolarisés […]“. Do feelt mir perséinlech d’sozial Selektivitéit. Ech sinn der Meenung, datt mer hei net engem mussen e Com puter ginn, deen eventuell schonn zwee Compu teren doheem huet oder en Handy huet. Ech mengen, datt mer do wierklech sollten eng Selek tivitéit erakréien. Mee ech sinn awer och der Mee nung, datt mer net kënnen einfach esou dervun ausgoen, datt all Schülerin a Schüler doheem eki péiert ass. Et gëtt eng ganz Rëtsch Stéit, wou net fir all Kand en eegene Computer do ass. Si hunn eventuell alleguerten en Handy, e Smartphone, jo. Si kënne sech an den Teams aklinke fir noze lauschteren. Mee wien awer probéiert, op engem Handy mol eng Kéier e längeren Text ze liesen, dee weess ganz séier, datt dat net flott ass. Deementspriechend sollte mer eis hei definitiv derfir staarkmaachen, datt déi Kanner, déi et brauchen, dat néidegt Ekipement hunn, fir kënnen un der Schoul deelzehuelen. Et däerf net sinn, datt mer aus enger inklusiver Schoul eng exklusiv Schoul maachen doduerjer, datt se an den Homeschooling geet. An dann denken ech, datt een hei Piste kéint fannen, fir dat zesumme mat den Officesociallen ze maachen, dat iwwert d’Schoule lafen ze loos sen, well d’Enseignantë kennen hir Kanner an d’Enseignantë wëssen, wien de Besoin huet.

Dat gesot, wäerte mir déi Motioun hei sécher net als superfetatoire gesinn, well et gëtt nach ëmmer Kanner, déi net adequat ekipéiert sinn.

An da vläicht nach eng zweet Saach: Wéi ass et da mat den Internetkonnexiounen, …

(Brouhaha)

… léif Kolleeginnen a Kolleegen? Mir hu warschein lech alleguerten eng anstänneg Internetkonnexioun. Mee et gëtt och hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer Leit, déi vum Digital Divide benodeelegt ginn, an do misst ee sech och staarkmaachen. Dat gëtt hei leider verpasst. Mee mir wäerten déi Motioun hei mat stëmmen.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Ech wäert och zesumme mat mengem Kol leeg, dem Marc Goergen, fir d’Piraten géint dës Motioun stëmmen, aus deem ganz einfache Grond, datt et falsch ass, wat hei drasteet.

D’AMMD huet eng Motioun un eis alleguerte ge schéckt dat ass kee Geheimnis, déi gouf och an der Press diskutéiert. Do steet dran, datt jidderee soll Masquechirurgicalle benotzen dat ass dat, wat ech elo hei unhunn an datt een eeben net méi soll e Buff oder selwer gebutte Masken undoen. Et steet awer net do, datt een FFP2Maske soll un doen. A wie sech e bësse mam Secteur ausernee setzt, dee weess, datt dat, fir eng FFP2Mask rich teg ze droen, net einfach nëmmen undoen ass, mee datt een do op eng ganz Rëtsch Saache soll oppassen.

Deementspriechend mécht et och kee Sënn, datt een einfach der breeder Populatioun seet: „Dot elo FFP2Masken un!“ Mir sollten awer d’Leit weiderhi sensibiliséieren, fir d’Masken adequat ze benotzen. A mir sollte vläicht ophale mat der Mär, datt e Buff genausou vill hëlleft wéi eng chirurgesch Mask.