Header for Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 1er août 2018 sur la déclaration obligatoire de certaines maladies dans le cadre de la protection de la santé publique

Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 1er août 2018 sur la déclaration obligatoire de certaines maladies dans le cadre de la protection de la santé publique

Dës Ried hunn ech den 15/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant:1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19;2° la loi modifiée du 1er août 2018 sur la déclaration obligatoire de certaines maladies dans le cadre de la protection de la santé publique” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hate gutt uge faangen: An enger éischter Phas am Fréijoer ass et der Chamber an der Regierung gelongen, zesum men en Text op d’Been ze stellen, fir deem Virus, där Sauerei, mat geziilte Mesuren d’Stier ze bidden. D’Majoritéit huet mat der Oppositioun zesumme geschafft a Mesuren opgestallt, déi novollzéibar waren a vum Public dobausse verstanen an deem entspriechend ëmgesat gi sinn. Dovu gesinn ech haut net méi vill!

Ech weess net wéisou vläicht aus falschem Stolz, vläicht aus Onwëssenheet , mee d’Regierung hält säit e puer Méint steif a fest un hire Mesurë fest, ganz egal, wat d’Oppositioun hinne fir Argumenter op den Dësch leet a ganz egal, wéi haart d’Leit do bausse jäizen. Dat kann ech net verstoen! Ech kann einfach net novollzéien, firwat eis Regierung mengt, se misst matten an enger Pandemie zu all Zäit punkt esou maachen, wéi wann alles zum Beschte wier a si alles ënner Kontroll hätt och wann et guer net méi esou ass!

Eis Bierger si weeder esou naiv, dat ze gleewen, nach esou empfindlech, fir dës Realitéit net ze ver kraaften! Et géif absolutt näischt Schlëmmes ge schéien, wann d’Regierung eng Kéier géif zouginn, datt se eppes vergiess hätt oder eppes net be duecht hätt, wann d’Oppositioun se drop hiweist. Ganz am Contraire! Et kéint souguer, et gleeft een et kaum, besser ginn!

Här President, mäi Parteikolleeg, de Marc Goergen, stoung scho viru bal dräi Woche hei an huet gesot, datt dee Gesetzesprojet, dee mer géife stëmmen, net genuch Reegele fir d’grouss Geschäfter hätt, well mat den deemolegen Dispositiounen net kéint verhënnert ginn, datt sech zwanzeg Leit op 400 m2 op d’Féiss géifen trëppelen, obwuel reng rechne resch nëmmen eng Persoun pro 10 m2 am Geschäft wär. Datt e Buttek grouss ass, heescht schliisslech net, datt d’Leit sech och gläichméisseg verdeelen! Mee aus iergendengem Grond hunn d’Regierungs parteie léiwer den ehemolege Gesetzesprojet mat deene Lücken ugeholl, amplaz nach eppes ze änne ren.

Haut sti mer dann nees hei an: O Wonner, mir hunn all gemierkt, datt et an de Grandesurfacë mat den aktuelle Reegelen net klappt! An dofir bessere mer an dësem Gesetzesprojet no.

Datt dës Dispositiounen elo am Text stinn an d’Ge schäfter ab enger gewësser Gréisst en Hygiènes konzept brauchen, ass eng gutt Saach. Mee de Chaos vun de leschte Weekender hätt awer kënne vermidde ginn, wa mer vun Ufank u méi kloer a méi streng Reegele festgehalen hätten esou, wéi dat gefuerdert gouf.

Mir hu schonn am Summer op d’Grandesurfacen opmierksam gemaach an et am Hierscht ëmmer nees widderholl! An och wann et ëm d’Schoule geet, gi mer es net midd, ëmmer nees ze widder huelen an ze betounen, datt hei eeben net alles esou gutt leeft, wéi eise bloe Minister sech dat vir stellt oder wéi en eis zumindest gäre wëllt gleewe loossen. Ech waarden op de Moment, wou en et wéi bei der CFL mécht an e Pin verdeelt an domadder de Problem geléist huet.

Mir hunn net d’Gefill, datt et aktuell an der Schoul nach primär ëm d’Wëssensvermëttlung an ëm d’Wuel vun de Kanner geet. Nee, ech mengen, datt et hei vill méi drëm geet, datt d’Kanner betreit ginn, fir datt d’Eltere solle schaffe goen. An ech weess, datt an dësem Kontext dann ëmmer gär direkt ge sot gëtt, datt dat jo guer net wouer wär, well d’Schoulen opbleiwe géifen, well all Kand e Recht op Bildung hätt.

Une voix. Dat ass richteg!

M. Sven Clement (Piraten). An dat stëmmt! D’Kanner hunn e Recht op Bildung, a Presenzunter recht ass net dat selwecht wéi Schoul doheem dat läit op der Hand! Mee eis Kanner hunn awer och e Recht op Sécherheet, an domat mengen ech net nëmmen de reelle Fait, a Sécherheet ze sinn, mee och d’Gefill, datt een op se oppasst, an datt déi Grouss wëssen, wat se maachen. Dat ass grad fir méi jonk Kanner ganz wichteg!

An der Spillschoul an am Fondamental kommen all Dag Enseignanten un hir Limitten, wärend se pro béieren, hir Kanner an d’Elteren ze berouegen an ze erklären, datt se alles am Grëff hätten, obwuel an hirer Klass oder hirem Gebai nees Covidfäll opge truede sinn an d’Santé net nokënnt, fir Isolatiounen a Quarantänen auszeschwätzen. Si ginn hiert Bescht, fir eise Kanner Sécherheet ze bidden an enger Situatioun, an där se selwer lues a lues d’Ge fill hunn, datt absolutt keen d’Situatioun nach am Grëff huet.

Ma d’Kanner mierken dat! Am Fréijor an am Sum mer hate mer nach Reegelen, déi jidderengem d’Ge fill ginn hunn, datt een, wann ee sech un dës Ree gele géif halen, géif mathëllefen, duerch dës Kris erduerchzekommen, an och selwer doduerch gutt geschützt wier. Wat e puer Méint méi spéit Rescht ass, ass e Sammelsurium u Mesuren, déi d’Leit net verstinn an déi se zum Deel net emol fir sënnvoll halen. Dat spiert een iwwerall an dat huet Kon sequenzen op d’Wuelbefanne vun de Kanner an de Schoulen.

Mir froen eis dofir, wéi de Minister och an der ak tueller Situatioun ëmmer nach ka behaapten, datt hien hei alles fir d’Wuel vun de Kanner an hir Bil dung géif maachen. Schliisslech gëtt jo eebe grad ganz wéineg gemaach a mir sinn eigentlech esou wäit komm, datt mer vun enger LaisserfairePolitik am Bildungsberäich schwätze mussen. De Minister delegéiert seng eege Verantwortung einfach un den Terrain a verpasst dobäi, wichteg Mesuren ze hue len an dat kënne mer leider net nëmme vum Bil dungsminister soen, mee och vun eiser Famillje ministesch a vun eisem Transportminister.

Mee, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Laisserfaire Strategie ass näischt fir jiddereen: Wärend déi eng Ministèrë roueg nokucken, sinn anerer ganz äifreg a maachen direkt ganz Secteuren zou. Et ass, wéi wann dat, wat an deenen enge Beräicher u Mesurë feelt, an aneren direkt iwwerkompenséiert géif ginn. Dat ass net kohärent, an dat ass keng kohä rent Politik!

D’Restaurante sinn zou a bleiwen zou, egal, ob och nëmme fir ee Stot oder souguer eenzel Leit, an egal, ob mer Zuelen hunn, déi beleeën, datt dës Mesu ren eppes bréngen oder net. Mee den ëffent lechen Transport bleift wéi en ass, do brauch een emol keng obligatoresch Desinfektiounsmëttel spender, do brauch een e Pin! Dat ass Kohärenz! oder och net.

Den Horeca huet a Masken, Plexiglaswänn, Desin fektiounsmëttel a Lëftungssystemer investéiert a gouf dunn trotzdeem zougemaach! D’Busse kënnen awer esou voll sinn, wéi se wëllen, déi brauchen amplaz vu Plexiglas ewell just e schickt wäissrout Bändchen, dat de Chauffer schütze soll, a kënnen da weiderfueren. Et ass bal esou, wéi wann all déi Mesurë wéi Desinfektiounsmëttel, Plexiglaswänn, Masken, Lëftungssystemer, näischt géint de Virus géife maachen awer esou e Fladderband, dat schützt de Buschauffer virum Virus! Dat verstinn d’Leit net!

Genee esou, wéi se et net verstinn, datt se Chrëscht dag net solle mat de Kanner bei d’Bomi an de Bopi fueren, obwuel hir Kanner wärend der Woch vu genee dëse Leit versuergt ginn! D’Ministesch be tount gären, datt d’Eltere solle probéieren, hir Kan ner net méi vu vulnerabele Persoune versuergen ze loossen, mee vill Leit kéinten ouni d’Ënnerstëtzung vun der Bomi an dem Bopi hirem Aarbechtsalldag guer net méi nogoen. Wie bis virum Covid fir d’Kan nerbetreiung op seng Elteren ziele konnt, dee stoung op kenger Liste d’attente fir eng Plaz an en ger Maison relais oder an enger Crèche! Dee fënnt esou einfach keng Betreiungsplaz! Et ass schliiss lech säit laangem bekannt, datt d’Nofro d’Offer, wann et ëm Plazen an enger Crèche, enger Maison relais oder bei enger Dagesmamm geet, a verschid dene Gemengen depasséiert. Och hautdesdaags sinn Elterendeeler ëmmer nees obligéiert, doheem ze bleiwen an hiren Job opzeginn, well se einfach keng passend Betreiungsstruktur fir hir Kanner fan nen.

Mee souguer, wa Plaze fir d’Kannerbetreiung dispo nibel sinn, heescht dat nach laang net, datt och jid deree sech déi zousätzlech Ausgabe leeschte kann! Wien ze vill verdéngt, fir vun de staatlechen Ënner stëtzunge profitéieren ze kënnen, a sech bis viru Covid op seng Famill verloosse konnt, huet net on bedéngt genuch Sputt am Budget, fir op eemol vun haut op muer eng Ganzdagskannerbetreiung finan zéieren ze kënnen. Ville Leit bleift dofir guer näischt anescht iwwreg, wéi op hir Famill zréckze gräifen, fir dës Kannerbetreiung ze assuréieren.

An elo soe mir genee deene Famillen, datt d’Kanner zwar de ganzen Dag bei der Bomi däerfe sinn an dann heem kommen an do mat den Elteren zesum men op der Fotell kuschelen, mee datt dës Elteren elo awer net mat hire Kanner fir Chrëschtdag bei genau déi selwecht Bomi dierfe goen. Dat mécht einfach kee Sënn!

M. Gilles Baum (DP). D’Bomi ka jo bei si kommen.

M. Sven Clement (Piraten). Dat verstinn d’Leit net!

Ma genau, Här Baum, genau dat ass d’Fro! D’Bomi ka bei si kommen, mee si net bei d’Bomi dat mécht einfach kee Sënn! Dat verstinn d’Leit net, a wann d’Leit d’Mesuren net verstinn, dann hale se sech och net drun!

Une voix. Dir verstitt et net, dat ass den Ënner scheed!

M. Sven Clement (Piraten). Dir erkläert mir dann eng Kéier, wéi dat do soll logesch sinn!

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech weess net, wéi et Iech geet ma bei verschiddenen hunn ech e Ge fill , mee ech hunn an deene leschten Deeg vill Leit héiere soen, datt se sech net un d’Mesurë fir Chrëschtdag géifen halen, well déi jo souwisou näischt géife bréngen. Dat ass eng Katastroph! An dat geschitt, wann d’Leit d’Mesuren net novollzéie kënnen.

Mir hunn als Mënschen d’Chance, Wiese mat en gem eegene Verstand ze sinn, an dat bedeit och, datt mer net gäre blann Uerdere befollegen, déi mer net als sënnvoll empfannen. Dat ass extreem wich teg fir eng opgekläerten an demokratesch Gesell schaft an dat kann een als Regierung net einfach ignoréieren, just well se sech vläicht wënscht, datt jiddereen einfach esou géif sprangen, wéi si dat gär hätt.

Mir hätte fir d’Feierdeeg dofir onbedéngt eng Ap proche gebraucht, déi einfach ze kommunizéiere gewiescht wier a vun de Leit verstanen an dowéinst akzeptéiert gi wier. Mir Piraten hunn dofir déi gan zen Zäit proposéiert, datt zwee Stéit fir Chrëscht dag sollen zesummekommen. An dat net, well mer mengen, datt mat den aktuellen Zuelen d’Zäit fir Oplockerunge wär. Nee, well mer Gesetzer brau chen, déi agehale ginn, well se soss näischt wäert sinn. Et wär besser gewiescht, eng Reegel ze hunn, déi net ganz esou streng wier, mee un déi d’Leit sech dann awer géifen halen, wéi eng Reegel ze hunn, déi zwar gutt gemengt ass, mee duerno keng Wierkung huet, well kee se anhält.

Well wat geschitt dann elo, léif Kolleeginnen a Kol leegen, wann eng grouss Famill awer zesumme feiert, also méi wéi zwee Leit invitéiert, an e puer Deeg drop gëtt ee vun deene Familljemembere po sitiv getest? Mengt Der, déi Leit géifen dann, wann d’Santé urifft fir den Tracing ze maachen, zouginn, datt si géint d’Gesetz verstouss hunn? Warschein lech net! An dat kann eis duerno séier deier ze stoe kommen. Eng Mesure, déi vun de Leit besser ak zeptéiert gëtt, well se novollzu ka ginn, an déi am beschte Fall och nach am Aklang mat der Grouss regioun wär, wär déi besser Wiel gewiescht.

Mee et hëlleft elo och näischt méi, nach stonne laang dorop ronderëmzereiden. Mir wëssen all, datt dëse Projet haut gestëmmt wäert ginn a mir eebe keng aner Reegele wäerte kréien, ob mir se elo gutt fannen oder net. An dofir wëll ech dëse Moment elo och notzen an dat wäert deen een oder anere sé cher iwwerraschen , fir ze betounen, datt ech jid dereen am Land vu ganzem Häerze bieden, sech un dës Dispositioun ze halen.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Ass dat hei a men gen Aen dat beschtméiglecht Gesetz, fir op déi ak tuell Kris ze reagéieren? Sécher net! Mee, et ass dat eenzegt, wat mer hunn. Datt dëst Gesetz net per fekt ass, heescht net, datt mer op eemol maache sollten, wéi wann et guer net géif existéieren.

Jo, d’Situatioun an de Schoulen, an de grousse Ge schäfter an am ëffentlechen Transport ass onze friddestellend. An ech weess, datt et Leit gëtt, déi sech fir d’Feierdeeg net un d’Mesuren hale wëllen, well se sech denken, datt d’Kanner de Virus jo souwisou fréier oder spéider aus der Schoul mat bréngen oder si sech am Bus ustieche géifen, an datt et dann och keen Ënnerscheed méi mécht, ob een zesumme feiert. Mee et mécht en Ënner scheed! All zousätzlech Infektioun mécht en Ënner scheed, wann et drëms geet, ob nach e Spidolsbett fräi ass oder net méi. Grad wa mer mengen, datt et am ëffentlechen Transport, an de Supermarchéen oder an de Schoulen en héije Risiko gëtt, krank ze ginn, muss dat eis en Ureiz ginn, fir an deenen anere Beräicher vun eisem Liewen, déi, déi mir kontrolléieren, nach méi opzepassen, fir dat wéin s tens e bëssen auszegläichen, bis e bessert Gesetz do ass.

Wann d’Stroosse glat sinn, gi mer jo och net extra Gas, well mer eis soen, datt d’Chance grouss ass, datt mer souwisou en Accident wäerten hunn an een da wéinstens profitéiere sollt, fir nach eemol séier ënnerwee ze sinn.

Ech hätt och léiwer besser Hygiènesreegelen an de Schoulen an an de Bussen. Mee aus Protest invi téieren ech dofir net fir Chrëschtdag zéng Leit bei mech heem.

Une voix. Dat ass gutt.

M. Sven Clement (Piraten). D’Piraten wäerte sech weiderhin derfir asetzen, dëst Gesetz bei kom menden Ännerungen ze verbesseren, mee bis de 15. Januar wäerte mer mat deem musse liewen, wat d’Majoritéit haut entscheede wäert. Esou ass dat an enger Demokratie. Mir wäerten dëst Gesetz haut net matstëmmen, mee mir wäerten eis drun halen, wann et bis gestëmmt ass.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). A mir biede jiddwer een, eis dat nozemaachen. Zum Wuel vun all Een zelnen hei zu Lëtzebuerg.

Ech soen Iech Merci.