Header for Projet de loi portant ap- probation des amendements à l’ar- ticle 8 du Statut de Rome de la Cour pénale internationale adoptés le 14 décembre 2017 par l’Assemblée des États Parties du Statut de Rome de la Cour pénale internationale, lors de sa 12e séance plénière, à New York, et portant modification de l’article 136quater du Code pénal

Projet de loi portant ap- probation des amendements à l’ar- ticle 8 du Statut de Rome de la Cour pénale internationale adoptés le 14 décembre 2017 par l’Assemblée des États Parties du Statut de Rome de la Cour pénale internationale, lors de sa 12e séance plénière, à New York, et portant modification de l’article 136quater du Code pénal

Dës Ried hunn ech den 13/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant ap- probation des amendements à l’ar- ticle 8 du Statut de Rome de la Cour pénale internationale adoptés le 14 décembre 2017 par l’Assemblée des États Parties du Statut de Rome de la Cour pénale internationale, lors de sa 12e séance plénière, à New York, et portant modification de l’article 136quater du Code pénal” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, Merci, Här President. Och am Numm vun de Piraten be- gréissen ech, datt hei de CPI e weideren Outil kritt, fir ebe Krichsverbriechen ze bekämpfen an och ze bestrofen. Mir sollten eis bewosst sinn, datt et hei net ëm kleng Crimme geet. Et ass also keng Klengkriminalitéit, mä Krichsver- brieche sinn eppes, wat virun uerdentlech Geriichter gehéiert a bestrooft gehéiert. Dofir hu mer international eis deen Outil vum CPI ginn an dofir sollte mer deen och ëmmer erëm esou stäerken, fir déi néideg Moyenen ze hunn, fir all Form, déi haut scho geschitt ass, mä déi och an Zukunft kéint geschéien, ze bestrofen. Mir hoffen, datt deen Outil net gebraucht gëtt an nächster Zäit. Mä et ass awer net onnëtz, en ze hunn. Dofir wäerten d’Piraten dëse Projet matdroen.