Header for Projet de loi portant approbation de la Convention du Conseil de l’Europe sur la coproduction cinématographique (révisée), ouverte à la signature, à Rotterdam, le 30 janvier 2017

Projet de loi portant approbation de la Convention du Conseil de l’Europe sur la coproduction cinématographique (révisée), ouverte à la signature, à Rotterdam, le 30 janvier 2017

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de la Convention du Conseil de l’Europe sur la coproduction cinématographique (révisée), ouverte à la signature, à Rotterdam, le 30 janvier 2017” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hat mech virdru bewosst op den éischte Projet beschränkt a sinn net nach op deen heiten agaangen, well et hei awer e puer Dispositiounen aus dem Artikel 5 gëtt, déi ech wollt separat uschwätzen. Am Artikel 5 heescht et nämlech, Zitat: « Les projets de caractère mani festement pornographique, ceux qui font l’apologie de la discrimination, de la haine ou de la violence ou ceux qui portent ouvertement atteinte à la di gnité humaine ne peuvent être admis au régime de la coproduction. »

D’Pornografie gëtt hei gläichgestallt mat Strofdote wéi Diskriminéierung, Gewalt, Haass an Ugrëffer op d’Mënschewürd. Ass dat d’Aart a Weis, wéi Europa am 21. Joerhonnert d’Duerstellung vun der mënsch lecher Sexualitéit nach ëmmer gesäit? Firwat däerf e pornografesche Film, deen déi wichteg Krittäre vun der Gewaltfräiheet respektéiert a weeder Haass nach Diskriminéierung oder iergendwellech aner Ugrëffer op d’Mënschewürd enthält, net vun de Vir deeler, déi mat dëser Konventioun geschafe ginn, profitéieren? Well en Haut weist? Fänke mer un, déi nämmlecht Standarden unzesetze wéi Facebook, wou een zenséiert gëtt oder ausgespaart gëtt, wann een en Nippel weist?

Grad wann een der Pornografie kritesch géintiw wersteet, well ee se mat schlechte Videoe verbënnt, an deenen diskriminéierend Stereotyppe bedéngt a leider och vill ze oft Gewaltzeene verharmloost ginn, wär et dach wichteg, Produktiounen, déi d’mënschlech Sexualitéit op eng aner Aart a Weis presentéieren, ze ënnerstëtzen. Amplaz d’Pornogra fie an der Filmbranche weiderhin ze tabuiséieren, sollt een an eisen Ae Produktiounen ënnerstëtzen, déi Sexualitéit fräi vu Gewalt an Diskriminéierung duerstellen. Dat wär wichteg, fir d’Feld net deenen ze iwwerloossen, deenen et just drëms geet, mat erniddregende Videoe Klicken am Internet ze gene réieren, a fir endlech déi konservativ Iddi ze brie chen, datt Sex eppes Schlechtes ass. D’Dier zou, d’Luucht aus a blouss net driwwer schwätzen. Dat ass net méi zäitgeméiss, léif Kolleeginnen a Kolleegen.

(Brouhaha)

Wa mer dës Konventioun haut also unhuelen, da maache mer dat tatsächlech mat groussem Be daueren iwwert de konservative Geescht, mat deem dës Konventioun geschriwwe gouf, an hoffen, datt sech hei an Zukunft eng méi oppe Weltsiicht duerchsetze wäert.

Ech soen Iech Merci.