Header for Projet de loi portant approbation de la Convention multilatérale pour la mise en oeuvre des mesures relatives aux conventions fiscales pour prévenir l’érosion de la base d’imposition et le transfert de bénéfices, signée à Paris, le 7 juin 2017

Projet de loi portant approbation de la Convention multilatérale pour la mise en oeuvre des mesures relatives aux conventions fiscales pour prévenir l’érosion de la base d’imposition et le transfert de bénéfices, signée à Paris, le 7 juin 2017

Dës Ried hunn ech den 14/02/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de la Convention multilatérale pour la mise en oeuvre des mesures relatives aux conventions fiscales pour prévenir l’érosion de la base d’imposition et le transfert de bénéfices, signée à Paris, le 7 juin 2017” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et kënnt net allze oft vir, datt ech de Kolleegen, déi hannert mer sëtzen, muss a ville Saache recht ginn, mä hei huet den David Wagner awer e puer wichteg Punkten erwäänt.

Mir hu virdrun oft héieren, wéi wichteg multilateral Konventioune sinn an Zäiten, an deenen d’Benefisser vun der internationaler Zesummenaarbecht ëmmer méi a Fro gestallt ginn.

Ech wëll dofir hei elo guer net laang op en Atout vun enger internationaler Konventioun agoen. Ech mengen, do si mer prinzipiell gréisstendeels alleguerten domadder averstanen, datt et gutt ass, datt en Accord a Steierfroe fonnt konnt ginn. Dofir huelen ech meng Zäit, fir op e puer Aspekter aus dem Gesetzesprojet anzegoen, déi ech perséinlech an och d’Piraten net esou gutt fannen.

Ze kritiséiere sinn hei virun allem emol d’Commentairen zu den Artikele vun der multilateraler Konventioun, déi d’Regierung zur Verfügung gestallt huet. An deene meeschte Fäll, an deene Lëtzebuerg sech d’Recht geholl huet, eng Dispositioun oder en Deel dovun net wëllen unzewennen, fënnt een als Erklärung nëmmen e kuerze Saz, dee seet, datt Lëtzebuerg sech d’Recht hëlt, dës Dispositioun, dës Regel oder dësen Artikel net unzehuelen, well se optionnel war. Wisou? „Ma well ech et kann“, ass hei also d’Devise. A wéi soll een dann nach novollzéien, op wéi enger Basis an en vue vu wéi engen Ziler d’Entscheedunge getraff sinn?

E Mangel un Transparenz gëtt et awer net nëmmen hei. Och de Fait, dass et keng Version consolidée vun de betraffene Gesetzer gëtt – Punkt, dee jo och den David Wagner ugeschwat huet -, ass e Problem fir de Prinzip vun engem lieserleche Gesetz. Well wann nëmme Leit, déi dofir bezuelt ginn, sech kënnen Zäit huelen, fir e Gesetz nozevollzéien an den Impakt vu Projeten, déi mir heibannen diskutéieren, kënne verstoen, da maache mer d’Liewe vläicht e bëssen ze komplizéiert.

En vue vun enger net nëmme Simplification administrative, mä enger Simplification législative misst ee sech jo awer d’Fro stellen, ob et net heiansdo besser wär, wa mer géifen higoen an tatsächlech de Clientë vun deem, wat mer heibanne maachen, näämlech alle Biergerinnen a Bierger, an net nëmmen den Auditfirmen, tatsächlech e lieserlecht Gesetz géifen zur Verfügung stellen.

Ech hu mer soe gelooss, datt et mat den neien Technologien net onméiglech ass, fir esou en „merge“ vun Texter ze maachen, wéi een dat an der Informatik nennt. Deementspriechend ass hei definitiv e Mangel u gudder politescher Kommunikatioun mat alle Bierger.

Schlussendlech ass och d’Umierkung aus dem Exposé des motifs ganz interessant, dass Lëtzebuerg ëmmer déi Dispositioune gewielt hätt, déi am beschte bei seng, Zitat, « Politique conventionnelle » gepasst hunn. Dass grad dës Regierung, déi sech jo eigentlech grad onkonventionell a progressiv wëllt ginn, dann hei, wann et ëm Steierfroe geet, drop aléisst, datt alles beim Ale bleift, dat ass zumindest e bësse kontradiktoresch.

Et léisst drop schléissen, dass am Beräich vun engem fairen internationale Steierconcours net wierklech vun engem Ëmdenke geschwat gëtt. Mir wäerten dëse Projet de loi nichtsdestrotrotz matdroen, well déi Dispositiounen, déi ugeholl ginn, sinn e gudden Ufank. Mir bedaueren awer, nach eng Kéier, de Mangel un Transparenz, datt Bierger, déi dësen Text eventuell liese wëllen, deen net esou einfach kënnen novollzéien.

Hei gëllt et also, besser ze ginn. Hei gëllt et, d’Gesetzer besser no baussen ze droen, well soss maache mer dat heite fir bezuelten Auditfirmen an net fir all Biergerinnen a Bierger.

Ech soen Iech Merci.