Header for Projet de loi portant approbation de la Convention sur l’immatriculation des objets lancés dans l’espace extraatmo sphérique, adoptée par l’Assemblée générale des Nations Unies, faite à New York, le 12 novembre 1974 et7317 Projet de loi portant sur les activités spatiales et modi fiant:1° la loi modifiée du 9 juillet 1937 sur l’impôt sur les assu rances dite « Versicherungssteuer gesetz »;2° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Projet de loi portant approbation de la Convention sur l’immatriculation des objets lancés dans l’espace extraatmo sphérique, adoptée par l’Assemblée générale des Nations Unies, faite à New York, le 12 novembre 1974 et7317 Projet de loi portant sur les activités spatiales et modi fiant:1° la loi modifiée du 9 juillet 1937 sur l’impôt sur les assu rances dite « Versicherungssteuer gesetz »;2° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Dës Ried hunn ech den 10/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de la Convention sur l’immatriculation des objets lancés dans l’espace extraatmo sphérique, adoptée par l’Assemblée générale des Nations Unies, faite à New York, le 12 novembre 1974 et7317 Projet de loi portant sur les activités spatiales et modi fiant:1° la loi modifiée du 9 juillet 1937 sur l’impôt sur les assu rances dite « Versicherungssteuer gesetz »;2° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut schwätze mer dann alt emol nees iwwer Weltraumpolitik. Mee haut geet et dann net ëm ee Satellitt, mee direkt ëm se alleguerten. Lëtzebuerg huet hei schonn e puer Gesetzer, wéi d’Gesetz vum Space Mining, ëmge sat. An och international hu mer eis zum Beispill duerch d’Convention sur la responsabilité interna tionale pour les dommages causés par des objets spatiaux vun 1983 (veuillez lire: 1972) zu engem gewëssenen Handele verflicht.

Engersäits geet et jo haut ëm d’Aféiere vun engem nationale Regëster do, wou mer all d’Satellitten an d’Rakéiten, déi vun enger Firma ënner Lëtzebuerger Verantwortung an den Himmel geschoss ginn, sol len androen. Dëse Regëster soll dann och konform zum Artikel 3 vun der Konventioun vun de Vereen ten Natiounen, déi mer heimadder ëmsetzen, acces sibel fir de Public sinn. Domadder gi mer dann emol gewuer, wéi eng Objeten dobaussen al les esou erëmschwirre mat lëtzebuergeschem Pavillon drop.

Anerersäits geet et awer och drëms, Firmen, déi an dësem Domän aktiv sinn, kontrolléieren ze kënnen a se zur Verantwortung ze zéien. Am Text vum Pro jet 7317 gëtt een Autorisatiouns a Kontrollvolet agefouert a séchergestallt, datt keng Firma, déi ën ner lëtzebuergeschem Numm am Weltraum täteg ass, géint eis international Verflichtunge verstéisst oder eisen internationale Bezéiunge schuede kann.

Och droen d’Firmen d’Käschten, déi bei enger Iw wer préiwung am Kader vun dësen Demandë vun de Beamte vum Wirtschaftsministère ufalen. Fir all dës Demanden a Firmen ze iwwerpréiwen, brauch de Ministère dann och méi Beamten, fir d’Aar bechtslaascht ze packen. Hei mussen also weider Leit agestallt ginn.

Här President, e grousse Pluspunkt ass d’Tatsaach, datt Firme vum Lëtzebuerger Staat responsabel si fir eventuell Schied. Wann duerch eng vun hiren Activités spatiales e Schued entsteet oder e Schued herno vun enger anerer Firma muss be huewe ginn, muss hir Assurance duerfir opkom men. Mee op internationaler Bün, an dat dierfe mer net vergiessen, wäert awer ëmmer de lëtzebuerge sche Staat responsabel si fir d’Feeler, déi eng Pri vat entreprise gemaach huet. Duerfir ass et vun enormer Wichtegkeet, datt déi Firme richteg kontrolléiert ginn, ier se eng Autorisatioun kréien, fir hirem Metier nozegoen, an datt hir Aktiounen och no der Autorisatioun nach weider iwwerwaacht ginn.

Den zoustännege Ministère muss hei sécherstellen, datt nëmme seriö Firmen eng Erlabnis vum Staat kréien an datt déi Leit, déi dës Firme leeden, och iwwert dat néidegt Wësse verfügen, fir déi richteg Entscheedung ze treffen. Et muss sech also ëm responsabel Firmen handelen, déi sech der Verant wortung, déi se duerch hir Weltraumoperatiounen hunn, och bewosst sinn.

Domat mengen ech och d’Responsabilitéit, alles, wat se an de Weltraum geschoss hunn, och erëm vun do fortzekréien. D’Jugendparlament hat eis an der Chamber hei am Oktober nach eemol drop op mierksam gemaach, wéi gravéierend de Problem vum Weltraumschrott elo schonn ass.

Am Januar 2019 huet d’US Space Surveillance Network méi wéi 130 net Eenzelstécker, mee 130 Millioune Stécker gezielt, déi ronderëm eis Äerd schwiewen! De gréissten Deel dovunner ass méi kleng wéi een Zentimeter, kann awer bei deene Vi tessen, vun deene mer an der Äerdëmlafbunn schwät zen, gravéierende Schued uriichten, wann e kollidéiert. Duerch d’Clean Space Initiative huet d’EU sech verflicht, fir besser drop opzepassen. An dat heescht och, datt Lëtzebuerg seng Firme muss an d’Veranwortung zéien.

Wann d’Staategemeinschaft do net an noer Zukunft handelt, wäert et schwéier ginn, fir iwwerhaapt nach Satellitten an de Weltraum ze schéissen. Wat nämlech de Risiko méi grouss gëtt, datt de Satellitt no nëmmen e puer Deeg schonn erëm duerch e Stéck Weltraumschrott onbrauchbar gemaach gëtt, wat et fir d’Firmen och net manner rentabel ass (veuillez lire: wat et fir Firmen och manner rentabel ass), fir an dësem Domän ze schaffen.

Länner wéi Lëtzebuerg, déi aktiv an dëse Secteur investéiert hunn a weider investéieren, géifen am schwéierste getraff ginn. Dat ass e Risiko, deem mer eis bewosst sollte sinn, well och déi beschten Technologie, déi am Moment schonn a Satellitten agebaut ass, fir Weltraumschrott auswäichen ze kënnen, kënnt iergendwann un hir Grenzen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, een Detail vun dësem Projet wéilt ech awer nach uschwätzen. Esou fannen ech, datt d’Iddi vun enger extraer Autorisatioun bei all Satellitt oder anerem Projet, dee soll bei d’Stäre geschoss ginn, net falsch war. Bei esou enger Autorisatioun misst een dann natierlech Dokumenter mat Detailer zum Pro jet areechen an esou wier dës Autorisatioun dann och nach eemol eppes anescht wéi déi generell Au torisatioun fir d’Firma.

Ech denken, vum Grondsaz hier wier et gutt, wann de Staat iwwert d’Detailer informéiert géif ginn, ier eppes an d’Atmosphär geschoss oder ausserhalb vun der Atmosphär geschoss gëtt. Esou eng Pro zedur kéint dann och, ewéi vun der Chambre des Salariés virgeschloen, einfach iwwer e Formulaire op zum Beispill Guichet.lu ëmgesat ginn. Dëst Ge setz sollt also wéi all Gesetz an Zukunft ëmmer erëm un d’Realitéit um Terrain ugepasst ginn.

Här President, dëst Gesetz, grad wéi eis Weltraum strategie, stellt e Risiko fir eist Land duer. Mir Piraten sinn net géint d’Ausbaue vum Weltraum secteur zu Lëtzebuerg. Wéi ech awer scho viru ronn engem Joer sot, si mer der Meenung, datt et hei ansdo néideg ass, e Risiko anzegoen, fir weider no vir ze kommen. Virun allem als klengt Land muss een ëmmer op der Sich no neien innovative Weeër sinn, fir seng Wirtschaft um Lafen ze halen, an oppe sinn derfir, och fir all Fortschrëtt.

Allerdéngs si mer nach ëmmer der Meenung, datt et am beschten ass, net déi Firmen unzelackelen, déi herno d’Satellitten eropschéissen, mee d’Fournis seure vun de Firmen, déi d’Satellitten an de Welt raum schéissen. Bei de Fournisseuren, déi eenzel Stécker oder Technologië liwweren, ass de Risiko, datt se herno Schued uriichten, fir deen d’Land dann herno virun deenen anere Länner muss riicht stoen, nämlech vill méi kleng.

Ech hat schonn deemools e Verglach mam Gold rausch an Amerika gemaach. Wärend dëser Zäit gouf et déi, déi no Gold gesicht hunn, an déi, déi hinne Saache verkaaft hunn, déi se derfir brauchen, Schëppen zum Beispill. Nom Goldrausch waren d’Schëp peverkeefer déi räich Männer. Vun de Gold griewer waren der herno awer vill méi aarm dru wéi virdrun, einfach well hiren Erfolleg op rengem Gléck baséiert huet.

Wéi ech schonn deemools sot, géife mir eis wën schen, datt Lëtzebuerg seng Souveränitéitsnische géif notzen, fir d’Schëppeverkeefer unzelackelen amplaz d’Goldgriewer. Et muss een net beim Start vir an der éischter Rei stoen, fir mat als Éischten duerch d’Zil ze kommen.

Ech soen Iech Merci.