Header for Projet de loi portant approbation de la décision (UE, Euratom) 2020/2053 du Conseil du 14 décembre 2020 relative au système des ressources propres de l’Union européenne et abrogeant la décision 2014/335/UE, Euratom

Projet de loi portant approbation de la décision (UE, Euratom) 2020/2053 du Conseil du 14 décembre 2020 relative au système des ressources propres de l’Union européenne et abrogeant la décision 2014/335/UE, Euratom

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de la décision (UE, Euratom) 2020/2053 du Conseil du 14 décembre 2020 relative au système des ressources propres de l’Union européenne et abrogeant la décision 2014/335/UE, Euratom” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten sti fir eng staark Europäesch Unioun. Eng Europäesch Unioun, déi d’Biergerinnen an d’Bierger an der EU represen téiert an déi a Krisenzäite kann en Netz vu Solidari téit opbauen.

Duerch de Vott vun dësem Gesetz stëmmt d’Cham ber der Propos vum Conseil zou, fir esou, duerch eege Mëttel, d’EU an hire Missiounen an d’EUStaa ten an dëser Covidpandemie net eleng ze loossen, mee ze ënnerstëtzen. Duerch déi nei Einname vun der EU, notamment duerch d’Steier op net recy cléierbarem Plastik, kënne mer wichteg EUProjete weider finanzéieren, och ouni Groussbritannien als Memberstaat.

D’Projete vun der EU sinn essenziell wichteg fir eis Studentinnen a Studenten, eis Betriber an eis Baue ren. Iwwert de Budget fir déi nei Agrarpolitik gëtt am Moment zwar nach op EUNiveau diskutéiert, an awer ass kloer, datt d’Agrikultur och an Zukunft e Groussdeel vun den Depensen op EUNiveau wäert ausmaachen. An och aner Projeten, wéi den Eras mus, musse weider finanzéiert ginn. A virun allem elo, wou Groussbritannien net méi Deel vun der Eu ropäescher Unioun ass, musse mer agéieren, fir datt wichteg Projeten, déi d’Mënschen zesumme bréngen, déi am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger vun all Alter stinn, weiderhi kënne finan zéiert ginn. Europa muss a seng eegen Zukunft in vestéieren. An dat geet nëmmen iwwert d’Ënner stëtzung vun innovativen a weeweisende Projeten.

Zwee Projeten, déi eis Piraten, nieft dem Erasmus Programm, besonnesch um Häerz leien, sinn den EU4Health an de Programm Digital Europe. Ech ënnerstëtzen an deem Kader de Projet European Health Union, deen der EU géif Mëttel a Kompe tenze ginn, fir en europawäite Stock un essenzielle Gesondheetsgidder wéi Masken oder Beootmungs geräter ze schafen an deen och méi Geld fir d’Fuer schung am Gesondheetssecteur fuerdert.

Mir hu gesinn, wéi wichteg et ass, prett ze si fir déi nächst Kris, wéini och ëmmer dës virun der Dier kéint stoen. Wat eis net méi däerf geschéien, ass onpreparéiert ze sinn. D’Covidkris huet gewisen, datt Europa och Kompetenzen am Gesondheetsbe räich brauch a sief et nëmmen, fir kënne gemein sam Bestellunge vu Gidder am Santésberäich ze maachen.

Een anere Punkt muss d’Weiderbrénge vun der Digi taliséierung an Europa sinn. D’digital Revolutioun huet déi gesellschaftlech a wirtschaftlech Struktur a ganz Europa grondleeënd verännert. An och an Zukunft wäerten nei Innovatiounen an eisen Alldag Anzuch halen.

Dofir mussen eis Biergerinnen a Bierger, awer och eis Betriber beim Ausbau vun hiren digitale Kompe tenzen ënnerstëtzt ginn. Gradesou wéi och d’Sé cherheet am Netz muss garantéiert sinn, fuerdere mir Piraten scho laang, datt d’Staaten an der EU ze summeschaffen, fir eis Informatiouns a Kommuni katiounsnetzer ze schützen an dës als héicht gemeinsaamt Gutt vun alle Mënschen unzeerkennen.

Mir sollen net déi eng géint déi aner ausspillen, mee mir brauchen hei wierklech ee kollektiven Effort, fir zesummen un engem Strang ze zéien, wa mer wëlle gerüst si fir d’Zukunft.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Piratepartei ass gradesou wéi eis Schwëster parteie vun de Chancë vun der europäescher Inte gratioun iwwerzeegt a wëllt d’Europäesch Unioun méi effizient, iwwersiichtlech an demokratesch ge sinn. Europa, oder besser gesot d’EU, ass haut vill ze heefeg ouni wierklech Muecht. Vill Leit hu jo der EUKommissioun virgeworf, datt se d’Grenzkontrol len an der Kris net konnt verhënneren. Majo, dat läit jo ganz einfach dorunner, datt do kee Pouvoir derfir virgesinn ass! D’Traitéë ginn net hier, datt d’EU Kommissioun do intervenéiere kann.

A ganz heefeg ass et esou, datt d’national Haapt stied d’EU fir eppes responsabel maachen, wou mer selwer net de Courage hunn, der EU dee Pouvoir iwwerhaapt ze ginn. „Hei huet d’EU eppes falsch gemaach, do huet se eppes falsch gemaach“, an a Wierklechkeet waren et de Conseil, d’national Staats a Regierungscheffen, déi et verbockt hunn.

D’Impfstoffbestellung ass och esou e Fall, wou mer ganz gäre soe „Bréissel“. Mir gesinn elo, wann een e bësse méi an den Detail geet, op eemol, datt ver schidde Länner, wou den Impfstoff dann net esou séier kënnt, datt et deelweis dorunner läit, datt se net all d’Bestellunge matgemaach hunn. Mir gesinn op eemol, datt dat Ganzt vläicht méi komplex ass, wéi just ze soe „Bréissel“. Et wär vläicht besser, dat méi nuancéiert ze gesinn. An et deet mer heiansdo wéi, wann ech héieren, „Bréissel“ hätt eppes ver bockt, wou ee weess, datt et u sech e schlechten Deal, meeschtens e schlechten „Hannerzëmmer deal“ tëschent zwee oder dräi groussen Acteuren an der EU ass.

Nee, Bréissel huet et net forcement verbockt. Mir alleguerten hu verpasst, déi néideg Kompetenzen opzebauen an déi néideg Méiglechkeeten ze scha fen, fir et net ze verbocken.

Mir Piraten wëllen eng vollwäerteg, demokratesch, transparent politesch Unioun mat méi Pouvoir bei grenziwwerschreidende Problemer. Eng EU, déi prett ass fir d’Zukunft an déi de Biergerinnen a Bier ger an Europa hëlleft, sech op hir Zukunft virzebe reeden. An dat geet nun emol nëmmen, wann d’EU e gewëssene Budget huet, mat deem se hir Proje ten och ka finanzéieren: Mënsche méi no ze brén gen, de Mënschen um Terrain ze hëllefen.

Dofir wäerte mir Piraten dëst Gesetz an déi domat verbonne Verflichtungen op EUNiveau och ënner stëtzen a mat Jo stëmmen. Ech soen Iech Merci.