Header for Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stra tégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Japon, d’autre part, fait à Tokyo, le 17 juillet 2018

Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stra tégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Japon, d’autre part, fait à Tokyo, le 17 juillet 2018

Dës Ried hunn ech den 12/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stra tégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Japon, d’autre part, fait à Tokyo, le 17 juillet 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Merci och dem Rapporteur Yves Cruchten fir den exzellente schrëftlechen a mëndleche Rapport. Ech mengen, et gouf schonn ugeschwat: Lëtze buerg huet op ganz héijem Niveau ganz enk Rela tioune mat Japan, an déi soll een och net vergies sen, wann een iwwert deen heiten Text schwätzt. An deem heiten Text geet et … Ben, ech géif en elo net als „Blinddarm“ bezeechnen, et ass awer defini tiv en „HeileWeltText“.

Et ass en Text vu relativ eidele Verspriechungen, vun Hoffnungen, datt sech eppes an déi richteg Richtung géif dréinen. Ech mengen, mir dierfen net vergiessen, an och dat gouf ugeschwat: Japan huet nach ëmmer eng Doudesstrof a Japan huet déi Jus tiz, déi international dofir bekannt ass, den héchs ten Taux u Verurteelungen ze erreechen. Et si ree gelméisseg iwwer 90 % vun de Fäll, déi a Japan viru Geriicht landen, déi och zu enger Verurteelung féie ren, deelweis mat ganz harsche Strofen. Also et ass net „heile Welt“.

Netdestotrotz muss ee sech bewosst sinn, datt een, wann ee mat Länner wëllt am Gespréich bleiwen, ech hunn et virdru gesot, och muss mat deene Länner schwätzen. Mir musse mat deene Länner handelen, mir musse mat deene Länner ver handelen. An dat heiten ass eeben d’Resultat, wat bei enger Verhandlung erauskomm ass.

Et ass sécherlech net dat Resultat, wat ech mer perséinlech géif wënschen. Ech hätt mer e bësse méi contraignant Formuléierunge gewënscht. Mee et ass e Resultat, wat an déi richteg Richtung weist. An duerfir wäerte mir dat heiten dann och mat droen.

Ech soen Iech Merci.