Header for Projet de loi portant approbation de l’Accord de protection des investissements entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 20187459 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat et de coopération entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 2018

Projet de loi portant approbation de l’Accord de protection des investissements entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 20187459 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat et de coopération entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 2018

Dës Ried hunn ech den 06/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Accord de protection des investissements entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 20187459 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat et de coopération entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et la République de Singapour, d’autre part, fait à Bruxelles, le 19 octobre 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, Dir Dammen an Dir Hären, ech ginn elo net nach eng Kéier op d’Mënscherechtssituati oun a Singapur an. Ech mengen, datt de Kol leeg David Wagner en exzellente Rapport do vunner gemaach huet an och kloer opgewisen huet, firwat eleng aus Mënscherechtsgesiichts punkten u sech dësen Text ze rejetéiere wär. Ech wollt nach eng Kéier kuerz op d’Genèse agoen, well och dat ass interessant. Deen Text hei geet u sech zréck op 2007. Also dat heescht, et gëtt säit 13 Joer op deenen ënner schiddlechsten Niveauen drun erëmgedoktert. An ursprénglech war et d’Kommissioun, déi mat de sougenannten ANASEStaaten Negocia tioune sollt féieren. Erauskomm ass, an et ass wéi sou oft: „Und der Berg gebar eine Maus.“ Mir si bei engem Fräihandelsofkommes mat Singapur erauskomm. Engem Land, wat ee ka kritiséieren. Ech mengen, mir hunn dat och elo gemaach.

Et muss een awer vläicht nach eng Kéier e bësse méi wäit och iwwert déi Saach vun deene Fräihandelsaccorde schwätzen. De Kolleeg David Wagner huet et gesot:

Op där enger Säit ass dat hei fir d’Finanzplaz. Ganz kloer! Singapur ass ee vun deene gréisste Finanzzentren an der Regioun. Et ass sécher lech eng Demande vu grousse Banken, Fonge gesellschaften do, fir datt et méi einfach gëtt, fir Geld zwësche Lëtzebuerg oder, méi grouss gesinn, der EU a Singapur hin an hierzeschi ben. Sécherlech kee Geheimnis.

Dat Zweet ass, datt och de militärindustrielle Komplex e ganz groussen Interêt drun huet, fir dem Stadtstaat Singapur et méi einfach ze maachen, hir Saachen ze kafen. thyssenkrupp aus Däitschland ass ee Beispill, déi ganz gären deem klenge Land méi kleng wéi Lëtzebuerg iwwregens UBooter verkafen.

Firwat sinn déi UBooter fir Singapur esou wichteg? Ma ganz einfach, well Singapur éisch tens emol just iwwert d’Mier kann approvisi onéiert ginn, ouni duerch en anert Land ze goen. Dat si se eis dann nach viraus. Mir mussen, egal wéi, op eis Nopere bauen. An zweetens, well de Gros vun dem Welthandel tatsächlech laanscht Singapur geet. Wien eng Kéier zu Singapur war an do op d’Mier eraus kuckt, dee gesäit u sech näischt aneres wéi Schëffer. D’Mier gesäit ee bal net méi. Et ass net méi blo, et ass faarweg, an alle Faarwen a Formen, wéi do Containerschëffer, Tankeren, a wat weess ech, laanschtfueren, fir Gidder aus dem Osten an de Westen ze bréngen a meeschtens eidel Containeren erëm zréckze féieren.

Well dat däerf een och net vergiessen: Et sinn haaptsächlech Gidder, déi ënner komesche Konditiounen hiergestallt ginn, déi aus dem méi fernen Oste laanscht Singapur op Lëtze buerg kommen, wärend d’Geld aus Europa dann iwwer Singapur an de méi fernen Oste fléisst.

Ech kommen awer nach op e Volet zréck, dee mer haut tatsächlech ofstëmmen, nämlech de Volet vun de Schidsgeriichter. Mir hunn et vir dru beim CETA kritiséiert. Mir hu virdru beim CETA gesot, datt et e Problem gëtt mat deene Schidsgeriichter. An dat ass bei deem heite Fall net anescht.

Jo, et si Schidsgeriichter vun där neier Genera tioun. Et ass net méi den ISDS. Et ass elo den ICS. Ech sot et gëschter, wéi mer iwwert d’Buschtawenzalote geschwat hunn, datt Fanta 4 sech heiansdo géifen d’Fro stellen, ob se net besser hätten am Parlament zu Lëtze buerg ze sëtzen, wou mat sou schéine Buschta wekombinatiounen hin an hiergeworf gëtt, wéi wann et kee Muer géif ginn, wéi Lidder ze schreiwen.

Et ass awer esou, datt, …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… „Schuster, bleib bei deinem Leisten“, et vläicht besser ass, si schreiwen hir Lidder. A mir mussen eis mat där Buschtawenzalot dann eens ginn.

Den ICS ass e Progrès, mee et ass nach net „der Weisheit letzter Schluss“. An et ass jo och gesot ginn mir wëlle multilateral kloer ëffent lech Geriichtsbarkeeten. Ëffentlech Geriichts barkeeten, wou jiddwereen Accès dozou huet. An zwar net nëmmen déi Déck, wou net nëm men thyssenkrupp herno ka soen: „Majo, mir konnten eist UBoot elo manner gutt u Singa pur verkafen an dofir muss elo iergendeen hei blechen.“ Mir hätte gäre Geriichtsbarkeeten, déi vu jiddwerengem uruffbar sinn. A soulaang et déi sougenannte MICen net gëtt, musse mer, mengen ech, och net hei virpreschen an déi nächst Etappe maachen.

Wien op ICSTribunaler baut, huet op Sand ge baut. De Multilateralismus muss groussge schriwwe ginn. An och bei dësem Accord gesi mer erëm eng Gefor vu weideren unilateralen Accorden an Approchen, soudatt mer, genau wéi beim CETA, erëm en Teller Spaghetti virun eis stoen hunn, an zwar en Teller Spaghetti, deen eleng opgrond vun der Mënscherechts situatioun eis ganz, ganz ferme Bauchwéi géif maachen, wa mer en da géifen iessen. An dofir, Här President, wäerte mir och géint dësen Traité stëmmen.

Ech soen Iech Merci.