Header for Projet de loi portant approbation de l’Accord économique et commercial global (AECG) entre le Canada, d’une part, et l’Union européenne et ses États membres, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 20167460 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stratégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Canada, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 2016

Projet de loi portant approbation de l’Accord économique et commercial global (AECG) entre le Canada, d’une part, et l’Union européenne et ses États membres, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 20167460 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stratégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Canada, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 2016

Dës Ried hunn ech den 06/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Accord économique et commercial global (AECG) entre le Canada, d’une part, et l’Union européenne et ses États membres, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 20167460 Projet de loi portant approbation de l’Accord de partenariat stratégique entre l’Union européenne et ses États membres, d’une part, et le Canada, d’autre part, fait à Bruxelles, le 30 octobre 2016” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och dem Marc Baum, datt en dat nach eng Kéier ugeschwat huet, och dem Martine Hansen.

Ech mengen, ech si frou, datt ech net deen eenzegen heibanne sinn, deen op all déi Mailen eenzel äntwert a probéiert, do tat sächlech deene Leit och ze erklären, firwat eis Positioun esou ass, wéi se ass. Ech mengen, datt an engem „Parlament“, wat vum ale fran séische Wuert kënnt fir Ënnerriedung, vum franséische Wuert „parler“ ofgeleet ass, et deem säi Rôle eebe grad ass, ze debattéieren an net nëmmen um Enn ofzestëmmen, an datt mer dat an enger gréisstméiglecher Oppenheet maachen.

An ech deelen dem Marc Baum seng Besuerg nis do awer, datt mer haut den Debat féieren an dann am Oktober, November, iergendwann zwëschent engem aneren Debat, zwëschent anere Modèledebasen nach séier e Vott der tëschentschiben, wou drasteet: „approbation du projet“, an esou weider. Ech mengen, dat géif deem Projet, där Envergure vun deem Pro jet net Rechnung droen. An deementsprie chend ënnerstëtzen ech zesumme mam Marc Goergen och déi Demande vum Marc Baum, fir dee Punkt hei vum Ordre du jour ze huelen. Ech mengen, mir hunn déi lescht Deeg, déi lescht 24 Stonne gesinn, wéi séier d’Zivillgesell schaft sech awer hei mobiliséiert. Mir hunn et virun der Dier gesinn. Mir hunn et digital ge sinn. Mir sollten deem Rechnung droen an net hei eppes am Confinement iwwert de Knéi briechen, wat definitiv just de Populiste Waas ser op d’Mille wär. Well et féiert dozou, datt mer jiddwerengem, dee seet: „D’Parlament dréckt wärend dem Confinement Saachen duerch, déi mer net wëllen!“, datt mer genau deene Leit géife Recht ginn, wa mer dat haut maachen. An dat sollte mer verhënneren. Mir sollten de Glawen un d’Demokratie héichhalen. An dozou gehéiert den Debat, och wann enheiansdo méi haart ass, och wann en heiansdo manner angeneem ass.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Beweiser! Be weiser!

M. Georges Engel (LSAP). … wat eis an eng Situatioun bruecht hätt, déi fir eis als Majo ritéit e Problem duergestallt hätt, well mer de Quorum net gehat hätten, well mer eng Per soun heibannen hunn, déi vulnerabel ass, …

Mme Martine Hansen (CSV). Also dat war net geplangt!

M. Georges Engel (LSAP). … déi an enger schwéierer Situatioun ass, …

Mme Martine Hansen (CSV). Ech weess net …

M. Marc Goergen (Piraten). Dat war net geplangt! D’Piraten stinn zum Nee a bleiwe sëtzen. Also keng Suerg!

M. Fernand Etgen, Président. Hei, wannechgelift! Den Här Engel huet d’Wuert, an den Här Engel eleng!

M. Sven Clement (Piraten). Da soll en hei net insinuéieren!

c.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech ka mech dem Här Gibéryen an där Fro hei nëmme ralliéieren. Ech mengen, et ginn eng ganz Rëtsch gutt Argumenter, firwat deen Debat hei wichteg ass.

Et ass en Debat, virun deem mer eis net sollte verstoppen. Deen Debat wäert fréier oder spéider stattfannen. Do si mer eis eens. D’Fro stellt sech also: Wéini? Wéini ass dee richtege Mo ment, fir iwwer e Projet ze diskutéieren, an deem et wierklech esou en Engagement vun der Zivillgesellschaft gëtt?

(Brouhaha)

Wat den Här Engel virdru gesot huet vun de grands Projets d’infrastructure …

M. Fernand Etgen, Président. Hei, wannechgelift, e bësse méi roueg. Den Här Clement schwätzt.

M. Sven Clement (Piraten). Also, ech weess net, wivill EMailen den Här Engel krut a wivill Bréiwer oder Bréifdauwen e krut. Ech krut der op alle Fall däitlech manner, fir net ze soen, d’Limitt tendéiert géint null, mathematesch aus gedréckt, wéi et ëm d’grands Projets d’infra structure gaangen ass. Hei ass awer, mengen ech, d’ganz Chamber permanent engem Mail bombardement ausgesat. Op sozialen Netzwier ker gëtt Stëmmung gemaach. Et ass kloer, datt d’Populatioun, d’Zivillgesellschaft am Breeden, d’organiséiert Zivillgesellschaft am Breeden hei den Debat sicht a gehéiert wëllt ginn.

(Interruptions)

Ech sot et virdrun: „Et ass Waasser op d’Mille vun de Populisten, wa mir als Chamber hei e Vott huelen, genau dann, wann d’Populisten eis et ënnerstellen.“

(Brouhaha)

An da muss ech awer nach eppes lassginn, well dat deet mer wierklech, wierklech wéi an do hätt ech méi vum Här Engel erwaart, wéi hei der Oppositioun ze ënnerstellen, d’Liewe vu Kolleeginnen a Kolleege wëllen op d’Spill ze setzen, …

M. Georges Engel (LSAP). Dat hunn ech net gesot!

(Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten). … fir e poli tesche Gain ze kréien!

(Exclamations et protestations)

M. Georges Engel (LSAP). Zigelt Är Wier der, Här Clement, wannechgelift! Dat hunn ech net gesot!

M. Dan Biancalana (LSAP). Dat do stëmmt net!

M. Sven Clement (Piraten). Dir hutt ge sot, mir géifen domadder d’Gesondheet …

M. Georges Engel (LSAP). Här Clement, wannechgelift, zigelt Är Wierder, well dat do hunn ech net gesot!

M. Sven Clement (Piraten). … vu vulne rabele Kolleeginnen a Kolleege riskéieren. (Brouhaha)

Dat hu mir net gemaach! Mir sëtzen hei, mir stinn dozou, datt mir zu deem Projet Nee wäerte stëmmen.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Mir sinn net wéi verschidde Memberen aus der Regierung, déi 2017 op Instagram grouss mat Plakater „Stop CETA“ stoungen an elo sech ganz rar maachen déi lescht Deeg, well se op eemol a Regierungsverantwortung sinn an e Projet mat droe wëllen, deen hir Partei europawäit re fuséiert.

(Interruption)

Wien ass dat, frot Der?

(Interruption)

M. Marc Goergen (Piraten). A wie kéint dat sinn?

(Interruption)

Wéi? Den Här Turmes?

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement. An da ginn ech d’Wuert zréck un den Här Georges Engel.

M. Georges Engel (LSAP). Ech mengen, datt den Här Clement sech hei wierklech an der Wuertwal vergraff huet. Ech verzeien em dat och eng Kéier. An am Eifer des Gefechts kann engem dat geschéien.

M. Sven Clement (Piraten). Mir Iech och! M. Georges Engel (LSAP). Ech mengen,

dass dat net esou geduecht war. Wann et esou geduecht war, fannen ech et ganz schlëmm, datt Der mir hei ënnerstellt, ech géif engem Deputéierte seng Gesondheet op d’Spill setzen. Ech fannen dat ganz grav!

M. Sven Clement (Piraten). Nee, Dir hutt eis dat ënnerstallt!

Mme Martine Hansen (CSV). Dir hutt eis dat virgeworf!

M. Sven Clement (Piraten). Dir hutt eis dat ënnerstallt.

(Interruptions)

d.

M. Sven Clement (Piraten). Jo. Här Presi dent, et deet mer leed, mee den Här Engel huet elo grad gesot, ech hätt him virgeworf, d’Liewe vun Deputéierten oder d’Gesondheet vun Deputéierten op d’Spill ze setzen. Ech géif dat, wannechgelift, gär korrigéiert wëssen. Ech hunn nämlech net gesot, hie géif d’Liewe vun Deputéierten op d’Spill setzen, ech hu gesot, hien hätt der Oppositioun dat insinuéiert, mir wéilten dat maachen. Dat ass eng Nuance.

M. Georges Engel (LSAP). Dat hunn ech och net gesot!

M. Sven Clement (Piraten). Ech hunn net gesot …

Ma dat kënne mer am Verbatim da gären no liesen, mir kënnen dat jo da maachen. Mee ech wëll hei kloerstellen, datt d’Oppositioun, an, ech mengen, do kann ech fir eis alleguerten op dëser Säit schwätzen, zu kengem Zäitpunkt mat der Iddi gespillt huet, fir d’Gesondheet vu Kolleeginnen a Kolleegen heibannen op d’Spill ze setzen.

e.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, Dir Dammen an Dir Hären, mir erënne ren eis: Enn 2016 huet d’wallounescht Parla ment fir eng gréisser diplomatesch Kris gesu ergt, andeems se refuséiert hunn, de CETA ze ënnerschreiwen. Den deemolege Ministerpresi dent vun der Wallonie, de Paul Magnette, eise sozialistesche Kolleegen ass deen Numm sécher lech e Begrëff, huet de CETA als trojanescht Päerd bezeechent, well e laang erkämpfte So zial an environnemental Standarden ze ënner gruewen dreet. D’Signéire vum CETA war do ropshin nëmmen ënner verschiddene Konditiou nen, déi vun der wallounescher Partie gestalt goufen, erméiglecht ginn.

Zu dëse Konditiounen huet, ënner anerem, ge zielt, den Europäesche Geriichtshaff ze froen, fir ze kucken, ob de Mechanismus vun de Schids geriichter mat den europäeschen Traitéë ver einbar wär. An dem Avis hält d’Cour de justice européenne um Kierchbierg da fest, datt de CETA an d’ICSen en effet konform si mam eu ropäeschen Droit. Ma just well eppes konform ass mam Gesetz, heescht et nach laang net, datt et richteg ass. Deemno gëtt de Geriichts haff och ze bedenken: « En l’absence d’un ré gime visant à assurer d’accessibilité financière du tribunal et du tribunal d’appel aux per sonnes physiques et aux PME, le mécanisme risquerait en pratique d’être accessible aux seuls investisseurs qui disposent d’importantes ressources financières. »

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wie profitéiert eigentlech vun dësem Fräihan delsofkommes? Sinn et d’Exporteure vu Graine fir de Moschter? Sinn et déi, déi zu Lëtzebuerg Happ fir de Béier importéieren? Mir hunn an de leschte Wochen hei vill iwwer Independanten, déi kleng a mëttelstännesch Betriber geschwat, an eng ganz Rëtsch hu sech heibanne béis an d’Plomme gehäit, fir sech op d’Säit vun dëse Betriber ze schloen.

Une voix. O!

M. Sven Clement (Piraten). Ma de CETA ass net fir dës Betriber geduecht! Eng kleng Entreprise huet net d’Mëttel, fir esou Geriichts barkeete mat enger Multinational anzegoen. D’Justiz dierf awer an den Ae vun de Piraten net nëmmen deene virenthale sinn, déi räich genuch sinn, fir se ze bezuelen.

Et ass elo ewell erëm eng Zäitchen hier, ma mir kënnen eis nach all un d’Geheimniskréimerei ronderëm d’CETAVerhandlungen erënneren. Mir Piraten sti fir Transparenz. Mir kënne schonn eleng aus deem Grond dëse Projet net mat droen. An d’Plattform „Stopp TTIP & CETA“ huet sech vun Ufank u staarkgemaach géint dë sen Accord de libreéchange.

Pour rappel wëll ech hei just e puer Acteuren opzielen et goufen der ewell och scho ge nannt: d’Action Solidarité Tiers Monde, d’ALEBA, BioLëtzebuerg, Vereenegung fir Bio landwirtschaft, d’Caritas, d’CGFP, d’FGFC, den OGBL, den LCGB, Greenpeace, d’Jongbaueren, d’Jongwënzer, de Mouvement écologique, na tur&ëmwelt, d’Union des consommateurs, et j’en passe.

(Interruption)

Dat si keng kleng, entschëllegt mech fir den Ausdrock, dat si keng kleng Jickebetriber. Dat si grouss Associatiounen, déi d’Zivillgesellschaft zu Lëtzebuerg representéieren, an deene mer haut, mat där Entscheedung, deen Debat haut ze féie ren, amplaz en op den Etat NetKris ze verré ckelen, sécherlech e Bärendéngscht geleescht hunn.

D’Plattform stellt sech, zu Recht, d’Fro, ob ee Parlamentarier engem 2.300 Säite laangem Do kument wéi dësem ka gudde Gewëssens zoustëmmen. Och wien dës 2.300 Säiten aacht mol gelies huet, deem fält et schwéier, net virun der Komplexitéit vun de juristesche Verweiser an dem Fachjargon ze kapituléieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wëssen all heibannen, wivill Verschwörungsthe orien a falsch Informatiounen hautdesdaags am Internet zirkuléieren. D’Angscht a Panikmaa cherei ass zu engem Fonds de commerce ginn. Oft aus dubiéise Quelle finanzéiert, ziilt dës Des informatioun dorop of, d’Vertrauen an d’demo kratesch Grondprinzipien an an eis Institutiou nen ze ënnergruewen. Datt d’Majoritéit de cidéiert huet, de CETA haut, wärend dem État de crise, ze votéieren, ass Waasser op d’Mille vun esou Populisten, déi säit dem Ufank vun der Kris prophezeien, datt den État de crise mëss braucht gëtt, fir onpopulär Decisiounen duerch d’Parlamenter ze baatschen.

Här President, de CETA wärend dem État de crise, ënner Ausschloss vun der Zivillgesellschaft, ze votéieren, ass an den Ae vun de Piraten ee graven, jo, en onverzeileche Feeler. Et ass wich teg, datt och d’Zivillgesellschaft, d’Gewerkschaf ten an d’Ëmweltorganisatioune sech am Virfeld vun esou engem Vott net nëmmen digital arti kuléiere kënnen. Dëst ass duerch déi aktuell Be schränkungen am Kader vum Covid19 net méiglech. An ech si besonnesch enttäuscht vun deene Parteien, déi sech d’Zivillgesellschaft an der Vergaangenheet zu Eege gemaach hunn, fir géint dësen Accord ze klappen. An elo héiert een näischt méi. All d’Bedenke verflunn.

Steet den Här Turmes haut, esou wéi 2017, do bausse géint de CETA ze demonstréieren oder sëtzt en am Büro an dréit d’Regierungsentschee dung mat? Vläicht mécht en eng Fauscht an der Täsch. Seng Norécklerin an der Chamber huet haut op alle Fall e Projet verteidegt, géint deen den Här Turmes laang gekämpft huet. Erfolleg los, wa souguer seng eege Partei dat elo mat dréit.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et ass fir eis Piraten ondenkbar, ënnert dësen Ëmstänn dee Projet hei matzedroen. Mir empfannen dëst als Vertrauensbroch visàvis vun de Biergerin nen a Bierger. Als Broch mat enger Kultur vum Dialog. Als Broch mat der Konsenspolitik. Den amerikaneschindeschen Ekonomist a Professer un der Columbia University Jagdish Bhagwati huet an enger Publikatioun aus dem Joer 1995 fir d’éischte Kéier vum Spaghetti Bowl, dem Spaghettiteller oder dëppen, wéi ee wëllt, ge schwat. A senger Publikatioun diskutéiert de Professer Bhagwati den Enjeu vun de Fräihandel sofkommessen a bezeechent den Term vum „Free Trade Agreement“ als „orwellianeschen Newspeak“. Wou Fräihandelsofkommes drop steet, ass elo net onbedéngt Fräihandel dran.

Mee firwat seet en dat? An der Reegel gi mer dervun aus, datt en Handelsofkommes derfir s uergt, datt Handelsbarriären erofgesat ginn. A mir vergiessen dobäi awer, datt mer gläichzäiteg och aner Handelspartner aus de jeeweilegen Handelsaccorden ausschléissen oder souguer d’Handelsbarriäre fir Drëtter eropsetzen. Een unilateralen Handelsaccord mat engem Drëtt staat ass, per se, ëmmer preferentiel. En diskri minéiert deen, deen net Deel vum Handelsac cord ass. De Professer Bhagwati zitt duerfir de Begrëff vun der Preferential Trade Area deem vun der Free Trade Area vir.

Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten sti fir de Multilateralis mus. Mee wa Multilateralismus, da richtege Multilateralismus! Duerch deen nordamerikane sche Fräihandelsaccord NAFTA wiisst Mëtt den 90er Joren den Enthusiasmus fir regional amplaz vu multilateralen Handelsaccorden. Ob NAFTA, Mercosur, TTIP oder CETA, all dës eenzel regio nal Fräihandelsofkommesse suerge fir de besote Spaghettitellereffekt. Doduerch, datt Handels partner hir eege Fräihandelsofkommessen of schléissen, erreeche mir de Géigendeel vun deem, wat mer wëllen, nämlech fräien, oppe nen Handel tëscht gläichberechtegten Acteuren. Amplaz d’Produite selwer zielt bei dësen Han delsofkommesse souzesoen d’Nationalitéit vum Produit. Hanner all Handelsofkommes stieche jo relaang Diskussiounen tëscht Lobbyisten, déi d’Konditioune vun der Stee hanner zouenen Dieren aushandelen, ënner Ausschloss vun der Zivillgesellschaft. All Land, wat mat engem an ere Land en Ofkommes getraff huet, huet seng eege Standarden a sengem Handelsofkommes festgeluecht. Um Enn vun dësem Prozess sti mir virun engem Wirrwarr vun Handelsofkommes sen, dem Spaghettiteller, mat all Kéiers anere Konditiounen.

Dëst ass kee Multilateralismus. Et wier falsch a populistesch, d’Diskussioun ëm dësen Handel saccord ze féieren, andeems ee seet: „Protektio nismus op där enger Säit oder CETA op där ane rer Säit.“ Et ass méi komplex.

Här President, mam GATT, dem General Agree ment on Tariffs and Trade, ware mir nom Enn vum Zweete Weltkrich um richtege Wee. Duerch de GATT, der spéiderer Welthandelsor ganisatioun, sollten d’Handelsbarriären an d’Douanestariffer ofgebaut ginn. D’Ofschafe vu preferentielle Konditioune war also beim GATT eent vun den Haaptziler. An der Handelspolitik war fir d’Europäesch Unioun d’Liberaliséierung an d’Reegelsetzung iwwert d’Welthandelsorga nisatioun ëmmer de Kinnekswee. Et sollt net se parat verhandelt ginn. Et sollte konsensuell ge meinsam multilateral Entscheedunge fonnt ginn, wou keen ze kuerz kënnt, weeder déi eng nach déi aner.

Mee d’Situatioun haut ass anescht. Ënnert den 164 Membere vun der Welthandelsorganisati oun ass et schwéier, zu engem Konsens ze kom men. Eleng awer de Fakt, datt de Multilateralis mus an der Kris stécht, dierf eis net derzou en couragéieren, de Konsens op OMCNiveau op zeginn. Mir sollte virsiichteg si mat unilateralen Handelsaccorde wéi dem CETA, a sollten eis stattdessen op europäeschem Niveau derfir staarkmaachen, datt d’Efforten, fir zu engem Konsens an Handels an Tariffsfroen ze kommen, op internationalem Niveau verstäerkt ginn. Uni lateralismus ass fir eis Piraten keng Léisung. Net an aussepolitesche Froen an och net an Han delsfroen.

Här President, sou wéi de Montesquieu schonn a sengem Wierk „De l’esprit des lois“ sot: « L’ef fet naturel du commerce est de porter à la paix. » Et ass dat, wat de Montesquieu „le doux commerce“ genannt huet. Dës Iddi vum „doux commerce“ léisst duerchblécken, datt déi een zeg Manéier, fir datt Mënsche vu verschiddener Hierkonft, Sprooch, Kultur a Glawe kënne fridd lech zesummeliewen, déi ass, Handel mateneen ze dreiwen. Duerfir brauche mir awer kee CETA. Mir brauchen e fairen an transparente Multila teralismus, och a virun allem an Handelsfroen. Ech wëll meng Ried ophale mat engem Saz vum Georg Christophe Lichtenberg, dee gesot huet: „Es ist nicht gesagt, dass es besser wird, wenn es anders wird. Wenn es aber besser werden soll, muss es anders werden.“

Villmools merci.

f.

M. Sven Clement (Piraten). Also, ech kann nach eng Kéier ufänken.

g.

M. Sven Clement (Piraten). Et kann ee sech et och schéischwätzen, Här Mars Di Bartolomeo.

h.

M. Sven Clement (Piraten). Och wa se grad net hei sinn, mee …