Header for Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Malte relatif à la protection réciproque et à l’échange d’informations classifiées, fait à New York, le 26 septembre 20197602 Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Serbie concernant l’échange et la protection réciproque d’informations classifiées, fait à Luxembourg, le 4 février 2020

Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Malte relatif à la protection réciproque et à l’échange d’informations classifiées, fait à New York, le 26 septembre 20197602 Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Serbie concernant l’échange et la protection réciproque d’informations classifiées, fait à Luxembourg, le 4 février 2020

Dës Ried hunn ech den 12/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Malte relatif à la protection réciproque et à l’échange d’informations classifiées, fait à New York, le 26 septembre 20197602 Projet de loi portant approbation de l’Accord entre le Gou vernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement de la République de Serbie concernant l’échange et la protection réciproque d’informations classifiées, fait à Luxembourg, le 4 février 2020” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Et ass, mengen ech, wichteg, fir esou Accorden ze hunn. Dat hu mer ni bestridden. Dat hu mer och schonn e puermol, wa mer iwwer esou Accorden ofgestëmmt hunn, betount. Et ass awer eng wieder kehrend Kritik vun eis, déi ech och hei nach eng Kéier wëll ubréngen, datt déi Accorde kéinte méi änlech sinn, méi kohärent ënnereneen, well se sinn dach ëmmer dem jeeweilege Land ugepasst. Se sinn ëmmer e bësse speziell.

Ech hunn e bëssen d’Gefill, datt mer hei amgaange sinn, e Fléckenteppech ze schafen zwëschent deem, wat mer mat deenen eenzelne Länner ofmaachen. Heiansdo muss d’Land eis notifiéieren, wa se Donnéeë vun eis vernichten. Heiansdo muss et dat net. Heiansdo muss et eis aner Notifikatiounen zoukomme loossen. Heiansdo hu mir Obligatiou nen.

Et ass also eppes, wat immens vill Manpower brauch, fir dat herno och mat Liewen ze fëllen. Dat gesot, ech sot et, et ass also wichteg, datt mer esou Texter hunn. Duerfir wäerte mer och eisen Ac cord ginn, net ouni awer nach der Rapportrice Merci ze soe fir deen exzellente mëndlechen a schrëft leche Rapport zu deenen zwee Texter.