Header for Projet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Luxembourg, le 10 octobre 2019, à la Convention entre le Gouvernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gou vernement de la République française en vue d’éviter les doubles impositions et de préve nir l’évasion et la fraude fiscales en matière d’impôts sur le revenu et sur la fortune, et le Protocole y relatif, faits à Paris, le 20 mars 2018

Projet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Luxembourg, le 10 octobre 2019, à la Convention entre le Gouvernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gou vernement de la République française en vue d’éviter les doubles impositions et de préve nir l’évasion et la fraude fiscales en matière d’impôts sur le revenu et sur la fortune, et le Protocole y relatif, faits à Paris, le 20 mars 2018

Dës Ried hunn ech den 21/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Luxembourg, le 10 octobre 2019, à la Convention entre le Gouvernement du GrandDuché de Luxembourg et le Gou vernement de la République française en vue d’éviter les doubles impositions et de préve nir l’évasion et la fraude fiscales en matière d’impôts sur le revenu et sur la fortune, et le Protocole y relatif, faits à Paris, le 20 mars 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, nach eng Kéier, fir d’Drëtt dann haut, merci un den Här Arendt fir de Rapport. Dee war exzellent, wéi mer et gewinnt waren och vun deenen zwee virdrun.

Mir beschäftegen eis haut nach eng Kéier mat engem Theema, mat deem mer eis u sech schonn eng Kéier an dëser Legislatur beschäf tegt hunn, an dat ass dësen Accord zwëschent Frankräich a Lëtzebuerg iwwert d’Duebelbe steierung.

Mir haten u sech scho mam Projet 7390 ge duecht, datt den Theema vum Dësch wier. Mee net nëmmen d’Oppositioun, och eng ganz Rëtsch Chambreprofessionnellen haten deemools schonn ugemierkt, do kéinten dach nach Problemer sinn. A wat hu mer gemierkt? Déi Problemer, déi ugeduecht an ugeschwat goufen, hu sech materialiséiert.

Duerfir leeë mer elo no mam 7505. An och do bleift déi eng Fro op ech mengen, de Kolleeg Wagner huet et elo grad och nach eng Kéier ugeschwat, et bleift d’Fro op vun deene ver schiddene Barèmen, fir do Rechtssécherheet ze schafen. Ech mengen, mir wëllen eis net nach eng Kéier dës Legislatur erëmgesinn, fir en drëtten Accord dann ze avaliséieren. Och wann ech mengen, datt et no der Coronakris war scheinlech néideg gëtt, nach eng Kéier en drët ten Accord, grad wat d’Froe vum Teletravail ugeet, ze diskutéieren.

Netdestotrotz ass dat hei e Progrès par rapport zum leschte Projet. Dofir wäerte mer deen och matstëmmen. Ech hoffen, datt mer nach eng Äntwert op déi Fro vum Barème kréien. An hof fentlech, wa mer dann eng drëtte Kéier géifen iwwert dat Theema hei schwätzen, wär et dann, fir beim Teletravail méi Flexibilitéit laang fristeg sécherzestellen.

Ech soe Merci.