Header for Projet de loi portant approbation du Protocole entre l’Ukraine et les États Bene lux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des Pays Bas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et l’Ukraine relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 17 décembre 2018et7429 Projet de loi portant approbation du Protocole entre la République d’Arménie et les États Benelux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des PaysBas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et la République d’Arménie relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 20 juin 2018

Projet de loi portant approbation du Protocole entre l’Ukraine et les États Bene lux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des Pays Bas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et l’Ukraine relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 17 décembre 2018et7429 Projet de loi portant approbation du Protocole entre la République d’Arménie et les États Benelux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des PaysBas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et la République d’Arménie relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 20 juin 2018

Dës Ried hunn ech den 12/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation du Protocole entre l’Ukraine et les États Bene lux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des Pays Bas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et l’Ukraine relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 17 décembre 2018et7429 Projet de loi portant approbation du Protocole entre la République d’Arménie et les États Benelux (le Royaume de Belgique, le GrandDuché de Luxembourg, le Royaume des PaysBas) appliquant l’Accord entre l’Union européenne et la République d’Arménie relatif à la réadmission des personnes en situation irrégulière, fait à Bruxelles, le 20 juin 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat qualifizéiere mer als illegal Migratioun? Mig ranten, déi illegal d’Grenzen iwwerschreiden an hei illegal Handlunge beginn, andeems se eppes klauen oder een iwwerfalen? A verschid dene Fäll: jo. A villen aneren: nee.

Et kann hei net esou einfach pauschaliséiert ginn. Illegal Migratioun betrëfft nämlech och déi Leit, déi sech fir hir Famill a sech selwer eng besser Zukunft wënschen. A ville sécheren Hierkonftslänner ass de Liewensstandard ge réng an den Aarmutsrisiko ganz héich. Well d’Leit aus dëse Länner oft keng Chance hunn, fir op legalem Wee ze immigréieren, bleift hin nen eng illegal Immigratioun oft als leschten Auswee.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa Migrante kri minell sinn, ass et wichteg, datt mer duerch in ternational Accorde Reegelen hunn, déi festha len, wéi mat dësem Problem ëmgaange gëtt. Eise Strofrechtssystem an eis Infrastrukture mussen esou aktuellen Erausfuerderungen uge passt ginn. Wa géint eis Gesetzer verstouss gëtt, musse Réckféierungen envisagéiert kënne ginn. Awer just dann.

Dann ass et och kee Retour volontaire, mee dann ass et e Retour involontaire, voire forcé, eng Expulsioun.

Här President, ech gleewen un e Recht op Fräi heet, un d’Recht, fräi bestëmmen ze kënnen, wou ee liewe wëllt a wéi ee liewe wëllt, am Respekt vum Gesetz. An ech fannen et net richteg, wa mir fir eis selwer dës Fräiheete fuer deren a se anere gläichzäiteg net zouerkennen. Et ass richteg a wichteg, datt mir eis duerch in ternational Accorden en Outil an d’Hand ginn, fir kloer Reegelen opzestelle fir Fäll, an deene Migrante sech duerch reell kriminell Hand lunge strofbar maachen.

An dëse Fäll muss d’Justiz hirer Aarbecht no goen an et muss am Fall vun enger Verurtee lung iwwerpréift ginn, wéi eng Ausweisung oder eng Aushändegung un de Justizapparat aus dem Heemechtsland vum Verurteelte kann duerchgefouert ginn. Fir esou Fäll sinn Accorde wéi dee virleienden hei zweckméisseg; fir Per sounen an hirem Recht op e fräit Liewen anze schränken net.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir haten d’lescht Woch eng Interpellatioun iwwert de Bienêtre. An dës Woch och. Mir suergen eis ëm wuessend Ongläichheeten, ëm Mënschen an der Aarmut an ëm eis WorkLife Balance. Mir suergen eis ëm eis Liewensquali téit. Wuelgemierkt, „eis“ Liewensqualitéit! Dir mierkt et: Et ass ee „mir“ an net ee „si“.

Zäitgläich zu dësen Interpellatioune solle mer dës zwee Protokoller duerchwénken, fir Mën schen aus der Ukrain an aus Armenie méi ein fach ofschiben ze kënnen. An dat betrëfft net nëmmen déi Leit, déi duerch kriminell Aktivitéi ten hei am Land opgefall sinn, mee alleguerten déi, deenen hir Pabeieren net stëmmen, well se um legale Wee net op Lëtzebuerg konnte kom men, well eis aktuell Gesetzer hiert Recht op Fräiheet a Selbstbestëmmung aschränken.

Engersäits jéimere mer, wéi schlecht d’Situa tioun zu Lëtzebuerg ass, an anerersäits schécke mer Leit zréck, déi fannen, datt d’Situatioun hei awer ëmsou munches besser ass wéi do, wou si hierkommen, a mir schécke se zréck a vill méi insupportabel Situatiounen. Ech géif soen, dat kéint een als Lëtzebuerger Hypokrisie vum Feinste bezeechnen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et wäert Iech elo net iwwerraschen, wann ech Iech soen, datt d’Piraten dëse Projet, an deen aneren och, net matstëmme wäerten. Sech fräi ze beweegen däerf net illegal sinn.

Ech soen Iech Merci.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Här Presi dent, däerf ech eng Fro stellen?

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools, Här Clement. Den Här Kartheiser wëllt Iech awer nach eng Fro stellen.

M. Sven Clement (Piraten). Dajee alt.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Ganz séier. Här President, an och Här Clement, léif Kolleegen, entschëllegt, mee et ass mer einfach wäertvoll fir nozefroen: Sinn d’Piraten dann der Meenung, datt et en onageschränkt Recht op Migratioun gëtt? Datt jiddweree ka sech dat Land eraussichen, wou e wëllt wunnen, an datt de Rechtsstaat zu Lëtzebuerg an deem Sënn net méi soll ausgeféiert ginn, wann eng Situa tioun ass, wou een irregulär hei ass, a mer dann net eis Gesetzer ausféieren?

A wann dat de Fall ass, a wéi engem Fall mengt den Här Clement dann, a mengen d’Piraten, datt mer eis Gesetzer sollen applizéieren, an a wéi engem net? Fir e Rechtsstaat eng interes sant Fro. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här Kartheiser, wann Der meng Ried nogelausch tert hutt, da kennt Der d’Äntwert. Merci.

(Hilarité générale)

M. Fernand Etgen, Président. Dat do war kloer an däitlech. An domadder géif ech d’Wuert …

(Brouhaha général)

… un d’Regierung ginn, den Här Ausseminister Jean Asselborn.

Prise de position du Gouvernement

M. Jean Asselborn, Ministre des Affaires étrangères et européennes. Här President, also ech wëll op déi zwou Saachen äntweren.

(Brouhaha)

Fir d’éischt, wat den Här Kartheiser gesot huet: fir op Bréissel ze fueren. Leider gëtt et Fäll an ech si jo elo schonn e puer Joer do derbäi , wou mer mussen op Bréissel fueren, fir eng Äntwert ze kréien, fir erauszefannen, wou déi Leit hier sinn. Do muss heiansdo den Dialekt gekuckt ginn, fir dass mer do och dat Richtegt maachen. Et ass och esou, dass mer all Kéier mussen Interpreten derbäi hu vun deene jee weilege Länner. Denkt un déi afrikanesch Länner!

Wou ech Iech Recht ginn bon, an dat ass eng Affär vun Europa, dass et verschidde Länner gëtt, wou mir zwar keng Kooperatioun maa chen, virun allem am Norde vun Afrika, déi zimmlech zéi sinn. A wann d’Europäesch Uni oun als Europäesch Unioun géif do handelen, anstatt dass bilateral verhandelt gëtt vun den Däitschen, vun de Fransousen, vun den Italiee ner, da wier déi Aufgab och vill méi einfach. Mir probéieren natierlech, well et fir d’Leit méi einfach ass, well et och fir d’Beamte méi ein fach ass, och fir d’Polizisten, dass se net brau chen op Bréissel ze fueren. Mee et gëtt Fäll, an ech kann Iech ee Land nennen, ech maachen et net ganz gären, mee et ass zum Beispill och, well mer vill Leit aus Afghanistan hei hunn. Et ass fir déi Leit heiansdo eng Plo, déi net eemol, mee zweemol, dräimol, mol méi dacks mussen dohinnerfueren. Do gi Leit vun ONGe mat do hinner an dann op eemol fält de Frang, fir dass déi Leit e Pass kréien! Et ass alles an der Theorie richteg, wéi Der sot, mee an der Praxis leeft et e wéineg anescht.

Ech wëll dem Här Clement just äntweren: Also, ech mengen, et war d’Madamm Reding, déi huet geschwat vun der Charte des droits fon damentaux. An an där Charte vun den Droits fondamentaux ass d’Convention de Genève vun 1951 dran. A Lëtzebuerg, wéi alleguerten d’europäesch Länner vun der Europäescher Unioun, huet déi Charte vu Genève ze appli zéieren.

An där Charte vu Genève steet dran, wat d’Konditioune sinn, fir dass ee kann als Migrant an engem europäesche Land ugeholl ginn. A souguer wa Lëtzebuerg wéilt déi Charte do ech weess net … zerrappen, wéi de Gaddafi eng Kéier d’Charte vun den Nations Unies zer rappt huet, wa mir och dat géife maachen, wiere mer nach ëmmer mam Problem konfron téiert! Mir hunn eis an der Europäescher Uni oun un europäescht Recht ze halen! An dat ass och Lëtzebuerger Recht!

Dat heescht: Wann e Mënsch d’Konditioune vun der Charte vu Genève respektéiert huet, ass en hei wëllkomm.

Wie kontrolléiert dat? Och do, ech hunn dat schonn eng Kéier hei viru kuerzer Zäit explizéi ert, ech soen et nach eng Kéier: Dat ass eng administrativ Prozedur. A wann déi schlecht ausgeet, hunn d’Leit ee Recours, éischt Instanz, zweet Instanz. An de Staat, dee bezilt och d’Af fekoten do derfir. An da gëtt eng Decisioun ge holl vum Riichter. An dann ass et déi Decisioun, am Prinzip, déi da spillt.

Sou! Dat huet näischt ze di mat iergendenger Verkrampfung. Mee wann een dat natierlech elo do refuséiert, da musst Der higoen a ku cken, dass mer d’Charte vu Genève änneren. Et ass schonn ee ginn, dee sech eng Kéier mat mer hat, deen heescht Salvini. Dee wollt d’Charte änneren, mee an engem ganz anere Sënn.

(Interruption par M. Sven Clement)

Voilà. Merci.