M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och dem Rapporter. Grad bei dësem Theema besser eng Punktlandung wéi eng Crashlandung.
(Hilarité)
Ech wëll och ganz kuerz op déi aussepolitesch Dimensioun vun dësem Accord agoen. Et ass jo esou, datt een net duerch Isolatioun zu engem Méi noKomme kënnt. A grad wann et hei drëm geet, fir Fräiheeten ze schafen, Fräiheete vun engem Echange, Fräiheeten, déi net forcement direkt mo netär ze bewäerte sinn, mee Fräiheeten, fir iwwer haapt emol méi no ze kommen, méi no ze réckelen, mateneen an en Austausch ze geroden, dann ass dat prinzipiell ze begréissen, well duerch Isolatioun gewënnt ee keng Aussepolitik. Deementspriechend kann ech hei nëmmen dem Ausseminister felici téiere fir déi véier Accorden, wou grad dee mat Uru guay, dat ass scho gesot ginn, dach immens wäit reechend ass, an déi eventuell eis do och Méiglech keete ginn, méi wäit ze goe wéi nëmmen dat, wat mer eis bis elo ge duecht hunn. An ech ginn och den Accord vun de Piraten.