Header for Projet de loi portant approbation1° du Traité de coproduction audiovisuelle entre le Gouver nement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement du Canada, fait à Ottawa, le 19 avril 2017;2° du « Film coproduction agreement between the Govern ment of the Grand Duchy of Luxembourg and the Government of the People’s Republic of China », fait à Beijing, le 12 juin 2017

Projet de loi portant approbation1° du Traité de coproduction audiovisuelle entre le Gouver nement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement du Canada, fait à Ottawa, le 19 avril 2017;2° du « Film coproduction agreement between the Govern ment of the Grand Duchy of Luxembourg and the Government of the People’s Republic of China », fait à Beijing, le 12 juin 2017

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation1° du Traité de coproduction audiovisuelle entre le Gouver nement du GrandDuché de Luxembourg et le Gouvernement du Canada, fait à Ottawa, le 19 avril 2017;2° du « Film coproduction agreement between the Govern ment of the Grand Duchy of Luxembourg and the Government of the People’s Republic of China », fait à Beijing, le 12 juin 2017” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och d’Piraten wäer ten haut fir Iech direkt d’Spannung ze huelen hiren Accord zu dësem Projet ginn, fir d’Traitéen iwwert d’Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg a Kanada an och tëscht eisem Land a China am Be räich vun audiovisuelle Koproduktiounen unzehue len.

Eise Filmsecteur huet d’Chance, vu villfältege finan ziellen Ënnerstëtzunge profitéieren ze kënnen. Mee ouni international Zesummenaarbecht sinn eis Méiglechkeeten einfach, opgrond vun der Gréisst vun eisem Land, awer limitéiert, egal wéi vill mer an de jeeweilege Secteur investéieren. Lëtzebuerg ass awer en oppent Land, fir dat den internationalen Handel a grenziwwerschreidend Kooperatioun quasi zur DNA gehéieren. An dofir ass et fir eis selbstver ständlech, och dës Accorde fir eng Zesummenaar becht mat Kanada a China am audiovisuelle Be räich unzehuelen.

Mir wëllen awer och drun erënneren, wéi wichteg et ass, datt mer dem Filmsecteur net einfach nëmme gewësse Ressourcen zur Verfügung stellen, sief et duerch national Finanzementer oder iwwert de Wee vun internationale Koproduktiounen, mee datt mer och kontrolléieren, wat mat eisen Ënnerstëtzunge gemaach gëtt. De Skandal iwwert déi schlecht Ge rance vum Filmfong an d’Verschwendung vun ëffentleche Gelder, déi domat verbonne war, huet gewisen, wat geschéie kann, wann d’Politik e Sec teur kënschtlech opbléist, vill investéiert, mee e schlechte Suivi mécht. Esou eppes däerf sech net widderhuelen.

D’Politik ass et de Steierzueler hei am Land an duerch Accorde wéi déi heiten u sech och den Awunner vun eise Partnerstaate schëlleg ze iw werpréiwen, wéi de Filmsecteur staatlech Gelder in vestéiert. An d’Politik ass et och all deene Kultur schafende schëlleg, déi net am Beräich vum Audio visuellen aktiv sinn an dofir net vun deene grouss zügegen Ënnerstëtzunge profitéieren, déi Lëtze buerg aktuell fir de Filmsecteur virgesäit.

Mir freeën eis iwwer all Ausgab déi de Staat mécht, fir de Kultursecteur ze ënnerstëtzen, wëllen hei awer och d’Fro an de Raum stellen, ob et wierklech gerecht ass, de Beräich vum Audiovisuelle par rap port zu anere kulturelle Secteuren duerch deelweis ganz héich ëffentlech Ausgaben ze favoriséieren. Dat ass eng Fro, mat där mer eis, wann et ëm d’Lët zebuerger Wirtschafts a Kulturpolitik geet, allge meng befaasse mussen an déi de Kader vun dëser Ried géif sprengen. Natierlech wär esou eng Auser nanersetzung op där richteger Plaz awer néideg. An déi richteg Plaz si jo dann déi kommend Diskus sioune iwwert de Kulturentwécklungsplang, wou mer dës Diskussiounen eng Kéier kënnen opgräifen.

Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten fir dëse Projet. Ech soen Iech Merci.