Header for Projet de loi portant création d’un Observatoire national de la santé et modification1° de la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et a la plantification hospitalire 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1982 relative aux organes destinés a la transplantation3° de la loi modifiée du 7 aout 2012 portant création de l’établissement public « Laboratoire national de santé »

Projet de loi portant création d’un Observatoire national de la santé et modification1° de la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et a la plantification hospitalire 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1982 relative aux organes destinés a la transplantation3° de la loi modifiée du 7 aout 2012 portant création de l’établissement public « Laboratoire national de santé »

Dës Ried hunn ech den 11/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant création d’un Observatoire national de la santé et modification1° de la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et a la plantification hospitalire 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1982 relative aux organes destinés a la transplantation3° de la loi modifiée du 7 aout 2012 portant création de l’établissement public « Laboratoire national de santé »” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen: „3 in 1“, bekannt aus der Werbung an elo och an der Chamber. Dëst Ge setz mam Intitulé de citation „loi du, Datum, portant création d’un Observatoire national de la santé“ léisst een am éischte Moment vläicht gleewen, et géif nëmmen ëm eppes goen: ëm en Observatoire national de la santé. Mee wäit gefeelt!

Eng Dispositioun iwwer Organspenden an eng iwwert d’Zesummenaarbecht tëscht dem LNS, dem Laboratoire national de santé, an dem Ministère fir de Konsumenteschutz gëtt et gratis nach mat dobäi. Gesäit esou en transparente Gesetzgeebungspro zess aus? Nee! Fënnt de Conseil d’État esou Cava liers législatifs gutt? Nee! Hunn ech hei am héijen Haus scho méi wéi eemol gesot, datt dës Praxis, an engem Gesetz Ännerungen ze verstauen, déi guer näischt mam eigentleche Sujet ze dinn hunn, abso lutt inakzeptabel ass? Op alle Fall! Mee änneren deet sech trotzdeem näischt.

Ech fäerten esou lues, datt d’Uleies, d’lëtzebuer gesch Gesetzgeebung transparent a lieserlech ze gestalten, e ganz perséinleche Kampf hei géint d’Wandmille gëtt. Mee bis elo sinn ech es nach net midd, mech ze widderhuelen, a wäert duerfir haut an och nach bei all kommendem Gesetz, dat duerch ze vill Querverweiser oder eng Vermëschung vu Su jeten opfält, drun erënneren, datt eng Gesetzgee bung eppes Klores a Verständleches soll sinn a kee chaotesche Mischmasch.

Mee gutt, dat ass wuel e laange Prozess an e Pro blem, deen och haut hei net geléist wäert ginn. An duerfir wäert ech dann d’Riedezäit fir dëse Projet an dräi deelen a mech deenen dräi ganz verschid dene Sujete widmen.

Ech fänken awer u mat engem Merci un d’Rappor trice, déi hei eeben déi dräi Theemen och duerge luecht huet, ech mengen och, datt esou jiddweree verstanen huet, ëm wat et geet. Duerfir kommen ech dann och direkt op eis Punkten ze schwätzen.

Fänke mer mam Observatoire national de la santé un. D’Covidpandemie huet eis gewisen, wéi wichteg Datenerhiewung an och wëssenschaftlech Etüde fir eng gutt Gesondheetspolitik sinn. Nëmme wa be kannt ass, wou d’Problemer leien a wéi se kéinte vermidden oder geléist ginn, kann d’Politik déi rich teg Mesuren huelen.

Mir Piraten freeën eis duerfir, datt en onofhängegen Observatoire an Zukunft soll Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand vun der Populatioun sammelen, evaluéieren, awéifern et Ënnerscheeder tëscht de Populatiounsgruppe gëtt, wat hir Gesond heet ugeet, a villfälteg Etüde lancéieren. Dat ass eng wichteg Missioun, net nëmme fir d’Santé pu blique, mee och fir d’Gläichstellung an Integratioun, wann zum Beispill erausfonnt géif ginn, datt ver schidde Persounegruppe vu gewësse medezinne schen Offere manner Gebrauch maache wéi anerer an duerfir vläicht méi oft mat bestëmmte Sympto mer ze kämpfen hunn.

Iwwert déi gesetzlech virgeschriwwe Publikatioun an Diffusioun vu Fuerschungsresultater an Informa tiounen iwwert de Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung eraus géife mir Piraten eis awer freeën, wann den Observatoire och Daten, mat deene geschafft gouf, an anonymiséierter Form géif publizéieren. Et ass gutt, eng Institutioun ze hunn, déi Recherche mécht, mee nach besser ass et, zousätzlech Fuerscher aus dem ganze Land a souguer international Daten zur Verfügung ze stellen, déi och vun hinne kënnen ausgewäert ginn, ganz am Sënn vun Open Science, well esou kënne Resultater iwwerpréift a villfältegst Auswäertunge gemaach ginn.

Wat d’Besetzung vum Observatoire betrëfft, ënner stëtzen d’Piraten, datt et e Conseil soll si mat Ex perten mat verschiddenste Kompetenzen aus dem Beräich vun der Santé a, virun allem, datt se onof hängeg hir Observatiounen, Constaten a Proposi tiounen ausschaffen, mee mir wëllen hei awer ze bedenke ginn, datt ee sech d’Fro stelle muss, an dat gouf virdrun och e puermol gemaach, awéifern eng wierklech Onofhängegkeet iwwerhaapt méiglech ass bei duerch e Minister gewielten a vum Staat be zuelte Membere vun engem Conseil.

Mir verstinn, datt esou en Observatoire, an dee staatlech Gelder, an zwar net ze knapp, fléissen, och enger gewësser staatlecher Kontroll soll ënner leien, hoffen awer, datt d’Regierung hei vun hirem Aflosskader esou wéineg wéi méiglech Gebrauch wäert maachen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst mech dann zum zweeten Deel vun dësem Gesetz kommen. An entschëllegt dësen e wéineg abrupten Theemewiessel, wann ech elo op eemol de Sujet vun den Organspenden uschwätzen. Dëst ass awer, wéi gesot, der Aart a Weis, wéi an dësem Gesetzes text Sujete vermëscht goufen, geschëllt an net menger Volontéit, déi Theemen einfach mateneen ze vermëschen.

D’Fro, ob een no sengem Doud seng Organer wëllt spenden oder net, dat ass keng einfach. Eigentlech weess een, datt ee se jo selwer, nodeems ee ver stuerwen ass, net méi brauch. An awer erfëllt d’Iddi, iergendwann net méi do ze sinn an Deeler vu sech fort ze ginn, mat Schrecken. Et ass en düüstert Theema. A wann een net muss, da wëllt een am léifste guer net doriwwer nodenken. Wann ee sech awer Zäit senges Liewens net mat der Fro vun enger méiglecher Organspend auserneesetzt, kann dat fir d’Frënn an d’Famill, déi zum Beispill am Fall vun engem onerwaarten a schwéieren Accident mussen uginn, ob dee Verletzten, déidlech Veron gléckten, jee uginn huet, net wëllen Organspender ze sinn, ganz schwéier ginn.

Fir jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, seng Ent scheedung bezüglech enger Organspend individuell ze huelen a festzehalen, gëtt mat dësem Gesetz elo also festgehalen, datt d’Fro, ob een Organspender wëllt sinn oder net, am digitalen Dossier de soins partagé agedroe ka ginn an datt dësen Dossier am Noutfall vum Dokter consultéiert ka ginn, fir engem Patient säin diesbezügleche Wonsch ofzeliesen.

Fir all déi Persounen, déi keen digitale Patienten dossier wëllen hunn, besteet dobäi natierlech wei derhin follgend Méiglechkeet, an do wëll ech och hei e fermen Appell maachen, fir vun deene Méig lechkeete Gebrauch ze maachen: Dir kënnt eng App eroflueden, wou Der Äre Wonsch kënnt hanner leeën, Dir kënnt Iech de klasseschen Auswäis, den Dond’organesAuswäis, an Äre Portmonni leeën. A schwätzt mat Äre Frënn a mat Ärer Famill doriwwer, wat Äre Wonsch ass, well nëmme wann Äre Wonsch kloer artikuléiert gëtt, kann een en och no Ärem Doud suivéieren.

Et ass extreem wichteg, de Leit einfach Weeër un zebidden, fir hire Wonsch zu dësem dach sensibele Sujet auszedrécken, an duerfir ënnerstëtze mir et och, datt een dat heite kann an Zukunft am Dossier de soins partagé androen, obwuel, an da kommen ech erëm op dat, wat ech am Ufank gesot hunn, mer eis gewënscht hätten, et wier e separaten Text gewiescht, well mam Observatoire national de la santé hunn d’Organspenden nun emol häerzlech wéineg ze dinn, mat Ausnam, datt et bei deenen zwou Saachen ëm d’Santé geet.

An dat bréngt mech dann och schonn zum leschte Punkt, dem drëtten Deel, deen u sech och en ee gene Projet gebraucht hätt, nämlech dem Labora toire national de santé. Och do geet et just erëm ëm d’Santé, et ass awer hei nach e bësse manner no un der Santé wéi d’Organspenden, well hei geet et u sech drëm, dem Ministère fir Konsumente schutz déi néideg Expertis zur Säit ze stellen. An duerfir soll den LNS dem Ministère an Zukunft bei Analysen, Kontrollen a Recherchen am Beräich vum Konsumenteschutz hëllefen.

D’Kompetenze vum LNS goufen duerfir ausgeweit an och eng Konventioun zwëschent den zwou Enti téiten, déi hir Kollaboratioun definéiere soll, ass virgesinn. Ouni weider Awänn kann ech awer och zu dësem Deel vum Gesetz den Accord vun de Piraten ginn, esou datt mer de gesamte Projet vun haut trotz senger chaotescher Form matstëmme wäerten. Hei iwwerweit den Inhalt zu der Form. Mee ech wënsche mer trotzdeem, datt an Zukunft vun änleche Vermë schunge bei Gesetzesprojete géif ofgesi ginn.

Merci.