Header for Projet de loi portant dérogation :1° à l’article 26, paragraphe 2, point 3, de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental ;2° à l’article 6, alinéa 4, de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental

Projet de loi portant dérogation :1° à l’article 26, paragraphe 2, point 3, de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental ;2° à l’article 6, alinéa 4, de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental

Dës Ried hunn ech den 11/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation :1° à l’article 26, paragraphe 2, point 3, de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental ;2° à l’article 6, alinéa 4, de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Als Éischt emol e grousse Merci un de Rapporter, dee sech hei an extreem kuerzer Zäit huet mussen net nëmme mat engem Pro jet, mee direkt mat enger ganzer Hickecht vu Projeten ofginn, fir déi ze preparéieren an och ze presentéieren. A mir wäerte bei deenen nächste Projeten nach erliewen, datt en dat ganz exzellent preparéiert huet.

(Interruption)

Wat de Fong vun dësem Projet ugeet, mengen ech, ass alles gesot. Et ass relativ kloer. Et ass e relativ kuerze Projet. Nichtsdestotrotz ass et awer wichteg, dorop ze insistéieren, datt wierklech hei keen däerf duerch eng Kris en Nodeel kréien. Et däerf net zum Nodeel vun de Kanner goen, déi ënner extraordinäre Circonstancen hei hiert Schouljoer hu musse fäerdegmaachen. A virun allem dat lescht Schouljoer am Fonda mental ass eent, wat schonn an normalen Zäite vu Stress gepräägt ass, well ee sech op déi Epreuvë preparéiert, well een ziddert, wouhin een orientéiert gëtt. A wien an de leschten Deeg e bëssen op de sozialen Netzwierker ënnerwee war, deen huet, wann en dann e puer houfreg Grousselteren a senger Frëndes grupp huet, ganz séier gesinn, datt d’Freed dach meeschtens ganz grouss war, wann hir Enkelen dann orientéiert goufen.

Deen zweete Punkt ass awer net manner wich teg. Et geet nämlech net nëmmen drëm, fir hei d’Kanner ouni Nodeel duerch déi Kris kommen ze loossen, mee eeben och d’Léierpersonal res pektiv dat zukünftegt Léierpersonal. Mir wës sen alleguerten, datt Léierpersonal net deen einfachste Beruff ass, dee mer hei zu Lëtze buerg am Staatswiesen offréiere kënnen. Et ass och sécherlech net deen, deen am renom méiertsten ëmmer ass. Do war et an der Ver gaangenheet vläicht emol anescht.

Mee et ass e schwéiere Beruff. Et ass e Beruff, wou ee sech mat vill Häerzblutt muss drastie chen. An och do muss een … An ech mengen, dat ass vläicht virdrun e bësse kuerz komm, datt déi meescht dat a véier Joer preparéiert haten an hir Dossiere prett haten. Et ass awer net jiddwereen, dee kapabel war oder gewëllt war, dat an där Zäit ze packen. An deement spriechend ass et och hei wichteg, datt mer deenen, déi sech schonn engagéieren, fir eis Kanner do ze eduquéieren, net zousätzlech Steng duerch eng Kris an de Wee leeën.

An dofir wäerten d’Piraten dëse Projet de loi och matstëmmen.