Header for Projet de loi portant dérogation à l’article 33 de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle

Projet de loi portant dérogation à l’article 33 de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle

Dës Ried hunn ech den 11/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation à l’article 33 de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech sot et scho virdrun: Et däerf ken gem duerch d’Kris en Nodeel geschéien. Dat soll net beim Léierpersonal sinn, dat soll net bei de Kanner am Fondamental sinn an dat soll och net bei deene sinn, déi eng Léier maachen, eng Beruffsausbildung maachen. Deementspriechend, als Éischt nach eng Kéier merci un de Rapporter, dee sech dës Kéier be sonnesch Méi ginn huet, fir eis de Rapport virzedroen, wann dat och éischter technesche Problemer geschëlt war. Mee vun de Piraten aus gëtt et och heifir den Accord, well: Et soll kengem en Nodeel geschéien, ob een e Brëll brauch oder net!

(Hilarité)