Header for Projet de loi portant dérogation aux articles 38, 39 et 68 de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental

Projet de loi portant dérogation aux articles 38, 39 et 68 de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental

Dës Ried hunn ech den 11/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation aux articles 38, 39 et 68 de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Lo muss ech mech eng Kéier kuerz erblosen, well wann ech dat doten alles héieren hunn, da sinn ech frou, datt ech nach nom Här Kartheiser erauskommen, fir awer kloerzemaa chen, datt mir anerer Meenung sinn.

Et ass kloer, datt d’Kanner d’Schoul vermësst hunn. Et ass kloer, datt d’Kanner hir Kollee ginnen a Kolleegen an der Schoul vermësst hunn, datt d’Kanner de sozialen Echange an der Schoul vermësst hunn.

Wie sech déi éischt Deeg mam Léierpersonal ënnerhalen huet, jo, deen huet héieren, datt villes net direkt esou geklappt huet, wéi et sollt, datt iwwerall e bësse Quacke waren, datt iwwerall déi eng oder aner Saach schifgaangen ass. Ech mengen, de Georges Mischo huet dat virdru gesot: Et war eppes, wat séier huet musse goen. Et war eppes, wat net onbedéngt vum éischten Dag un zu 100 % funktionéiert huet.

An och haut nach verlaangen déi A a BWoche vum Léierpersonal en aussergewéinlechen Effort, deen an normale Schaffwochen u sech net geleescht gëtt. Et ass en Effort, fir enger säits de Kanner eppes bäizebréngen, déi do sinn, anerersäits d’Kanner ze ënnerstëtzen, déi dat nämmlecht oder dat vu leschter Woch do heem sollen opschaffen.

Et ass sécherlech net einfach, ënnert deene Be déngunge Schoul ze halen! An et ass och net einfach, ënnert deene Bedéngungen an d’Schoul ze goen. Dat stellt keen a Fro. Et ass genausou, wéi et och am Aarbechtsliewen net fir jiddwereen einfach ass, sech de geännerte Konditiounen, déi mer duerch d’Kris haten an hunn, unzepassen.

Mir Piraten sinn der Meenung, datt et richteg war, datt d’Kanner erëm an d’Schoul gaange sinn, datt et richteg war, datt d’Kanner erëm de Kontakt mam Léierpersonal haten. Iwwert déi genau Datumer, wéini dat geschitt ass, iwwert déi genau Mesuren, wéi dat geschitt ass, kann ee sech elo ganz gutt a ganz laang streiden. Ech mengen, do gëtt et esou vill Meenungen, wéi et Acteuren am Schoulwiese gëtt. An och dat ass eppes, wat, mengen ech, net ongewinnt ass, wann et ëm d’Schoul geet.

Wat awer hei wichteg ass, ass, datt mer dee System, deen elo leeft, déi nächst Wochen net nach eng Kéier op d’Kopp stellen. Et ass wich teg, datt mer dee System, wou mer eis elo iwwert déi lescht Wochen erageschafft hunn, net mam Ophale vum État de crise einfach nach eng Kéier op d’Kopp werfen an dann nach eng Kéier vu vir ufänken. Deementsprie chend ass deen heite Projet de loi jo einfach nëmmen d’Weiderféiere vun deem, wat bis elo an der Schoul gemaach gouf. An ech mengen, deementspriechend gëtt et och kee Grond, fir haut dergéint ze sinn.

Et gëtt e Grond, fir verschidde Mesuren dovun ner ze kritiséieren. Dat hu mer gemaach, wéi se agefouert goufen, an ech kéint elo nach eng Kéier 20 Minutten doriwwer referéieren. Mee Fakt ass: Dat géif näischt änneren. Fakt ass: Et bréngt eis elo just weider, wa mer de Kanner an dem Léierpersonal déi néideg Rou ginn, fir d’Schouljoer gutt op en Enn ze bréngen. Dofir wäerte mir dëse Projet och matstëmmen.