Header for Projet de loi portant dérogation aux dispositions:1° des articles L. 1511, alinéa 1er, et L. 1514, du Code du travail;2° de l’article 16 de la loi modifiée du 19 mars 1988 concernant la sécurité dans les administrations et services de l’État, dans les établissements publics et dans les écoles;3° des articles 6 et 17 de la loi modifiée du 10 juin 1999 relative aux établissements classés; 4° des articles 22, 25, 26 et 28bis de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse

Projet de loi portant dérogation aux dispositions:1° des articles L. 1511, alinéa 1er, et L. 1514, du Code du travail;2° de l’article 16 de la loi modifiée du 19 mars 1988 concernant la sécurité dans les administrations et services de l’État, dans les établissements publics et dans les écoles;3° des articles 6 et 17 de la loi modifiée du 10 juin 1999 relative aux établissements classés; 4° des articles 22, 25, 26 et 28bis de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse

Dës Ried hunn ech den 17/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation aux dispositions:1° des articles L. 1511, alinéa 1er, et L. 1514, du Code du travail;2° de l’article 16 de la loi modifiée du 19 mars 1988 concernant la sécurité dans les administrations et services de l’État, dans les établissements publics et dans les écoles;3° des articles 6 et 17 de la loi modifiée du 10 juin 1999 relative aux établissements classés; 4° des articles 22, 25, 26 et 28bis de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ier ech ufänken, iwwert dëse Projet ze schwätzen, wollt ech ganz kuerz op d’Umierkunge vum Educatiounsminister agoen, deen ugekënnegt huet, driwwer nozedenken, d’A an d’B Wochen erëm ofzeschafen a fir déi lescht zwou Wochen all d’Schülerinnen an d’Schüler ze summen an d’Klassen ze ruffen.

De Moie konnt een um soziokulturelle Radio eng vu menge fréiere Proffen aus dem Lycée héieren, déi gesot huet: „Majo, dat ass eng gutt Propos, mee et ass net de Problem, deen d’Schülerinnen an d’Schüler am Moment hunn, an och net d’Léierpersonal.“ Et geet net drëm, sech onbedéngt erëm a méi grousse Gruppen ze gesinn, et geet drëm, iwwerhaapt erëm en normalen Unterrecht, oder méi en normalen Unterrecht kënnen ze hunn, sech erëm kënnen an d’Gesiicht ze kucken, net gedämpft duerch Plexiglas oder duerch Masken, datt een d’Distanzen anhält, mee vläicht ouni Mask, oder vläicht mat Mask, awer ouni déi grouss Distanzen déi nämmlecht Reegelen, déi mer fir jiddwer aneren och hunn. Ech mengen, datt et méi wichteg ass, e gutt Schoulhalen ze erméiglechen. An dozou gehéiert och, dem Léierpersonal an dem ganze Personal, wat d’Schoul encadréiert, d’Méiglechkeet ze ginn, e Plang ze maachen a mat deene Pläng dann och kënnen ze schaffen. An ech mengen, genau do ass d’Kromm an der Heck. Well wa mer elo nach eng Kéier fir zwou Wochen de Plang op d’Kopp werfen, da mussen erëm ganz vill Iwwerstonne geleescht ginn, fir déi Pläng ze arrangéieren. D’Personal muss sech reorganiséieren, d’Léierpersonal, wat elo deelweis fräiwëlleg Iwwerstonne mécht, fir op déi 25 Stonnen ze kommen. Falen déi zréck an hir al Systemer? Maache se weider fräiwël leg Iwwerstonnen?

Bref, do sinn eng ganz Rëtsch oppe Froen, wou ech mer dach léiwer géif erwaarden, mir géifen déi Diskussioun op d’Schoulorganisatioun am September schiben an de Schülerinnen, de Schüler an dem Léierpersonal e gutt an dach en esou normal wéi méiglecht Enn vun dësem Joer erméiglechen.

Här President, mir hunn an deem exzellente Rapport, deen de Gilles Baum eis virgedroen huet, iwwer eng ganz Rëtsch Punkten an dësem Gesetz eppes héieren an duerfir wëll ech net op all eenzelne Punkt nach eng Kéier agoen, well ech mengen, datt ganz vill do scho gesot gouf. Ech plécke vläicht just zwou Saachen eraus.

Dat eent, dat ass sécherlech de Volet vun der Steierbefreiung vun de Studenten. Ech deele sécherlech d’Suerg, datt dat eng ongläich Behandlung ass. Mee wann et eng ongläich Behandlung ass, da misst ee sech d’Fro stellen, ob et net nach ganz aner ongläich Behand lungen an deem System gëtt, wou Leit, déi déi nämmlecht Schoulen hunn, awer duerch ënnerschiddlech Kontrakter engagéiert sinn, ënnerschiddlech bezuelt ginn an deement spriechend och ënnerschiddlech Chargeso cialle bezuelen, ënnerschiddlech Steiere bezuelen an um Enn vun hirer Karriär mat enger ënnerschiddlecher Pensioun dostinn, obwuel se eventuell 40 Joer genau déi näm mlecht Aarbechte geleescht hunn.

Dat sinn och ongläich Behandlungen, iwwert déi ganz wéineg Wierder verluer ginn. Mir soll ten eis also hei elo wierklech net doriwwer opreegen, datt grad déi, déi am mannste ver déngen an deem System an déi mer gebraucht hunn, fir en anstännegt Schoulwiesen elo déi lescht Wochen iergendwéi oprechtzeerhalen, e klenge Bonus kréien. Ech wär och gespaant, ech hunn de genaue Montant net erausfonnt, op wivill sech dann déi Steiererliichterunge chiffréieren. Ech mengen, datt dat an deem ganze Projet hei sécherlech dee klengste Batz ass. Do kann de Minister eis jo vläicht herno e bëssen eppes nach derzou verzielen.

Wat ech och gutt fannen, an dat ass, mengen ech, déi zweet Mesure, dat ass dat mat de Chèquesservices d’accueil. Ech fannen et gutt, datt mer hei eng séier, einfach a konkreet Léi sung fonnt hunn, fir nach eng Kéier deene Leit, déi drop ugewise sinn, e bësse méi Netto vum Brutto um Enn vum Mount ze loossen, an dat ganz ouni datt se sech Suerge mussen drëm maachen, wéi hir Kanner encadréiert sinn. Esou hu mer eng Kontinuitéit vun der Kannerbetrei ung. An ech mengen, déi Kontinuitéit, esou wéi ech et bei den A a BWochen ugeschwat hunn, ass eppes, wat mer sollte bis d’Enn vum Schouljoer bäibehalen, soudatt d’Elteren, déi déi Choixe getraff hunn, net nei Choixe mus sen treffen.

Dat gesot, Här President, markéieren ech den Accord vun de Piraten fir dëse Projet, well mer der Meenung sinn, datt d’Kontinuitéit wichteg ass an datt mer sollten dëst Schouljoer esou gutt wéi méiglech op en Enn bréngen.

Ech soen Iech Merci.