Header for Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail

Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 09/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Elo wollt ech einfach nëmme soen: „Et ass en Déjà vu, mir ginn eisen Accord.“ Dunn huet d’Madamm Cecchetti mer e klenge Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Mee merci nach eng Kéier hei un de Rapporter fir dee kuerzen a pregnante Rapport iwwer eng ganz punktuell Ännerung, déi awer ganz wichteg ass, fir eebe grad jonke Mënsche keng Steng an de Wee ze leeën. An dofir gëtt et dann och vun eis gréng Luucht.