Header for Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1216 du Code du travail

Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1216 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 1216 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verspriechen, ech maachen et och net ze laang. Et geet mer awer ëm e weideren Aspekt, op deen ech wollt agoen, nodeem de Kolleeg Marc Baum hei schonn iwwert d’Schäiselbststänneger geschwat huet. An ech wollt awer op e Problem éischter beim Contact tracing agoen respektiv wou mer, mengen ech, net nëmmen hei mam Gesetz nobesseren, mee wou mer insgesamt eis missten eng Kéier d’Fro stellen, ob mer net méi effikass kënne mat de Quarantänen an Isolementer ëmgoen Dir kënnt Iech et denken, ech schwätze vun der Schoul.

Ech hunn an deene leschte Wochen e puer Ques tionparlementairen zu deem Theema gestallt. An d’Kolleegen, déi sech mam Theema beschäftegen, déi wëssen: D’Ekipp vum Contacttracing schafft esou gutt, wéi et nëmme geet. Si maachen hiert Mënscheméiglechst an et ass einfach verschidden Deeg net méiglech, jiddwereen dee Moment unze ruffen, wou e misst ugeruff ginn, an et kënnt ein fach zu Situatiounen, wou Leit e bësse méi laang drop waarden, bis se dann hire Code hunn, mat deem se sech da kënne hir Ordonnance froen, sou datt et iwwerall am System zu Retarden, zu Couacke kënnt. An dofir ass dat Gesetz hei esou wichteg. Mee mir misste vläicht och eng Kéier méi fréi usetzen. Mir misste vläicht nieft deem heite Ge setz, dat éischter d’Plooschter op der Wonn ass, dat éischter d’Symptomer bekämpft, nämlech dat, wat hannen erauskënnt, misste mer vläicht och do madder ufänken, datt mer et vläicht och grad an de Schoule méi einfach maachen, d’Quarantänen an d’Isolementer auszeschwätzen, wa Kanner respek tiv Enseignanten a Kontakt mat Positive waren, res pektiv wa mer net méi am Zeenario 1 sinn, mee an déi Zeenarie ginn, wou wierklech d’Leit doheem bleiwen.

Dat géif nämlech engersäits d’Ekippe vum Contact tracing entlaaschten. Dat gëtt jo schonn zum Deel an der Schoul gemaach, mee fir d’Ordonnance ass dann herno awer d’Direction de la Santé zoustän neg, wat dann natierlech derzou féiert, datt dës Ekipp zousätzlech belaascht gëtt, wat natierlech erëm zu méi Retarde féiert, wat dat heite Gesetz erëm méi néideg mécht.

Dir gesitt, egal, wou mer dat heiten upaken, mir kom men ëmmer an en Däiwelskrees wou, wat méi Fäll betraff sinn hoffe mer, datt dat an Zukunft erof geet , wat mer méi Retarde kënne kréien, wat méi derzou féiert, datt mer dat heite Gesetz brauchen.

Dofir, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Dir wäert ver stoen, mir wäerten dat heite Gesetz matstëmmen aus puerer Iwwerzeegung, datt et wichteg ass, datt kee Salarié iergendwellech negativ Konsequenzen dervun huet, wann e sech aus Precautioun a Qua rantän oder an Autoquarantän setzt en attendant, datt en dann eng Ordonnance vun der Santé kritt.

Dat Gesetz hei muss sinn, fir Aarbechter ze schüt zen.

Ech wëll dann awer, nodeem ech elo laang ge schwat hunn doriwwer, datt se net nokomme beim Contacttracing, all deene Leit am Santésministère a virun allem de Leit am Contacttracing awer nach eng Kéier villmools Merci soen, well och si schaffe säit dem Ufank vun dëser Kris all Dag ouni Paus an hiren Asaz ass onbezuelbar. Wéi gesot, virun allem, wat d’Covidfäll an der Schoul ugeet, kéint een dat Ganzt menger Meenung no e bësse vereinfachen, si entlaaschten. An domadder och dat heite Gesetz fir eng Rëtsch Leit manner néideg maachen.

Dat gesot, gi mer den Accord vun de Piraten. Ech soe Merci.