Header for Projet de loi portant dérogation temporaire aux articles L. 5241, L. 5242, L. 524 5, L. 5411 et L. 5412 du Code du travail

Projet de loi portant dérogation temporaire aux articles L. 5241, L. 5242, L. 524 5, L. 5411 et L. 5412 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 23/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation temporaire aux articles L. 5241, L. 5242, L. 524 5, L. 5411 et L. 5412 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech ka mat deem Gesetz hei ganz vill ufänken, well et wierklech de Leit direkt hëlleft. Et gëtt ee klenge Bemoll, deen ech fir mech perséinlech awer fonnt hunn, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat ass, datt de Contrat de réin sertionemploi, dee soss fir Leit, déi e bësse méi al ware wéi ech, gegollt huet, géif elo souguer scho fir mech gëllen. An ech hu mech bis elo mat 31 nach als jonk gesinn.

(Brouhaha et interruptions)

Dat heescht, dat ass e bëssen e klengt Schock gefill, muss ech esou soen, wann een dann op eemol liest, datt een duerch de Vott vun engem Gesetz quasi zu deenen net méi ganz esou Jonke gehéiert, …

M. Mars Di Bartolomeo, Président de sé ance. E, e, e!

M. Sven Clement (Piraten). … datt een och net méi zum Jugendchômage géif gehéie ren.

(Interruption)

Ech hunn net gesot „al“, Här President, …

(Hilarité)

… ech hu gesot „net méi ganz esou jonk“. Nichtsdestotrotz, mengen ech, ass et wichteg, datt mer fir all Alterstranche Mesurë schafen. Bei deene Jonken hu mer eng ganz Rëtsch Me suren, déi et scho ginn. Deen eenzege Bemoll, deen ech kucken, wann ech elo esou d’Mesurë kucken, ass, datt zwëschent 26 an 30 nach véier Joer net duerch Mesuren ofgedeckt sinn. Ech ginn dann awer dovun aus, datt mer do iergendwa bäikommen.

Et kann awer sinn den Här Kersch kuckt mech e bësse skeptesch , et ka sinn, datt ech do dann eng Mesure net fonnt hunn. Deementspriechend kann ech awer trotz dem Bemoll, datt ech elo mat engem Vott hei e bësse méi al ginn, ganz gutt mat deem Gesetz liewen an ech ginn eisen Accord.