Header for Projet de loi portant dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451 et L. 23453 du Code du tra vail

Projet de loi portant dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451 et L. 23453 du Code du tra vail

Dës Ried hunn ech den 24/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451 et L. 23453 du Code du tra vail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Als Éischt e Merci un de Rapporteur, dee jo näischt fir dee ganz serréierten Zäitplang kann. Deen Zäit plang war ganz serréiert, dat huet de Marc Baum hei ugeschwat. Ech denken och, datt een do an Zukunft e bësse méi Previsibilitéit bräicht, net nëmme fir d’legislativ Aarbecht, mee och fir d’Leit dobaussen. Dat heiten ass erëm eppes, wat e bëssen iwwer stierzt wierkt. Dat huet ee gemierkt an der Aarbecht, wéi mer se gemaach hunn.

Nichtsdestotrotz, de Rapport, dee virgedroe gouf, ass souwuel mëndlech wéi och schrëftlech exzellent gewiescht. Ech froe mech heiansdo, wéi een dat an där kuerzer Zäit soll hikréien. Et ass awer gelongen. A mir wäerten, well et néideg ass, den Accord fir dëse Projet och ginn.