Header for Projet de loi portant introduction de certaines mesures temporaires relatives à l’ap plication de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immi gration

Projet de loi portant introduction de certaines mesures temporaires relatives à l’ap plication de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immi gration

Dës Ried hunn ech den 18/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction de certaines mesures temporaires relatives à l’ap plication de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immi gration” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hat elo e bëssen d’Gefill, am falsche Film ze sinn, well mer iwwer e Gesetzesprojet à l’appui schwätzen an eng fundamental Diskussioun ënner anerem iwwer Rassismus an iwwert d’Recht vu Leit, do ze liewen, wou se wëlle liewen, féieren.

Ech erënnere mech dorunner, datt mer och hei am héijen Haus scho vu Politiker, och vun der Regierung den Term zum Beispill „nigerianesch Mafia“ an enger Kommissioun ze héiere kruten, iwwregens en Term, géint dee mir eis als Pira ten vehement gewiert hu mat engem Bréif och un de Chamberspresident, datt een net esou rassistesch Termen, déi eppes reng op eng Nationalitéit oder reng op eng Hautfaarf limi téieren, soll benotzen. Well hautdesdaags geet et net méi duer, kee Rassist ze sinn. Hautde s daags muss een Antirassist sinn! (Interruptions)

Dat als Éischt emol gesot. Här President, ech hunn d’Wuert, wannechgelift.

M. Fernand Etgen, Président. Genau! Den Här Clement huet d’Wuert.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

(Interruption par M. Fernand Kartheiser)

Am Kader vun der Coronakris …

M. Fernand Etgen, Président. Wannech gelift, Här Kartheiser, den Här Clement huet d’Wuert, hunn ech just gesot.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Dierf ech wannechgelift eng Fro stellen?

M. Fernand Etgen, Président. Dat kënnt Der dann duerno maachen.

Sout, Här Clement, elo ass déi néideg Rou erëm do. Dir kënnt elo weiderfueren.

M. Sven Clement (Piraten). Am Kader vun der Coronakris war et fir d’Europäesch Unioun immens wichteg, eng kohärent Politik vun hire Baussegrenzen ze verfollegen. Dorop huet d’Kommissioun och méifach higewisen. Dës Kohärenz war innerhalb vun Europa net ëmmer wierklech do. Verschidde konservativ Politiker hu gemengt, et kéint een de Virus u Landesgrenze stoppe respektiv se misste bei hire Wieler den Haarde markéieren an d’Grenzen zoumaachen, fir no banne Stäerkt ze weisen. Dat ass iergendwéi eppes, wat heiansdo esou e Gest ass fir ze weisen: „Ech sinn dee Staarken, dofir maachen ech d’Grenzen zou!“ A wie bestrofe se domadder? Ma genau déi, wou se argumentéieren, se wéilte se schützen.

Also ech ginn dem David Wagner do schonn e bësse Recht, datt et e bëssen Hypokrisie ass ze mengen, andeem ee grad déi Schwächste géint aner Schwaacher ausspillt, datt een doduerjer op eemol en Haarde wär. Dat ass nämlech bei Wäitem net esou. An ech mengen, datt dat éischter en Aarmutszeugnis fir déi Politiker ass, déi gemengt hunn, e Virus, deen iwwert d’Loft iwwerdroe géif ginn, géif op enger Grenz, déi op Pabeier definéiert ass, Halt maachen. E Virus ass net esou intelligent, datt en iergendeen Traité vun anno Tubak liese kann a weess, wou eng Grenz ass. E Virus ass esou domm, datt en tatsächlech déi Grenzen einfach ignoréiert.

A wie mengt, mat Grenzenzoumaache géif e Virus sech stoppe loossen, deen huet, mengen ech, an der Bio net opgepasst.

Här President, mam Règlement grandducal vum 18. Mäerz 2020, dee verschidde Mesuren am Kader vun der Lutte géint de Covid19 virgesinn huet, ech mengen, mir kennen en all, goufen och hei Dispositioune betreffend Immi gratioun aus NetEUStaaten agefouert.

De Projet de loi, iwwert dee mer grad schwät zen, gesäit vir, verschiddener vun dëse Mesu ren, notamment déi, déi am Artikel 13 a 14 vun deem Règlement grandducal virgesi waren, ze verlängeren.

Mir erlabe mat dësem Projet zum Beispill enger Persoun, déi den 1. Januar zu Lëtzebuerg ukomm ass, hiren Delai fir d’Demande vum Titre de séjour ëm e puer Méint ze verlängeren. Déi Titres de séjour, déi ofgelaf sinn, ginn iwwer gangsweis verlängert. Bref, all déi Mesuren, déi vun all deene Virriedner schonn explizitt duerge stallt gi sinn.

Ech mengen, datt een, wann een iwwert déi Mesurë schwätzt, wierklech sollt sech drun erën neren, datt zoue Grenzen Lëtzebuerg schiedege kënnen.

Mir hunn et gesinn a mir sollten eis dat och an Zukunft an d’Bewosstsi ruffen. Wat awer de Projet sous avis hei ugeet, wollt ech nach drop hiweisen, datt d’Commission consultative des droits de l’homme an hirem Avis richteg be mierkt huet, datt een d’concernéiert Persoune muss transparent an adequat iwwert d’Modifi katioun am Gesetz informéieren, a well grad bei där Populatioun, déi mer hei viséieren, net onbedéngt Kenntnis vun eisen Amtssprooche ginn ass, muss dat eventuell och a Sprooche stattfannen an op Moyene stattfannen, déi net jiddwerengem geleefeg sinn.

Dat gesot, stëmme mir dëse Projet de loi mat, fir eng Sécurité juridique ze schafen a well et eebe wichteg ass, datt Lëtzebuerg och weider hin eng Terre d’accueil ass an net eng Terre, wou ee Leit, well se eng aner Hautfaarf hunn oder eng aner Nationalitéit hunn, direkt als Mafiosi vernennt.

Ech soen Iech Merci.

M. Marc Goergen (Piraten). Ganz gutt!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement. Här Kartheiser, elo däerft Der dem Här Clement eng Fro stellen.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Ma da soen ech Iech Merci, Här President, an och dem Här Clement, well en d’Fro entgéinthëlt. Ech wollt kuerz op de Begrëff vun der nigeria nescher Drogemafia agoen, dee, wéi gesot, net vun eis ass, dee mer an de Kommissiounen och vun zoustännege Ministeren héieren hunn, einfach de facto eng Tatsaach, eeben am Abléck. Dat do ass jo am Laf vun der Geschicht och vun anere gemaach ginn. Am Abléck hu mer e Problem eebe mat enger nigerianescher Drogemafia.

Ech wollt den Här Clement froen, wou do dat rassistescht Element ass. Wësst Der, Nationali téit ass eng rechtlech Kategorie. De Staat Nige ria verdeelt d’Nationalitéit u Leit, dat huet also näischt mat hirer biologescher Konditioun ze dinn. Den Alter, d’Geschlecht an esou weider si biologesch Krittären.

D’Nationalitéit ass eng rechtlech Kategorie, déi vun engem Staat, an dësem Fall dem Staat Ni geria, u Bierger verdeelt gëtt no Krittären, déi an hirem Rechtssystem festgeluecht ginn. Dofir wollt ech eebe froen, wann de Staat Nigeria Nationalitéiten no gewësse Krittäre verdeelt, wou do dat rassistescht Element derbäi ass, wa mir dat feststellen, wéi de Staat Nigeria einfach eng Rechtskategorie handhaabt.

Merci.

M. Fernand Etgen, Président. Här Clement, Dir hutt d’Wuert.

M. Sven Clement (Piraten). Ech soen dem Här Kartheiser u sech villmools Merci fir déi Fro, well et weist wierklech, wéi eng Iwwer zeegungen do derhannert spillen.

Éischtens emol ass net erwisen, datt jiddwe reen, dee mat deem Term „nigerianesch Ma fia“ zitéiert oder soll, jo, duergestallt ginn, wierklech d’Nationalitéit vum Staat Nigeria huet. Ech mengen, datt mer Krimineller, a virun allem Drogekrimineller, aus enger ganzer Hellewull vu Länner hunn, vun ënnerschidd lechster Hautfaarf an ënnerschiddlechster Nationalitéit. Deementspriechend ze mengen, datt ee seet „nigerianesch Mafia“ an domadder hätt een dann och nëmmen Nigerianer getraff, dat ass awer e bësse kuerz gesinn.

Nee, et gëtt hei mat Symboler gespillt. Et gëtt domadder gespillt, datt déi meescht Leit, ech géif soen, déi grouss Majoritéit vun de Leit, déi d’nigerianesch Nationalitéit hunn, eng aner Hautfaarf hu wéi den Duerchschnëttslëtzebuer ger. A genau mat deene Prejugéë gëtt gespillt, wann ee seet „nigerianesch Drogemafia“. Well soss géif et duergoen, ze soen „Drogemafia“ an net „nigerianesch Drogemafia“. Do gëtt scho mat Prejugéë gespillt. Dat ass dat Éischt.

An dat Zweet ass: Wie wierklech mengt, wie wierklech mengt, datt d’Nationalitéit direkt emol exclu wär vu Rassismus, dee vergësst, datt bei deene meeschte Staaten d’Nationali téit duerch d’Gebuert an deem Staat oder vun Elteren an deem Staat kënnt an datt dat net e

fräie Choix vun deem jeeweilege Bierger ass.

Ech soen Iech Merci.