Header for Projet de loi portant introduction de l’obligation d’effec tuer par voie électronique le dépôt de documents soumis à la formalité de l’enregistrement et de la transcription auprèsde l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA et portant modification 1° de la loi modifiée du 22 frimaire an VII organique de l’enre gistrement;2° de la loi modifiée du 25 septembre 1905 sur la transcription des droits réels immobiliers; 3° de la loi modifiée du 25 juillet 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie

Projet de loi portant introduction de l’obligation d’effec tuer par voie électronique le dépôt de documents soumis à la formalité de l’enregistrement et de la transcription auprèsde l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA et portant modification 1° de la loi modifiée du 22 frimaire an VII organique de l’enre gistrement;2° de la loi modifiée du 25 septembre 1905 sur la transcription des droits réels immobiliers; 3° de la loi modifiée du 25 juillet 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie

Dës Ried hunn ech den 30/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction de l’obligation d’effec tuer par voie électronique le dépôt de documents soumis à la formalité de l’enregistrement et de la transcription auprèsde l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA et portant modification 1° de la loi modifiée du 22 frimaire an VII organique de l’enre gistrement;2° de la loi modifiée du 25 septembre 1905 sur la transcription des droits réels immobiliers; 3° de la loi modifiée du 25 juillet 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Mir Piraten wën schen eis also an Zukunft e System, an deem eng pabeiers Kopie just nach fir de Client néideg ass an net méi fir d’Administratioune wéi de Kadaster oder den Enregistrement. Den elektroneschen Akt muss d’Zukunft sinn, well dëst erméiglecht méi schnell Transaktiounen an och e vereinfachten Archivage.

Grad dësen Archivage muss et zukünftege Fuerscher méi einfach maachen, Donnéeën ze duerchsichen.

Genee wéi am Fall vum Chamberssite muss och dëse Portail fir d’Nottären nach lues a lues opgebaut an dann och schrëttweis verbessert ginn. Eist Zil muss et schlussendlech sinn, datt méi séier an on komplizéiert Donnéeë kënne verschéckt an awer och erëmfonnt ginn, well et bréngt eis näischt, wa mer eis an där Datemass herno net méi erëmfannen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, op dë ser Plaz wëll ech awer och nach en anere Punkt uschwätzen. Wéi d’Chambre des Salariés richteg an hirem Avis schreift, missten d’Donnéeën, déi d’Not tären zur Evolutioun vun den Immobiliepräisser hunn, och kënnen zur statistescher Auswäertung genotzt ginn. Ech ginn dervun aus, wann ech d’Mo tioun da bis liesen, datt genau dat domat gefuer dert gëtt vun de Kolleeginne vun déi Lénk. Et kann nämlech net sinn, datt eis lescht Date vum Prix fon cier aus dem Joer 2017 sinn an d’Konzentratioun vun den Terraine sech op Zuele vun net 2018, mee tatsächlech souguer nach 2016 baséiert!

D’Nottären hunn dës Donnéeën duerch d’Akten a sollten dës, natierlech ënner anonymiséierter respek tiv pseudonymiséierter Form, kënnen un den Observatoire de l’habitat an un de Statec weiderginn.

Nëmmen duerch méi prezis a rezent Informatioune kann d’Politik déi richteg Schrëtt huelen wa se da wëllt , fir d’Logementskris an de Grëff ze kréien.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pira ten ënnerstëtzen den Digitaliséierungsprozess am Nottärswiesen a wäerten dëse Projet duerfir och matstëmmen. Dëst Gesetz ass e wichtegen éischte Schrëtt. Mir musse prett sinn, fir dës Entwécklung awer och nach weiderzedreiwen.

A mir Piraten hoffen, datt dëse Projet och an Zu kunft an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain weidergedriwwe ka ginn. Falls Feeler oder Problemer sollten duerch den neie System optrie den, wat jo ëmmer, a si mer éierlech, an der Ufanks phas vun esou engem Projet wäert de Fall sinn, muss d’Chamber och prett sinn, fir déi néideg Ver besserungen um Text virzehuelen.

Fir eis Piraten muss d’Digitaliséierung an allen Ad ministratiounen ëmgesat ginn, soudatt all wichteg Aktivitéite kënnen iwwer Internet ausgefouert an esou den Zäit a Geldverloscht fir Staat a Biergerin nen a Bierger limitéiert ka ginn.

An deem Sënn wënsche mer eis, wéi gesot, datt d’Donnéeën, déi duerch d’Akte gesammelt ginn, méi konsequent fir d’Analys vum Logementsproblem agesat ginn an et eis esou erméiglecht gëtt, „evi dencebased policy making“ ze maachen an net am Niwwel ze stocheren. Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Ech deelen e bëssen der Madamm Oberweis hiert Erstaunen oder hiert Netverstoen. Ech hunn elo wierklech net de Grond verstanen. Ech mengen, ech hat virdrun och a menger Ried duergeluecht, firwat mer grad elo, wou mer déi Akten digitaliséieren, wou déi Donnéeën digital erfaasst sinn, onbedéngt Weeër brauchen, Automatisme brauchen, fir datt mer déi Donnéeën och exploitéiere kënnen, fir déi Loge mentskris och mat Kriseninstrumenter unzegoen.

Mir kënnen net ëmmer soen: „Mir sinn an enger Kris“, an dann, soubal mer eis en neit Instrument wëlle ginn oder kéinte ginn, fir déi Kris ze bekämp fen, eis déi Instrumenter net wëlle ginn.

Also, fir mech ass ganz kloer, ech hunn dat a men ger Ried virdrun duergeluecht: Mir sollten déi Don néeën, wa se digital do sinn, och digital exploitéie ren! An duerfir wäerten d’Piraten och dës Motioun vun déi Lénk matdroen.