Header for Projet de loi portant introduction d’un compte épargne-temps et modifiant :1° le Code du travail ;2° le Code civil ;3° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Projet de loi portant introduction d’un compte épargne-temps et modifiant :1° le Code du travail ;2° le Code civil ;3° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Dës Ried hunn ech den 12/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction d’un compte épargne-temps et modifiant :1° le Code du travail ;2° le Code civil ;3° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Dir Dammen an Hären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mir eis den Historique vun dësem Gesetz ukucken, kënne mer frou sinn, datt mer haut iwwerhaapt eppes virleien hunn, iwwert dat mer ofstëmme kënnen. Datt dëse Projet laang op sech waarde gelooss huet an datt mir eis elo dezent do- riwwer freeë kënnen, iwwerhaapt eppes vir- leien ze hunn, sollt awer net doriwwer ewech- täuschen, datt dëse Projet wäit hannert den Erwaardungen un e Gesetz iwwer wierklech Zäitspuerkonten am Privatsecteur zréckbleift. Et ass och net esou, wéi heiansdo ugeklongen ass, datt dat heiten eng Inspiratioun un der Fonction publique geholl huet, well d’Fonction publique waren net déi Éischt, déi Zäitspuer- konten agefouert hunn, mä si hunn u sech eppes gemaach, wat am Privatsecteur an deene leschte Jore scho gang und gäbe war, wat vill Betriber scho gemaach hunn, ouni datt se dofir e Gesetz gebraucht hunn, wat se on- néideg ageschränkt huet.

Wann d’Gesetz virschreift, datt d’Zäitspuerkon- ten nëmmen agefouert däerfe ginn, wann e Kollektivvertrag oder en Accord sectoriel oder souguer national virläit, ass dat eng Aschrän- kung, déi d’Mise en place vun Zäitspuerkonte ganz einfach aschränkt. Och datt een eng An- ciennetéit vun zwee Joer brauch, fir iwwer- haapt dovunner profitéieren ze kënnen, ass an eisen Aen eng onnéideg Limitatioun, well et doduerjer d’Zuel vu potenzielle Beneficiairë ganz erhieflech aschränkt.

Eiser Meenung no ass dat grondlos, well eng Persoun, déi op enger neier Aarbechtsplaz ufänkt, sollt och d’Chance hunn, ab dem éisch- ten Dag kënne Stonnen ze accumuléieren, wa se dat fir néideg fënnt, wann et dann tatsäch- lech de But vun dësem Projet ass, et jiddwer- engem ze erméiglechen, spéider vun deene Stonne kënnen ze profitéieren.

Mir hunn haut e puermol héieren „eng Stonn ass eng Stonn“. An deementspriechend sollt och eng Stonn vun engem, deen den éischten Dag schafft, dat nämlecht wäert si wéi eng Stonn vun engem, dee schonn zéng Joer an deem nämlechte Betrib schafft.

Wa mer dann awer och nach berücksichtegen, datt dëse Projet keng Portabilitéit vun dem Zäitspuerkont virgesäit, dat heescht, datt all Kéiers, wann een de Patron wiesselt, ee sech ausbezuele léisst, zwar Sue kritt, awer net vum Congé ka profitéieren, da kënne mer hei net vun engem Zäitspuerkont schwätzen. Da kënne mer hei héchstens vun enger Faveur vum Patron schwätzen, datt en dat accordéiert an deementspriechend a sengem Bilan herno ebe bezuele muss oder net bezuele muss.

Et ass op alle Fall net esou, datt ech hei e Spuer- buch fir mäi Liewen uschafen, well d’Realitéit um Terrain ass haut ganz seelen, datt een nach 40 Joer beim nämlechte Patron bleift. Vill ze heefeg hu mer haut Leit, déi sech vun CDD zu CDD hangelen, fir den Ufank vun hirer Carrière, a wa se da bis en CDI hunn, deen och seele bis zum Enn vun hirer Carrière duerchzéien.

All dës Leit mat gebrachene Curriculume kën- nen net wierklech vun engem Zäitspuerkont profitéieren! Well wann et d’Zil ass, datt ee sech spéider kann eng grouss Vakanz erlaben, datt ee vläicht ee Joer ka Congé huelen, dann ass dat verfeelt, well déi Leit gëtt et net méi. En anere Punkt, an och doriwwer ass vill ge- schwat ginn, iwwert dee Super-Superprivileg, wéi d’Chambre des Salariés et genannt huet, geet eis net wäit genuch. Wann d’Mass an der Faillite vun engem Betrib dat net hiergëtt, wat um Bilan steet, da verfalen déi Sue bis à l’occur rence vun zweemol de Mindestloun.

Elo hu mer eng Kéier nogerechent an een, deen tatsächlech seng 1.800 Stonnen accumu- léiert a just de Mindestloun verdéngt, deen huet dee Moment eng Creance vis-à-vis vu sen- gem Patron vun iwwer 20.000 Euro opstoen. Wann d’Faillitemass dat net deckt, verléiert déi Persoun 16.000 Euro. An dat sinn net 16.000 Euro, déi hypothetesch iergendwou eng Kéier ugespuert goufen; dat si 16.000 Euro Loun fir Stonnen, déi geschafft goufen! Dat ass also reell Aarbechtskraaft, déi verluer geet. Eigentlech spuert och de Salarié an dësem Sys- tem iwwerhaapt näischt, och wann den Numm „Compte épargne“ een dat gleewe kéint loos- sen, well eigentlech gëtt de Salarié sengem Pa- tron e Prêt a Form vu senger Aarbechtskraaft. Hie léint zu engem Zäitpunkt x dem Employeur seng Aarbechtskraaft, ouni dofir entlount ze ginn, an de Patron soll an der Zukunft dësen Aarbechtskreditt dann zréckbezuelen a Form vu bezueltem Congé.

De Risiko vun dësem Prêt dréit eleng de Salarié. Wa mer e Compte épargne-temps géife ver- gläiche mat engem Compte épargne bei egal wat fir enger Bank hei zu Lëtzebuerg, da wär de Montant, deen assuréiert ass, 100.000 Euro! Net 4.000 Euro! Dat heescht, de Risiko ass dispro- portional fir de Salarié, deen trotz Super- Superprivileg riskéiert, op engem Groussdeel vu sengem Prêt un de Patron sëtzen ze bleiwen. Mir verstinn: Et ass net finanziell méiglech, datt de Fonds pour l’emploi dat zu 100 % géif assu- réieren. Dat ass och net d’Fuerderung, déi mir géife stellen. Mir hätten eis do dem CES ralliéiert , dee proposéiert huet, datt dat heiten iwwer eng Mutualitéit vun de Patrone geléist géif ginn an doduerjer kéint réckverséchert ginn, soudatt tatsächlech, äänlech wéi bei de Banken, äänlech wéi bei engem richtege Spuerkont, de Salarié net um Risiko vun deem Prêt sëtze bleift, mä e richtegt Spuerbuch mat enger Garantie vun 100.000 Euro dee Moment hätt.

Well de Gesetzesprojet dës Ofsécherung aller- déngs net virgesäit, well mer der Meenung sinn, datt vill ze vill Leit duerch de Raster vun dësem Projet falen, an obwuel mir et grond- sätzlech begréissen, datt mer d’Aarbechtszäit flexibiliséieren, de Patronen an de Salariéë méi Méiglechkeeten ginn, fir hei anescht ze schaf- fen, modern ze schaffen, ass deen heite Projet fir eis defaillant genuch, datt mer him keng Zoustëmmung kënne ginn, well hei definitiv Nobesserungsaarbecht ze leeschten ass.

An ech kommen nach ganz kuerz, well ech nach e puer Minutten hunn, op d’Motioun zréck, déi haut deposéiert gouf an déi mer be- grënnt net ënnerschriwwen hunn. Begrënnt, well mir fuerderen doran d’Regierung op, an dräi Joer en Outil nach eng Kéier ze reevaluéie- ren, dee potenziell Leit, déi haut eng Planung fir hir nächst 40 Joer solle maachen, erëm an d’Ongewëssheet soll bréngen! Dat hale mer net fir nohalteg.

Deementspriechend wäerten d’Pirate sech bei dësem Projet enthalen. Mir géifen eis freeën, wann dann an dräi Joer eng Evaluatioun trotz- deem, well mir wëssen, datt d’Majoritéite jo Majoritéite sinn, …

(Brouhaha et hilarité)

… datt eise Bedenke spéitstens dann, awer hoffentlech éischter, wäert Rechnung gedroe ginn.

Ech soen Iech Merci.