Header for Projet de loi portant introduction d’une prime unique pour la promotion de l’apprentissage dans le domaine de la formation profes sionnelle

Projet de loi portant introduction d’une prime unique pour la promotion de l’apprentissage dans le domaine de la formation profes sionnelle

Dës Ried hunn ech den 08/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction d’une prime unique pour la promotion de l’apprentissage dans le domaine de la formation profes sionnelle” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, elo wou den David Wagner et anescht gemaach huet, kann ech et dann nach eng Kéier anescht maache wéi hien a mech erëm heihinner stelle fir meng Ried.

D’Handwierk stécht zu Lëtzebuerg net eréischt zan ter der Covidkris an enger déiwer Kris: Schonns éier den neie Virus eis alleguerte virun ongeaanten Eraus fuerderunge gestallt huet, hat d’Handwierk ze kämpfe mat engem Mangel u qualifizéiertem Perso nal an enger onfairer Konkurrenzsituatioun tëscht dem Staat an dem Privatsecteur.

Vill Patrone beschwéie sech zënter Joren, datt se vill Suen an Energie an d’Ausbildung vu Léierbou wen a meedercher stiechen, just fir datt dës dann no e puer Joer an de Service vum Staat oder vun enger Gemeng wiesselen, well et dem Staat an de Gemenge méiglech ass, Paien ze bezuelen, déi fir e klenge Patron einfach onméiglech opzebrénge sinn.

Wa mir haut dëst Gesetz stëmmen, fir de Betriber eng Primm auszebezuelen, wa se sech trotz der Covid kris dofir entscheeden, en Apprenti auszebil den, sollte mer dat net vergiessen. Et ass wichteg, datt mer wärend dëser Pandemie Weeër sichen, fir deene Jonke weider Perspektiven ze bidden an den Entreprisen ze hëllefen, duerch d’Kris ze kommen. Eng Prime unique wéi déi, iwwert déi mer haut of stëmmen, ass do eng méiglech Pist, mee eleng geet dës Mesure net duer.

Wann de Staat weiderhin de Betriber d’Employéen ofzitt, nodeems dës an d’Ausbildung investéiert hunn, ouni eppes zréckzekréien, a wann et eis net geléngt, de Beruff vum Handwierker opzewäerten, fir en och fir Schülerinnen a Schüler aus de klasse sche Lycéeë mat engem Talent fir manuell Aarbecht attraktiv ze maachen, jo da wäert d’Handwierk nach laang iwwert d’Pandemie eraus ze kämpfen hunn.

Eng ëmfaassend Krisestrategie däerf duerfir net nëmme punktuell Aiden an d’A faassen, mee muss doriwwer eraus och déi strukturell Problemer ugoen, ënnert deenen de Secteur säit Laangem leit, an dat ass virun allem de Mangel u qualifizéierter Main d’œuvre an eng feelend Valoriséierung vum Beruff.

Jonke gëtt ëmmer nach d’Gefill ginn, dass Ausbil dungsberuffer fir Persoune sinn, fir déi en Unisstu dium ze schwéier ass, an dat ass vu Grond op falsch! Bei der Orientéierung vu Jonke muss an Zu kunft vill méi Wäert drop geluecht ginn, individuell Interessen an Talenter ze fërderen.

Wa mer jonk Leit net fir d’Karriären am Handwierk begeeschtert kréien, dann hëllefen och eis Prim men näischt! Well dann ass keen do, deen deen Job wëllt maachen! Wa Patrone keng Léierbouwen a meedercher méi fannen, da kënne se net vun där Primm hei profitéieren. Esou einfach ass et!

A wa se der awer iergendwéi nach fannen a se dann no der Ausbildung un de Staat verléieren, dann hu se och trotz der Primm nach e Minusge schäft gemaach. Dofir wëll ech hei nach eemol be tounen, wéi wichteg et wär, datt endlech géif envi sagéiert ginn, eng Aart „Ablösesumme“ anzeféie ren, wéi se vum Handwierk schonn zënter enger Zäit gefuerdert gëtt.

De Staat stellt ganz vill Handwierker an a bilt der ganz wéineg aus. De Privatsecteur bitt dogéint vill Ausbildungsplazen un, mee verléiert och vill talen téiert Aarbechterinnen an Aarbechter no hirer Aus bildung un den ëffentleche Secteur. Fir hei eng méi gerecht Situatioun ze schafen, missten d’Patronen aus dem Privatsecteur am Fall, wou eng Persoun kuerz no hirer Ausbildung an eng Karriär beim Staat oder de Gemenge wiesselt, e finanziellen Ausgläich fir hir Aarbecht als Ausbilder erhalen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, eng Primm fir Betri ber, déi och wärend der Kris weiderhin ausbilden, ass eng ganz gutt Saach. A mir wäerten dëse Projet duerfir haut och matdroen. Mee wann doriwwer eraus net endlech ëmgeduecht gëtt, wann et ëm d’Orientéierung vu Jonken an der Beruffswelt an ëm d’staatlech Astellungspolitik geet, wäerte mer klengen a mëttelstännegen Handwierksbetriber ein fach keng laangfristeg Perspektive bidde kënnen!

Dëse Projet eleng ass also nach kee Grond, sech op d’Schëller ze klappen: Et ass déi ominéis Drëps op de waarme Steen.

Ech soen Iech Merci.