Header for Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les activités sportives, les activités culturelles ainsi que les établissements recevant du public, dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19

Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les activités sportives, les activités culturelles ainsi que les établissements recevant du public, dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 22/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les activités sportives, les activités culturelles ainsi que les établissements recevant du public, dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, am Ënnerscheed zum virege Projet de loi setzt dëse Gesetzesprojet de juristesche Kader betreffend de Mesuren, déi am Kader vu sportlechen a kulturellen Evenementer ze huele sinn. Doriw wer eraus sollen och d’Verhalensreegele ge kläert ginn, déi op Plaze gëllen, wou Leit ze summekommen.

Eppes soen ech Iech virewech: Dësen Text ass vill besser wéi de 7606, bei deem mer eis virdru schonn enthalen hunn. Dat heescht awer nach laang net, datt e gutt ass. Et huet schonn e bëssen eppes Surrealistesches, wa mer beden ken, datt an dësem Projet de loi steet, datt sportlech Aktivitéiten zwar erlaabt sinn, mee awer de Kierperkontakt ënnersot ass. Wéi realis tesch dat elo an der Praxis ass, sief emol do higestallt. Grad am Sportwiese gëtt een näm lech konfrontéiert mat enger ganzer Rëtsch vu spannenden Interpretatioune vun deene Mesu ren, déi mer haut stëmme sollen, wou déi on méiglechste Sportaarte mat deenen onméig lechsten Hypotheese komme fir ze behaapten, datt se sech géifen un dat Gesetz halen, ouni awer de Sënn vum Gesetz ze respektéieren. Et hëlleft net, datt et zwar op där enger Säit kloer ass: „Kee Kierperkontakt!“, op där anerer Säit awer immens large ass, wat d’Interpretatioun dovunner ubelaangt. Virun allem, wa mer dann op anere Plazen an ech kommen dorobber zréck op d’Distanzen aginn.

Här President, virun engem Joer hu mer nach alleguerte geschmunzelt, wann ee Biller aus Asie gesinn huet, wou d’Leit eng Mask unha ten. Eppes, wat an Asie ganz normal ass, wann ee sech e bësse krank fillt, fir seng Matmënsche viru sech selwer ze schützen, huet dach ganz dystopesch op eis Europäer gewierkt. An elo ass et Alldag!

D’Leit fänken esou lues a lues erëm un, virun d’Dier ze goen, sech ze versammelen, an den normalen Alldag ass e Stéckwäit zréckkomm. An awer. D’psychologesch Suitte vum Lock down sinn däitlech ze gesinn. D’Leit si virsiich teg. Anerer dann awer liichtsënneg. Et gëtt déi eng, déi hir Mask bei all Geleeënheet undoen, anerer halen et net méi fir néideg, déi elemen taarste Gestebarrièren ze respektéieren. Et ass am Prinzip gutt, datt mer iwwer e Gesetz wéi dat heite versichen, esou Situatioune juristesch ze clarifiéieren an endlech e kohärent Ree gelwierk ze schafen, fir esou bestëmmten Akti vitéite kënnen nozegoen, ouni dobäi eis Mat mënschen a Gefor ze bréngen.

Dir wäert elo vläicht denken: Mir schwätzen hei iwwer e konkreete Projet de loi an den Här Clement schwätzt eis vu psychologesche Suitte vum Deconfinement!

Här President, dat ass e Punkt, deen eis Piraten ganz wichteg ass. D’Majoritéit huet haut hei e Gesetz gestëmmt, dat e Confinement forcé virgesäit. Och wann dat en vue vun enger sani tärer Kris sécherlech néideg ass, sollte mer wierklech net vergiessen, datt vill Biergerinnen a Bierger sech d’Fro stellen, wat als nächst kënnt. Desinformatioun ass omnipresent an der haiteger Welt. D’Leit ware wochelaang do heem agespaart, mat sech eleng a mam Inter net. Eng sanitär Kris engendréiert eng wirt schaftlech Kris. De Gruef tëscht aarm a räich gëtt ëmmer méi grouss. D’Welt gëtt digitali séiert. Aarbechtsplaze wäerten ewechfalen. Dat alles féiert zu deenen, mengen ech, dach grave psychologesche Problemer, déi nach op eis zoukommen.

Ech fäerten, mir ënnerschätzen de kollektiven Trauma, deen eist Land, jo, eis ganz Welt mo mentan erleit. Mir mussen onbedéngt derfir suergen, datt de Mënschen hir Suergen eescht geholl ginn. Mir mussen d’Repercussioune vun dëser Kris och um psychosozialen Niveau eva luéieren. Mir mussen de Leit Berodung zur Ver fügung stellen. Et wier un der Zäit, de Beruff vum Psycholog opzewäerten a Behandlungen an deem Beräich warscheinlech och ze rem bourséieren.

Bref, dat ass eng Diskussioun, déi mer hei am Haus nach méi wéi eng Kéier wäerte féiere mussen. An ech hoffen, datt mer zu enger ze friddestellender Léisung fir déi Betraffe kom men. Et war mer wichteg, och eng Kéier op dësen Aspekt anzegoen. Mee zréck zum Projet de loi.

Eng wichteg Partikularitéit, déi schonn uge schwat gouf, ass d’Durée. D’Gesetz gëllt ee Mount. Firwat ee Mount? Do, wou ee beim éischte Projet de loi, beim 7606, konnt soen, ee Mount, dat wär, well mer hei a fundamental Fräiheete vun den eenzele Persounen agräifen, esou gräife mer hei jo a wirtschaftlech Secteu ren an. Ee Mount ass, mengen ech, dee richte gen Delai, fir eis de Reflex ze ginn, eis Decisiou nen ëmmer an ëmmer erëm ze evaluéieren, an dat op dräi Niveauen. Eng Mesure, déi d’Fräi heet vun Eenzelnen aschränkt, muss néideg sinn, se muss proportionéiert sinn a se muss limitéiert an der Zäit sinn.

Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, ass et néideg, datt mer eis Distanzen halen? Jo. Ass et néideg, datt mer eis d’Hänn desinfizéieren, wa mer an e Buttek ginn? Jo. Ass et néideg, datt mer Reegele festleeën, déi e Weiderverbreede vum Virus duerch Basisgestë verhënnere kën nen? Nach eng Kéier e Jo. De Krittär vun der Necessitéit ass also ginn.

Här President, ass et dee Moment proportio néiert, de Leit ze verbidden, sech an enger Disko uneneenzedrécken oder aus engem Glas ze drénken? Klore Jo. Ass et proportionéiert, e Gesetz ze maachen, dat speziell Krittäre fest leet, no deene mir eis wärend engem Mount ze verhalen hunn, fir d’Verbreedung vum Virus ze vermeiden? Jo. Mir Piraten denken op alle Fall schonn, fir de Moment jiddefalls nach. De Krittär vun der Proportionalitéit ass deemno de Moment och ginn, wann awer scho mat e puer Bemollen.

Bleift also nach, wéi laang et néideg ass. Ee Mount ass dëst Gesetz en vigueur. Wa mer mierken, datt et méi laang néideg ass, dann ass et méi laang néideg. An da kënnt d’Chamber och sécherlech zesummen, fir et nach eng Kéier ze verlängeren.

Et ass also esou, datt mer grondsätzlech mat der Stoussrichtung vun engem Gesetz, wat kloer definéiert Aschränkunge fixéiert, liewe kënnen. Et ass néideg, verschidde Reegele vum Zesummeliewen ze hunn, fir datt mer net méi krank ginn.

Et ass awer leider esou, datt dëse Projet de loi net ëmmer kloer ass. Et ass op där enger Säit, wéi ech sot, am Sport, wou et onkloer ass, ob dann elo zesummen eng Ekippesportaart ze maachen ass ouni kompetitive Charakter, mee andeem ee sech net beréiert, wou een awer Bäll echangéiert, wou een awer aner Saache mécht, wéi een domadder an Zukunft ëmgoe soll.

Et huet net gehollef, a virun allem och de Ver bänn net gehollef, datt de Sportministère, no deem d’Verbänn Aarbecht dragestach hunn, fir Richtlinnen opzestellen, déi kuerzerhand elo erëm vum Internet geholl huet mat enger neier Guideline, datt ee sech wannechgelift net soll ze no kommen. Bon.

Wat heescht dann elo „net ze no kommen“? Da geet een an d’Gesetzer liesen. Da geet een als Éischt an de 7606 liesen, wou drasteet: 2 Meter. Okay. 2 Meter, dat kann ech mer verha len. 2 Meter ass einfach. 2 Meter ass also d’Richtl inn.

Da liest een de 7607. Do steet dann op eemol dran, datt d’Dëscher mussen 1,50 Meter auser nee sinn. Dat heescht nach net, datt d’Leit mussen am Restaurant 1,50 Meter auserneesët zen, och wa se net um gemeinsamen Dësch sëtzen. Do krute mer als Äntwert: „Jo, dat ass awer kohärent, well d’Leit sëtzen da vläicht Réck u Réck an net Gesiicht bei Gesiicht.“ Also ass 1,50 Meter jo bal wéi 2 Meter. Bon, dat mécht d’Fro vun deenen Distanzen net méi kloer. Vu wou ginn déi 1,50 Meter gemooss? Vu wou ginn déi 2 Meter gemooss? Bei zwëschemënschleche Kontakter ass et relativ einfach. Bei Dëscher fänkt et schonn un, méi komplizéiert ze ginn. A wann een dann e ganze Raum muss domadder bestullen, nach méi schwéier.

Mir hunn nogehaakt an de Kommissiounen, an d’Äntwerte sinn net méi kloer ginn! Wa mer scho Gesetzesprojeten am Kader vum Covid19 erausbréngen, da wär dat mannst, datt se kloer sinn, fir datt jiddweree se einfach versteet a sech drun hale kéint.

Et ass gutt, datt mer nach virsiichteg sinn, ze mools, wann d’Zuele vun Neiinfektiounen den Ament erëm eropginn, well mer grad erëm ufänken, de Virus ze ënnerschätzen. Bedauer lecherweis sinn et nach vill Biergerinnen a Bierger, déi d’Sécherheetsmoossnamen net res pektéieren oder iwwerhaapt dru gleewen, datt et de Virus gëtt. Ech hu virdru vun Desinforma tioun geschwat, wou Leit wochen a méint laang doheem mat hirem Computer a mat obskure YouTubeChannelen oder Telegram Channelen elenggelooss goufen, wou déi ko meschste Verschwörungstheorien iwwert de Virus zirkuléieren.

Mir sollten eis bewosst sinn, datt et wichteg trauen ze schafen. Do hëlleft et natierlech net, ass, ze informéieren a virun allem och Ver wa Reegelen, déi hei am Text stinn, net och enforcéiert ginn. Natierlech sinn ëffentlech Fräi heeten a Grondrechter e wichtege Facteur, a se ze beschränken, deet eis alleguerten am Häerz wéi. An an enger Ausnamesituatioun, wou een déi da muss beschränken, erwaarden ech mer e gudden Argumentaire, firwat a wéi.

Ech mengen, ech hunn déi lescht puer Minut ten duergeluecht, firwat mer deen Argumen taire an deem heiten Text e bësse feelt. Et ass déi richteg Richtung. Et ass néideg. Et ass pro portionéiert. Mee et feelt un Erklärungen! Et feelt un Detailer! An dowéinster kënne mer eis bei dësem Projet och just enthalen.

Ech soen Iech Merci.