Header for Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les personnes physiques dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les personnes physiques dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Dës Ried hunn ech den 22/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction d’une série de mesures concernant les personnes physiques dans le cadre de la lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, a sen gem Avis zum Gesetzesprojet 7606 schreift de Staatsrot, Zitat: « La liberté est la règle et la res triction l’exception. »

Mir stëmmen haut iwwer e Gesetzesprojet of, dee bei de Biergerinnen a Bierger, ech wëll net soen, fir Bauchwéi suergt, ma op d’mannst op eng gewësse Skepsis stéisst. Wa mer „Zwangs hospitalisatioun“ héieren, an dat an engem Kontext, wou mer stënterlech mat frësche Coronanews konfrontéiert ginn, maache mer eis Suergen, dat ass iergendwéi normal. An enger Kris iwwerschloe sech d’Decisiounen nun emol oft. Et muss schnell reagéiert ginn. A wéi mer wëssen, feelt et heiansdo un der Zäit, fir dat gutt a sënnvoll ze erklären. Nichtsdesto trotz muss ee seng Politik gutt a sënnvoll erklä ren, wann ee wëllt, datt se vun de Biergerinnen a Bierger dobausse verstane gëtt an datt se och nach suivéiert gëtt, wann et op den éischte Bléck esou ausgesäit, wéi wann d’Kris quasi iwwerwonne wier.

Jo, et ass gutt, datt mer haut e Gesetzesprojet hunn, iwwert dee mer kënnen ofstëmmen. Zwë schenzäitlech, wärend dem État de crise, gouf et jo Doutten drun, ob mer séier genuch legiferéiere kéinten. Dat heite weist, datt et séier genuch geet, mee net onbedéngt ëmmer séier genuch. Ech kommen nach dorobber zréck.

Och mir Piraten si wéi de Staatsrot hei der Meenung, datt d’Restriktioun d’Ausnam soll bleiwen an d’Fräiheet awer d’Reegel.

Här President, wann et awer ëm d’Gesondheet vun de Leit geet a mer iwwer e Gesetz d’Méig lechkeet kréien, de Covid19 wierklech konse quent ze bekämpfen, dann ass et net nëmmen eise Wëllen, mee souguer eis Flicht, dat och ze maachen.

Wéi am Mäerz d’Presidentekonferenz stënter lech an d’Chamber convoquéiert gouf, fir vum Premier annoncéiert ze kréien, datt d’Regie rung plange géif, de Krisenzoustand auszeruf fen, waren d’Detailer vun der Kris nach net ofzegesinn. D’Zuele fir Lëtzebuerg waren dee Moment erschreckend an hunn eng änlech Tra jectoire wéi Italien an de Grand Est virge zeechent.

D’Regierung hat knapps éischt Moossname ge holl, du si mer zu Lëtzebuerg vun den Deci sioune vun eisen Nopeschlänner awer wierk lech iwwerrannt ginn. D’Grenze goungen zou, Ausgangsspäre goufe verhaangen an alles, op dat sech eis Regierung dee Moment baséiere konnt, war e Gesetz zur Bekämpfung vu Seu chen aus dem 19. Jorhonnert. E Gesetz, dat bal 150 Joer al ass, war eng wierklech ganz dënn Basis, fir déi grouss Aschränkungen ze justifiéie ren.

De SarsCoV2Virus an déi doraus resultéierend Covid19Krankheet si méi schlëmm wéi eng Gripp. Et handelt sech ëm eng geféierlech Pan demie. De Virus verbreet sech méi schnell a besser wéi eng normal Influenza. Weltwäit si mëttlerweil bal esou vill Leit gestuerwen, wéi der am Ganzen zu Lëtzebuerg liewen. Jidd weree ka vum Virus an der doraus resultéieren der Krankheet getraff ginn, ob jonk oder man ner jonk, ob männlech oder weiblech. Mir dier fen all déi Leit, déi géint de Virus gekämpft hunn, net vergiessen. Et huet jidder Eenzelne vill Kraaft kascht a bei vill ze vill Leit goung de Kampf trauregerweis net gutt aus. Mäi Bäileed geet duerfir un d’Familljen a Frënn vun all dee nen, déi de Kampf leider verluer hunn. Trotzdeem a glécklecherweis hu vill Leit de Kampf géint de Virus kënne gewannen. Dëst ass virun allem de Verdéngscht vun alle Volon tairen, dem Fleegepersonal, den Dokteren an all dem Personal am Gesondheetswiesen, déi an engem onermiddlechen Asaz an heiansdo an engem iwwermënschlechen Effort alles drugesat hunn, fir esou vill wéi méiglech Mën scheliewen ze retten.

Mee net nëmmen d’Personal aus dem Gesond heetswiesen huet dat Onméiglecht méig lech gemaach. Och Beruffer, déi als essenziell a sys temrelevant ageschat goufen, hunn, wärend de Groussdeel vun der Bevëlkerung huet mis sen doheem bleiwen, een inhumanen Effort musse maachen, fir eis Gesellschaft e bëssen um dréinen ze halen. Dat ware Mënschen, déi am Botzsecteur, als Reassortisseur oder Verkee ferin am Supermarché oder am Logistiksecteur schaffen. Et sinn der vill ze vill, fir se alleguerten opzezielen, mee all hinne gehéiert eise gréisste Merci an eise gréisste Respekt, ëmsou méi, well vill vun deene grad Genannte fir wéineg Geld ganz vill geschafft hunn.

Et dierf net sinn, datt mer elo an der Sortie vun der Kris dësen Asaz erëm vergiessen. Mir als Chamber kënnen derfir suergen, datt keen, keen een, deen a Vollzäit schafft, ënnert de Seuil de pauvreté fält. Mir mussen eis Respon sabilitéit huelen an hei dréngend nobesseren! Mir brauchen e Mindestloun, deen iwwert dem Aarmutsrisiko läit. Mir musse systemrelevant Beruffer sozial revaloriséieren.

Här President, dës Kris huet eppes gewisen, nämlech, datt et eng ganz Rëtsch Konsequenze wäert ginn. Mir schwätzen am Moment ganz vill iwwert déi ekonomesch Konsequenzen. Et gi Planderelancen, et gi „Fit 4“Projete lan céiert. Mee wat nach ëmmer e bëssen ze kuerz kënnt, sinn déi psychologesch Konsequenzen. Déi psychologesch Konsequenze sinn nach net erfuerscht. Mir wëssen net, wat mat de Leit ge schitt, wann een hinnen dräi Méint quasi all Kontakt verbitt. An hei musse mer eis drop ge faasst maachen, datt mer an deenen nächste Wochen a Méint nach mat enger anerer Crise sanitaire wäerte konfrontéiert ginn, nämlech där vu psychologeschen a psychiatreschen Er krankungen, déi mer an där Heefegkeet bis elo net kannt hunn. Hei bleift nach vill ze dinn.

Här President, wéi schonn esou oft hei uge mierkt, wéilt ech awer trotzdeem gären op eis mangelnd parlamentaresch Diskussiouns a Konsenspolitik hiweisen. D’Oppositioun krut och am Virfeld vun dësem Gesetz erëm ver sprach: „Dir gitt matagebonnen!“ D’Regierung huet d’Chamber informéiert. Jo. Mee Informa tioun ass net gläichzesetze mat abannen! Hee feg goufe mer knapps virun der Press oder direkt duerno informéiert, fir esou zumindest, jo, informéiert ze sinn. Mee Kommunikatioun ass méi wéi nëmmen Informatioun. Jo, et war keng einfach Zäit, a jo, Informatioun vu gësch ter kann haut schonn nees anescht sinn. Mee dat excuséiert awer net, d’Biergerinnen an d’Bierger net fir eescht ze huelen.

Am Ufank, wéi net genuch Masken do waren an d’Statistik ass jo mëttlerweil ëffentlech, do gesäit een et , wier et besser gewiescht, dat genee esou ze soen, amplaz Informatiounen zréckzehalen an den Notze vu Masken ze han nerfroen. Dës Kommunikatioun am Ufank vun der Kris féiert elo um Enn vun der éischter Well derzou, datt nach ëmmer Leit sech op Aussoe vun deemools beruffen, fir eppes ze refuséie ren, wat noweislech Liewe rette kann. Hei ass elo eng Informatiounspolitik ze maachen, déi een net hätt misse maachen, wär een am Ufank e bësse méi oppe gewiescht.

Och elo um Enn vum État de crise ass et wichteg, gutt ze kommunizéieren an d’Biergerinnen an d’Bierger ze responsabiliséieren, proaktiv mat de Leit ze schwätzen amplaz ex cathedra Decisiounen ze huelen, déi net ëmmer gutt er kläert sinn oder kohärent si mat de fréieren Aussoen.

Här President, ech war erféiert, wéi de 15. Mee eng Ekipp vun der Uni eng Simulatioun vun der Entwécklung vun der Covid19Epidemie opgestallt huet, déi a verschidden Zenarien agedeelt war a wou d’Unzuel vun Doudesfäll immens variéiert huet.

D’Regierung sot heefeg, si wéilt wëssenschaft lech fondéiert Moossnamen huelen. Duerfir sinn ech zudéifst erschreckt, datt déi lescht Me suren ouni nei wëssenschaftlech Modeller ge traff goufen. Eis Meenung ass, datt dëst ze wichteg Entscheedunge sinn, fir sech op e Bauchgefill ze verloossen, mee datt ee sech op anstänneg Date baséiere soll. Leider gëtt dat hei net gemaach.

D’Chamber muss besser, proaktiv a séier infor méiert ginn. Et kann net sinn, datt mer der Regie rung all eenzel Informatioun mussen aus der Nues zéien, esou wéi e Sampel vun engem Covid 19Test. Jo, esou en Test deet wéi. An heiansdo hunn ech d’Gefill, datt dat perma nent Nofroen net wéi genuch deet, well soss géifen d’Informatioune vläicht proaktiv kom men.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Projet, deen elo virun eis läit, ass zwar keen Text, dee laang duerch d’Chamber gaangen ass, mee et ass en Text, deen eng mouvemen téiert Geschicht kennt.

Ech erënnere mech nach gutt drun, wéi am Bureau an an der Presidentekonferenz mat der Regierung diskutéiert gouf, wat d’Wënsch vun der Chamber fir dësen Text wieren. An ee vun de Wënsch war kloer: Mir wéilte keen Ermäch tegungsgesetz! Mir alleguerten heibannen, parteiiwwergräifend, wollten e kloert Gesetz fir d’Sortie de crise ze begleeden.

Duerfir war ech ëmsou méi erstaunt, wéi eng Woch duerno d’Regierung eis en Avantavant projet proposéiert huet, dee ganz einfach d’Pouvoire vun der Regierung weidergefouert hätt. Dat war inakzeptabel, an duerch d’Igno réiere vun de Wënsch vun der Chamber huet d’Regierung hei wäertvoll Zäit verluer, déi um Enn néideg gewiescht wier, fir de Projet de loi 7606 nach ze verbesseren.

Den Text, dee mer haut stëmmen, ass sécher lech besser, an ech géif souguer soen, vill bes ser wéi déi éischt Ebauche, déi mer kruten! An et ass der Kommissioun héich unzerechnen, wéi konstruktiv vun alle Säiten un dësem Text matgeschafft gouf. Och mir Piraten hunn eis an dëser Kommissioun, trotz eisem Status, wou mer just Observateur sinn, abruecht, fir datt an dësem Text minimal Grondrechter, wéi e Recht op Recours an och den Dateschutz, besser ver ankert ginn. Nichtsdestotrotz ännert dat awer näischt un de méi fundamentale Problemer, déi den Text nach ëmmer huet.

Här President, erlaabt mer, kuerz op genee dës Problemer anzegoen. Et fänkt nees mat der Kommunikatioun un. D’Regierung huet et ver passt, kloer am Viraus ze kommunizéieren an ze erklären, fir wéi een Zweck dëse Gesetzes projet benotzt gëtt. D’Regierung huet hei vill ze vill Raum fir Interpretatioune gelooss an et hat een heiansdo d’Gefill, si wéisst selwer net, wat se mat dësem Text genee bezwecke wéilt. De Mars Di Bartolomeo huet et nach eemol ën nerstrach, datt, wat d’Pouvoire vun der Santé ugeet, weiderhin d’Gesetz vun 1980 gëllt. An dat Gesetz geet immens wäit. Ënner ane rem sinn Zwangshospitalisatiounen domadder méig lech an d’Delaie fir d’Appeller immens laang. Jo, duerfir war et néideg a wichteg, fir déi Froen an dësem Projet de loi hei méi kloer ze reegelen a virun allem rechtlech Garantien ze ginn, datt et net zu Abuse kënnt. Ech be gréissen et, datt mer zesummen an der Kom missioun dës Fro léise konnten, och wann ech ganz déif a mer bannendra wënschen, datt mer dës Dispositioun net applizéiere mussen. Mee eleng doduerch, datt den Ufankstext im mens large war an esou vill Ännerungen néideg waren, huet dat zu ganz vill Interpretatiounss pillraum gefouert. Et léisst Raum fir Spekula tiounen, an dat ass Gëft fir d’Vertrauen, dat d’Biergerinnen an d’Bierger an eis Institutiou nen hunn. Onkloerheet féiert zu Angscht: Angscht virun Abusen, Angscht virun engem Excès, Angscht, datt d’Grondrechter net méi respektéiert ginn.

Här President, dësen Text hätt nach misse méi kloer ginn, méi Garantië kréien, besser erkläert ginn. A jo, do huet d’Regierung op Zäit ge spillt, amplaz fréizäiteg kloer ze kommunizéieren. Wär et direkt zu engem Text an net zu enger Propos vun engem Ermächtegungsge setz komm, hätte mir vläicht déi Woch gehat, déi eis elo um Enn gefeelt huet, fir nach eng Kéier d’Navette ze maache mam Staatsrot, fir nach eng Kéier um Text kënnen ze schaffen. Och beim Dateschutz ass trotz alle Verbesse rungen nach eng Kéier nozebesseren. Et ginn nach ëmmer ze vill Date gesammelt an den Accès dorobber ass trotz Limitatiounen nach ëmmer immens large. Verschidden Dispositiou nen, verschidden Aschränkunge gi just am Commentaire des articles gemaach, net am Text, net am Gesetz, do, wou se higehéieren.

Mir hunn hei an der Chamber eng Motioun géint invasiv Tracingapplikatioune gestëmmt a virun allem zentralen Datebanken, wou dës Date géife stockéiert ginn, e kloren Nee ginn. An elo gi fir den analogen Tracing genau esou zentral Datebanken ugeluecht. Den Zweck ass deen nämmlechten, d’Date sinn déi selwecht, et ass just en anert Gesetz. Nee, dat ass net ein fach esou hinzehuelen!

Jo, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass e schwieregen Text gewiescht, fir en ze schrei wen, mee och, fir do drop ze schaffen. E war onausgegoren an et huet vill Ännerunge ge braucht, fir en Niveau ze kréien, wou funda mental Rechter besser geschützt ginn. Den Equiliber tëscht dem Recht op Gesondheet an deenen anere Grondrechter, Recht op Manifes tatioun, Inviolabilitéit vum Domicile, Mee nungsfräiheet an esou weider, ass net einfach ze fannen. An d’Diskussioune ronderëm dësen Text hu gewisen, datt mer generell an eise Ge setzer nach eemol mussen d’Fréijoersbotz maa chen, fir d’Grondrechter erëm ze stäerken. Duerfir sinn ech och frou iwwert dem Mars Di Bartolomeo seng Motioun, déi d’Regierung op fuerdert, fir d’Gesetz vun 1980 ofzeänneren. Et ass awer schrecklech, datt mer dat per Motioun musse fuerderen an datt net proaktiv hei schonn agéiert gouf. Mir diskutéieren nämlech scho säit iwwer engem Mount iwwert de Pro blem vun den Zwangshospitaliséierungen, fir nëmmen ee Punkt ze nennen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Text, deen eis virläit, ass en Text, dee ga rantéiert, datt mer weider kënne géint de Virus kämpfen. E garantéiert, datt net iwwermuer ëm Mëtternuecht d’legal Basis fir de Kampf géint d’Krankheet zréck op nach méi schlecht Gesetzer fält, op Gesetzer aus dem 19. Jorhon nert oder d’1980erGesetz. Béid si méi schlecht Optioune wéi dat, wat hei virun eis läit.

Mir hätten eis gewënscht, datt mer bei esou kruziale Grondrechtsfroe méi fréi vun der Majo ritéit matagebonne gi wieren, fir e richteg gutt Gesetz ze schreiwen. Dat ass leider net de Fall. An esou hu mer haut nëmmen de Choix zwëschent zwou schlechten Optiounen. Stëmme mer fir den Text, ass et en Zeechen, datt mer domadder averstane wieren, datt esou mat der Chamber, mat der Oppositioun, verfuer gëtt. Stëmme mer géint den Text, fale mer op richteg schlecht Texter zréck, Texter, ënnert déi ech net wëll falen, wa mer de Kampf géint dës Krankheet wëlle seriö ugoen.

Bleift also déi drëtt Optioun, déi vläicht am mannste schlecht fir eis ass, an dat ass: Mir ent halen eis! Den Text ass nämlech „das geringere Übel“, dat muss een esou soen. En ass bei Wäi tem net gutt, mee et géif vill méi schlecht goen. An duerfir wäerte mir eis enthalen.

Ech soen Iech Merci.