Header for Projet de loi portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Projet de loi portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Dës Ried hunn ech den 16/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech muss éierlech soen, ech wollt meng Ried net domadder ufänken, fir iwwert d’Aussoe vu Ma joritéitspolitiker hei ze schwätzen, mee ech kommen net derlaanscht. Well wann hei der Oppositioun ënnerstallt gëtt, net konstruktiv un deem Text hei matgeschafft ze hunn, a se Amendementer misste presentéieren, da ver kennt deen, deen hei schwätzt, d’Realitéit, wéi et an där Kommissioun ofgelaf ass.

An där Kommissioun ass et esou gewiescht, datt mer eng ganz Rëtsch Amendements parle mentaires gemaach hunn an datt do net an ech betounen „net“! derhannert stoung, wéi eng Partei se ugereegt huet. Well ech fäerte ganz, wa mer géifen dohinner schreiwen, wie wéi e Punkt oder Komma an deem Gesetz ge ännert huet an der Kommissioun, datt do éischter d’Oppositioun besser géif dostoe wéi d’Majoritéit!

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). A wann et an Zukunft hei am héijen Haus esou sollt sinn, datt kollegial Zesummenaarbecht bestrooft amplaz belount gëtt, ma da schreiwe mir Amende menter am Numm vun eise Parteien an da ver gläiche mer emol eng Kéier, ob d’Zesummen aarbecht, déi bis elo wierklech gutt fonctionéi ert huet, da weiderhin esou gutt ka fonc tionéieren!

Well wann et wierklech just drëm geet ze zie len, wien dann elo déi schéinsten a beschten a meeschten Iddien hat, da maache mer dat! Mee ech weess net, ob déi, déi hei d’Opposi tioun kritiséieren, dann nach esou iwwerhief lech drakucken, wa se da mierken, datt hir Par tei vläicht net esou konstruktiv matgeschafft huet, wéi se dat mengen.

Plusieurs voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten hunn elo ewell an e puer Reprisen, och ze summe mat anere Parteie vun der Oppositioun, d’Kommunikatiounspolitik vun der Regierung kritiséiert. Erlaabt mer am Follgenden nach eng Kéier drop zréckzekommen.

Ech soen net gären: „Mir léiere mam Virus ze liewen.“ Ech wëll net mat engem Virus liewen. Ech géif éischter soen: „Mir sinn amgaangen ze léieren, mam Virus ze koexistéieren.“ Mir hu kee Choix. Déi eenzeg Méiglechkeet, déi mer hunn, ass et, sech un d’Reegelen ze halen. An ech mengen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt dës Reegelen an ech weess, ech widderhuele mech, mee et ass wichteg leider net kohärent un d’Biergerinnen an un d’Bierger vermëttelt ginn.

D’Reegele sinn net kohärent vermëttelt ginn, an dat an enger kruzialer Phas, genee dunn, wéi mer um Iwwergang stounge vum Lock down hin zum Deconfinement. An där kruzialer Phas, wou de Staat an der Flicht stoung, de Biergerinnen a Bierger déi néideg Outilen an d’Hand ze ginn, fir sech am neien, méi fräien Alldag kënne korrekt ze verhalen, genau do huet d’Regierung an hir Kommunikatioun ver sot.

Dat muss een agestoen. An d’Madamm Minis tesch huet dat och um Plateau vun RTL agesta nen.

Wa mer iwwert d’Kommunikatioun vun der Regierung schwätzen, da schwätze mer net nëmme vun der Kommunikatioun, déi sech di rekt un d’Biergerinnen an un d’Bierger adres séiert, mee och un d’Kommunikatioun ënnert den Institutiounen: Wat gëtt an, virun allem, wat gëtt net kommunizéiert?

Mir hunn et gëschter hei an der Pressekonfe renz ugekënnegt: Als Legislateur brauche mer Zuelen, Zuelen, Zuelen an nach eemol Zuelen! Entretemps krute mer méi Zuelen, nei Zuelen. Mee laang Zäit hunn ech mer geduecht: Mir musse wëssen, wou mer stinn, wuer mer histeieren, wou mer eis op der ominéiser Kurv situéieren? Sti mer do, wou mer wëlle stoen? Si mer drënner? Driwwer? Kee wousst et! Kee weess et! D’Chamber wousst et net an ech wousst et och net. Dat trotz widderhuelter Nofro.

An da wëll ech Iech awer froen: Wéi solle mir hei iwwer e Gesetz befannen, ouni déi néideg Informatiounen ze hunn, déi elementar sinn, fir a Covidfroe kënne proportionéiert ze legiferéie ren?

Här President, d’Chamber hëlt haut hei Deci siounen „en absence de connaissance de cause“. Dobäi hu mer hei nach viru Kuerzem eng Mo tioun gestëmmt, déi verlaangt, datt am héijen Haus reegelméisseg iwwert d’Entwé cklung vun den neisten Zuelen am Detail infor méiert gëtt. Vun der Uni hu mer zwar verschid den Zenarien, a mir steieren offensichtlech ri icht an eng zweet Well, mee, an ech widde rhuele mech erëm: Mir hätte gären detailléiert Zuelen!

Wat sinn dann déi projezéiert Infektiouns zuelen? Wat sinn déi projezéiert Hospitaliséie rungen? De Pouvoir législatif soll hei aschnei dend Mesuren huelen, an dat gouf och haut ugeschwat, mee ka gläichzäiteg net eendeiteg feststellen, wou mer sinn. Si mer nach „on track“ oder ass de Coronazuch derailléiert? Wou sti mer aktuell par rapport zu den Zena rien, déi d’Uni gerechent huet. Et ass fir eis mo mentan onméiglech, déi objektiv Analys vun der Situa tioun ze maachen.

A wann d’Regierung da wierklech wéilt, datt d’Chamber konstruktiv mat op hire Wee geet, da muss d’Chamber déi Informatiounen hunn. A wann d’Regierung déi Informatiounen net huet, déi d’Chamber hei fuerdert, da froen ech mech: Wéi wëllt d’Regierung objektiv propor tionéiert Moossnamen huelen? Ech traue mer et op alle Fall net zou, „en absence de connais sance de cause“ esou aschneidend Moossna men ze entscheeden.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn awer net nëmmen do, fir alles schlecht zeschwätzen. An d’Regierung huet och definitiv, an dat wëll ech soen, e puer gutt Saache gemaach!

M. Georges Engel (LSAP). E puer?

M. Sven Clement (Piraten). E puer sou guer direkt, Här Engel. Net nëmmen eng, net nëmmen zwou, e puer.

Loosst mech eppes soen: De LargeScaleTes ting ass eent vun deene Beispiller. Ech sinn der Meenung, datt et wichteg ass, datt mir als Lëtzebuerg hei eis Responsabilitéit iwwerhue len, eis un international Recommandatiounen halen an esou vill wéi méiglech testen. Jo, et klappt net ëmmer alles beim Testen. Et gëtt bei den Invitatiounen Doutten. Et waren e puer Hicken am Ufank, mee d’Resultat ass dat, wat zielt. D’Resultat ass dat, datt mer probéieren, Infektiounsketten ze ënnerbriechen. A jiddwe reen, dee mer bei engem LargeScaleTest fan nen, ass eng Infektiounsketten, déi mer ënner bannen.

An ech mengen, et muss ee soen, datt et wich teg ass, datt d’Leit dobausse sech trotz alle Bemolle weiderhin teste loossen. An ech war ganz frou de Moien, wéi ech dat du selwer op Invitatioun hunn däerfe probéiere goen, wéi ech gesinn hunn, datt ech net eleng war, datt eng ganz Rëtsch Leit viru mer stoungen, datt et séier goung, datt et professionell goung. An ech mengen, wa mer d’nächst Woch hei nach eng Kéier iwwert de LargeScaleTesting schwätzen, datt mer do nach eng Kéier den Appell sollten erneieren, sech testen ze loossen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, eis geet et e bësse wéi deene Lénken. Mir hunn eis mat deem Text hei laang auserneegesat. Mir hunn an der Kommissioun konstruktiv matge schafft. Mir hunn eng Rëtsch Amendementer iwwert de Wee vun der Kommissioun hire ge meinsamen Amendementer mat abruecht. Mir hunn eng Rëtsch positiv Verännerungen an deem Text hei constatéiert.

Den Text ass sécherlech besser wéi deen, deen aktuell en vigueur ass. An ech sot schonn dee mools beim Vott vun deem Text, dee wär bes ser wéi d’80er Gesetz. Dat heescht, vum 80er Gesetz komme mer op deen heiten Text, dee besser gëtt wéi dee leschten. Ech muss soen: Et wär schéin, wa mer kéinte soen: All déi Verän nerungen, all déi Verbesserunge bréngen eis derzou, Jo kënnen ze soen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech huelen Iech awer direkt d’Hoffnung: Mir wäerten eis och dës Kéier mussen enthalen. Dat net, well den Text net besser ginn ass, mee well, wéi ech sot, eis weiderhin Informatioune feelen. Et feelen eis Informatiounen, fir kënnen objektiv d’Situa tioun anzeschätzen an objektiv kënnen anze schätzen, ob déi Aussoen, déi mer mam Text hei maachen, adequat sinn oder net.

Gi mer wäit genuch? Gi mer net wäit genuch? Dat ass eng Fro, déi kann een ouni Datebasis u sech ganz schlecht beäntweren.

A mir stoungen hei a mir hunn och bei all de Mesurë virdrun ëmmer erëm d’Regierung ge frot: Wou sinn d’Modelliséierunge fir déi heiten Entscheedung? Am Ufank huet d’Regierung eis reegelméisseg gesot: „Majo, mir wëlle wëssen schaftlech fundéiert Entscheedungen huelen, dofir loosse mer d’Uni d’Saache modelliséie ren.“ An dunn hu mer e puermol hei op der Tribün héieren, datt Entscheedunge geholl goufen ouni Modelliséierung.

Déi nämmlecht, déi also grad hei virun e puer Minutten d’Oppositioun kritiséiert hunn, datt se iwwert d’Spärstonn geschwat huet, datt se iwwert d’Spillplaze geschwat huet … Wou ech iwwregens och nach eng Kéier muss umierken, datt keng 24 Stonnen drop d’Spillplazen du vun der Regierung opgemaach goufen, déi just wollt d’Prioritéit hunn.

M. Marc Goergen (Piraten). Richteg!

M. Sven Clement (Piraten). A wann een

dann awer freet, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wou dann d’Modelliséierung derfir louch, déi, déi eis den Dag virdrun am Debat nach ëm d’Ouere geschloe gouf, datt misst gekuckt ginn, wéi d’Situatioun géif evoluéieren, ier een eppes géif ënnerhuelen, datt ee misst d’Zuele kucken, wann een dann awer freet, wou déi Modelliséierung ass, ob d’Uni dann tatsächlech eng Modelliséierung gemaach huet, fir d’Spill plazen opzemaachen, da fënnt een eraus: Déi gëtt et net!

D’Regierung huet also genau dat gemaach, wat hei der Oppositioun virgeworf gouf, näm lech eng Bauchentscheedung getraff. Dat ass okay, mee da kommunizéiert et als Bauchent scheedung! Kommunizéiert et als eng politesch Entscheedung an net als eng, déi op soidisant wëssenschaftleche Fakte baséiert!

A genau dowéinster, well mer och an deem heite Gesetz awer a mengen Aen nach vill ze vill op enger Bauchentscheedung sinn, op enger Entscheedung sinn, déi en plus nach op engem Bauchgefill vu virun dräi Woche baséi ert, kann ech dat heite Gesetz net mat Jo stëm men.

Une voix. O!

M. Sven Clement (Piraten). D’Gesetz ass besser an dofir wäerte mir eis enthalen.

Ech soen Iech Merci.

c.

M. Sven Clement (Piraten). A wéi d’Mo deller vun deene leschte Méint.

Mme Paulette Lenert, Ministre de la Santé. Ech hunn net dovunner geschwat, Här Wiseler, well ech hat se nach net zu deem Zäit punkt, wéi ech och do gesot hunn. Ech hu se eréischt duerno kënnen am Detail liesen. Dir hat se e bësse méi fréi gëschter. Mee och dat war jo net gutt!

Mme Martine Hansen (CSV). Mir hu se um Site gekuckt.

M. Gilles Roth (CSV). Dat ass net wouer!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten). Et stoung souguer nach „highly confidential“ um Do kument um Site.

d.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. D’Madamm Ministesch huet déi Reunioun vum 30. Juni hei an der Chamber ugeschwat, wou mer tatsächlech vun der Uni eng Presentatioun kruten. Leider ass de PV nach net disponibel, soudatt ech net kann dorauser zitéieren. Mee d’Motioun, déi jo gestëmmt gouf d’leschte Kéier, ass eng direkt Konsequenz dorauser. Wat dee Moment gefrot gouf an och vun der Uni zougesot gouf noze liwweren, wat bis haut net geschitt ass, war, datt se eis géifen zousätzlech zu deenen zwou Grafiken, déi se pro Modell gerechent haten, eeben och déi previsibel, also vun hinnen uge hollen Neiinfektiounscourbë liwweren. Dat ass e bësse méi technesch gewiescht, mee dat hätt eis erlaabt, eeben déi ënnerschiddlech Zena rien ze kucken, wou mer do dru sinn.

Wat mer gëschter geliwwert kruten a jo, mir haten et fonnt, éier d’Madamm Ministesch da Kenntnis dovu geholl huet, dat weist, datt mer och den Internet benotze kënnen , do stellt sech awer d’Fro, an op déi hunn ech elo nach keng Äntwert kritt: D’Uni huet simuléiert an enger éischter Phas „first reopenings, back to linear growth“ mat néng Neiinfektiounen den Dag. Mir sinn awer elo schonn eng ganz Rëtsch Deeg iwwert deenen néng Neiinfektiounen. Nichtsdestotrotz hu mer elo haut e Gesetz, wat gestëmmt soll ginn, mat nach ëmmer op der Ausgangsbasis néng Neiinfektiounen.

Ech stelle mer do awer d’Fro, wéi sech dat verknäppe léisst mat der Ausso: „Mir huelen déi neiste wëssenschaftlech Resultater a Consi deratioun fir d’Gesetz.“ Wa mer dat dote seriö huelen a wa mer déi doten Donnéeën, déi gëschter publizéiert goufen, ganz seriö huelen, da misste mer dat Gesetz haut net stëmmen. Mir missten Amendementer maachen. A mir misste kucken, datt mer d’nächst Woch, a ganz séier, dat dote berücksichtegen. Mee ze soen: „Mir stëmmen e Gesetz, wat op Donnéeë baséiert, déi vun néng Infektiounen den Dag ausgaange sinn!“, an enger Zäit, wou mer der 100 haten, halen ech weiderhi fir irresponsabel. An duerfir wäerte mir eis och weiderhin enthalen.