Header for Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 15/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol och vu menger Säit e grousse Courage fir all déi, déi gëschter Owend, an der Nuecht an och haut nach vum Ree betraff waren, an e ganz, ganz grousse Merci un déi, déi hëllefen, do wou se kënnen.

D’Rapporten aus de leschte Woche weisen, datt d’Infektiounszuelen nees an d’Luucht ginn. An de Virus ass och an de Kläranlagen nees present.

Trotzdeem si glécklecherweis nach ëmmer wéineg Leit am Spidol an op den Intensivstatiounen, sou datt eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem sech aktuell net unzekënnege schéngt. Et sinn am Moment éischter déi Jonk, déi sech mam Virus uge stach hunn, a si si jo an der Reegel manner vul nerabel.

Mir freeën eis duerfir, haut en Text virleien ze hunn, deen déi aktuell Fräiheete bäibehale wëllt an de Leit, wat Privatevenementer ugeet, souguer nach méi Spillraum wäert ginn. Mir hoffen alleguer, datt mer dëse Summer mat all de Fräiheeten, déi dëse Projet virgesäit, genéisse wäerte kënnen an eis eréischt am September nees hei wäerten erëmgesi mat engem neie Covidtext.

Mee och wa mir haut en Text stëmmen, dee bis Mëtt September gëlle soll, musse mer virsiichteg bleiwen. Jo, aktuell gesäit d’Situatioun an de Spi deeler gutt aus. Mee dat kéint sech ëmmer nach änneren. Am Moment zirkuléiert de Virus virun al lem ënnert deene méi jonke Generatiounen, a mir hoffen alleguerten, datt d’Impfung déi eeler a vulne rabel Populatioun viru schlëmmen Infektioune schüt ze wäert. Mee et gëtt keng 100% eg Sécher heet.

Den Impakt vun der DeltaVariant an den Taux vun net geimpfte Persounen, deen, wéi mer jo am WaringoRapport nach eng Kéier liese konnten, a verschiddene Secteure méi héich ass wéi geduecht, bleiwe Variabelen, déi mer net aus den Ae verléie ren däerfen.

Duerfir ass et wichteg, datt mer och iwwert de Sum mer virsiichteg bleiwen an och d’Chamber drop vir bereet bleift, am Noutfall séier reagéieren ze kën nen an dëst Gesetz nach viru senger Echeance ze adaptéieren.

Gläichzäiteg bleift et essenziell, datt mer mat der Impfcampagne virukommen. An do muss ech soen, datt ech et bedaueren, datt d’Majoritéit tatsächlech dës Woch dergéint gestëmmt huet, dem Personal aus dem Fleege a Gesondheetssecteur nach emol e Bréif mat enger Invitatioun zoukommen ze loos sen. Ech sinn der Meenung, datt ee bei dësem wich tege Sujet nach emol all d’Kommunikatiounsweeër hätt notze sollen. Mee dat war jo anscheinend net gewënscht. Et war mol eng Kéier, wou et net als su perfetatoire klasséiert gouf, mee einfach als net gewënscht.

Duerfir hoffen ech awer, datt déi aner Elementer aus der Informatiouns a Sensibiliséierungscampa gne vun der Regierung nach hir Wierkung wäerten hunn an trotzdeem nach méi Leit sech wäerte fir eng Impfung entscheeden. An deem Zesummen hang freeë mir eis och iwwert déi gutt Zesummen aarbecht an der Santéskommissioun wärend den Aarbechten un de Passagen iwwert den Impfzertifi kat an de CovidCheck.

Hei si ganz fréi Umierkunge vu menger Säit zu eventuell néidegen Adaptatioune fir eng Unerken nung vun de Kräizimpfungen diskutéiert an dunn och ëmgesat ginn. Wéi ëmmer hu mer parteiiwwer gräifend an der Kommissioun un dësem Text ge schafft, an dat ass sécherlech ganz positiv. Mee ech muss dës Kéier awer och soen, datt mer nach e wéineg méi séier hätte kënne sinn, wann direkt op all d’Bedenken agaange gi wär.

Ech hat eng ganz Rei vu klenge Punkten, klenge Sazännerungen ugeschwat, déi a mengen Ae Klari fikatiounen néideg gemaach hunn. Mee eréischt, wéi och de Conseil d’État seng Problemer mam Text hat an déi nämmlecht Textpropose gemaach huet, gou fe se geännert. Hätte mer direkt Amende menter gemaach, hätte mer schonn de leschte Frei den en Text virleie gehat, dee vläicht manner Obser vatioune vum Staatsrot gehat hätt. Mee och, wann dëst alt nees en Text ass, deen um leschte Stëppel fäerdeg ginn ass, denken ech, datt hei awer e gudde Wee fonnt ginn ass, fir esou de Leit am Pri vaten nach méi Fräiheeten ze ginn an am Nuets liewe gläichzäiteg virsiichteg ze bleiwen.

Mir hate mam leschte Covidtext däitlech gefuerdert, datt de CovidCheck och fir méi grouss Privatfeiere soll erlaabt sinn, fir Persounen, déi sech et net leeschte konnten, mat hirer Famill an engem Restau rant ze feieren, net ze benodeelegen. Datt dës Dis positioun elo an den Text opgeholl gouf, ass fir eis duerfir e ganz grousse Plus an dësem Projet. Et ass jo ni ze spéit, seng sozial Oder erëmzëentdecken.

A wann d’ADR hei behaapt, se wéilten de Leit do heem net draschwätzen, da sinn ech dach e bëssen erstaunt, well genau déi nämmlecht Partei schwätzt de Leit net nëmmen doheem dran, mee wëllt och nach jonken a manner jonke Frae soen, wat se mat hirem Kierper maachen dierfen oder net maachen dierfen.

Plusieurs voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass einfach nëm men Hypokrisie!

E méi onklore Punkt vum Projet war am Ufank dee vun den Autotester, déi ëm Mëtternuecht hir Gël tegkeet verléiere sollten. Hei war de Problem deen, wéi de Gerant soll kontrolléieren, ob och wierklech jiddereen, dee just en Autotest hat, d’Lokal zur rich teger Zäit verlooss huet. Schliisslech hätt hien héich Strofe riskéiert.

Hei freeë mer eis, datt mer eis hei eens konnte ginn, datt d’Responsabilitéit bei de Clientë leie muss an de Besëtzer vun engem Etablissement net dierf bestrooft ginn, wann ee vu senge Clientë sech net un d’Gesetz gehalen huet. D’Clientë verwandele sech jo schliisslech net mam Glackeschlag an e Kürbis zréck, dat gëtt et just an de Märecher. A mir wëlle jo och net, datt d’Clienten an der Entrée e Bra celet kréien oder anescht markéiert ginn, jee no deems, ob se eng Impfung, e PCRTest, en zerti fiéierten Test oder eeben en Autotest hunn. Dat si jo awer perséinlech medezinnesch Informatiounen, déi net no bausse solle gedroe ginn.

Wat also d’Wierksamkeet vun dëser Mesure ugeet, muss ech zouginn, datt ech mer net sécher sinn, ob et epidemiologesch wierklech e groussen Effekt wäert hunn, wann en Deel vun de Clienten ëm eng bestëmmten Auerzäit en Etablissement verléisst, nodeems se all awer schonn e puer Stonnen ze summe verbruecht hunn. Ech mengen awer, datt dës Mesure eeben net just derzou féiere wäert, datt eng Rei Leit d’Etablissement um eng Auer an der Nuecht verloosse wäerten, mee och derzou, datt d’Leit verstinn, datt d’Autotester manner sécher sinn an duerfir direkt zu aneren Tester, sief et den zertifiéierte Schnelltest oder de PCRTest gräifen.

Hei muss elo déi nächst Woche gekuckt ginn, ob dësen Effekt tatsächlech antrëtt an eventuell, falls et net de Fall sollt sinn, nach nogebessert muss ginn, an dat op alle Fall och schonns viru Septem ber. Ech sinn awer liicht optimistesch, datt de ge wënschten Effekt antriede kéint.

Eng aner Ännerung, déi dëse Projet mat sech bréngt, ass déi, datt net méi just de Profisportler dierf un Turnéieren deelhuelen, mee elo och end lech nees all aner Sportlerin a Sportler, déi eng Li zenz fir Kompetitiounssport hunn.

Mir hu viru Kuerzem eréischt iwwert d’Virdeeler vum Sport heibanne geschwat. A jiddereen huet be tount, wéi wichteg de Sport ass fir d’kierperlech an d’mental Gesondheet, awer och fir d’Inklusioun. Do ass et elo natierlech eng grouss Freed, dës Lacke rung hei matzestëmmen, well ech mengen, datt dat hei eng Ännerung ass, op déi sécherlech vill Leit gewaart hunn.

Wat d’Adaptatioune vun der Lëscht u Persounen ugeet, déi elo Schnelltester dierfen zertifiéieren, si mer och derfir, esou vill wéi méiglech Gesondheets beruffer an dëser Lëscht opzehuelen, fir d’Accessi bilitéit vun esou Tester ze vereinfachen.

Mir ënnerstëtzen och d’Iddi, datt d’Maisons médi cales sollen e Medikamentendepot dierfen hunn.

An zu gudder Lescht freeë mer eis och, datt de Congé pour raisons familiales soll verlängert ginn.

Ech sot et am Ufank vu menger Ried: Et sinn aktuell virun allem déi Jonk, déi betraff sinn. An déi hunn och vläicht nach méi jonk Geschwëster doheem, déi deemno wéi mat krank ginn oder a Quarantän mussen. Dann ass et wichteg, datt mer den Elteren d’Méiglechkeet ginn, bei hire Kanner kënnen ze bleiwen. An duerfir brauche mer och weiderhin nach de Congé pour raisons familiales. Mee dat soen ech awer net, ouni net och un d’Betriber ze denken, fir déi dës nei Form vu Congé eng grouss Belaaschtung ka sinn, wann d’Employéë vun haut op muer op eemol ausfalen an awer weider bezuelt musse ginn. Dat ka fir Betriber, déi duerch d’Kris an d’Strauchele komm sinn, ganz schwéier sinn. An duerfir ass et wichteg, datt d’Covidaidë weiderlafen an, wann néideg, no uewen ugepasst ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst mer nach d’Geleeënheet, fir dem Ausdauersportler, éischter Rapporter, Mars Di Bartolomeo fir säi ge winnt komplette mëndlechen a schrëftleche Rap port Merci ze soen. Ech ginn heimadder also den Accord vun de Piraten zu dësem Projet an dat mat der grousser Hoffnung, datt mer gutt duerch de Summer komme wäerten, mee awer net ouni ze warnen, datt mer weiderhi virsiichteg bleiwe sollten an d’sanitär Situatioun kontinuéierlech weider am A behale mussen.

An da kommen ech awer net derlaanscht, fir meng lescht Minutt fir en änleche Sujet ze notze wéi vir drun de Claude Wiseler. Ech fannen et feig, wierk lech feig vun enger Ministesch, fir heibannen, no deem hir konkreet Froe gestallt goufen op Basis vun engem schrëftleche Rapport, dee vun der Chamber, zesumme mat der Regierung, manda téiert gouf, net wëllen op déi Froen ze äntwerten.

Dat ass e Refus vun hirer Missioun, dem Parlament Rechenschaft ofzeleeën! Ech fannen dat drama tesch. An dat weist op en Neits, wéi wéineg Res pekt verschidden, an ech soen et ganz bewosst, verschidde Regierungsmembere virum Parlament hunn.

Et gëtt der, an do kann ech d’Madamm Lenert zi téieren, déi ëmmer do war, wa se geruff ginn ass, an eng ganz Rëtsch vun hire Kolleeginnen a Kollee gen och, déi allkéiers komm sinn, egal wéi char géiert den Agenda war, fir virum Parlament Ried an Äntwert ze stoen, déi d’Parlament proaktiv infor méiert hunn.

An hei gouf et virgëschter e Refus: e Refus, fir vi rum Parlament Rechenschaft ofzeleeën. Awer di rekt gekoppelt domadder, virun hirem eegene Fo rum d’Parlament ze beschëllegen, well, jo … Woufir iwwerhaapt? Well d’Parlament seng Aarbecht ge maach huet! Well d’Parlament kritesch Froe gestallt huet. Well d’Parlament Opklärung verlaangt huet.

Well mir als Parlament, als Chamber, mussen de Staffelstaf ophuelen, deen de Rapport Waringo eis dohinner ginn huet. De Staffelstaf ophuelen, fir eng méi detailléiert Analys iwwert d’Haiser ze maachen, wéi et am Rapport méiglech war, eng detailléiert Analys, déi eebe genau weist, wéi eng Mesurë ge graff hunn a wéi eng Mesuren eeben net gegraff hunn.

Et geet net duer ze soen: „Am Lauterbann, do sinn eebe 60 Zëmmer ouni Toilette an duerfir war do e Cluster.“ Et gëtt véier aner Haiser, léif Kolleeginnen a Kolleegen véier aner Haiser! , déi véier oder méi Clusteren haten. An ech ka mer net virstellen, datt se alleguerte 60 Zëmmer ouni Toilette hunn!

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Dat heescht, mir musse wëssen: Wat huet geklappt, wéini huet et geklappt a wat huet net geklappt, wa mer et wëlle besser maachen. A wa sech eng véiert Well am Mo ment ukënnegt, da geet et net duer, dat eréischt am Hierscht ze maachen. Da musse mer dat elo maa chen, well soss huet och dës Chamber herno nach Blutt un den Hänn.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Här President!

M. Fernand Etgen, Président. Merci villmools, Madamm Lenert. Da Parole après ministre fir den Här Sven Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Ech maachen et ganz kuerz. Ech wollt just soen, datt zumindest fir d’Piraten mer d’Konklu sioun gezunn hunn, fir déi Motioun schlussendlech deposéieren ze loosse vum Här Wolter, nodeems mer d’Erklärunge vun der Familljeministesch héie ren haten. An ech hat moies nach um Radio gesot, wat ech mer géif erwaarden. Ech hunn dat deen Dag net héieren. An duerfir war et konsequent vun eis, déi Fuerderung, déi mer schonn eng Kéier hei an der Chamber gemaach haten, oprechtzeerhalen.

Ech maachen der Madamm Gesondheetsminis tesch hei guer kee Virworf, wann am Eifer des Ge fechts Saachen heiansdo falsch verstane gi respek tiv och net kloer ëmmer kënnen duergeluecht ginn an deene Riedezäiten, déi mer hunn.

Mee ech ka just fir eis schwätzen. Déi Motioun ass deposéiert ginn, nodeem d’Ministeschen déi zwou konnten hei Stellung huelen. An ech ka fir mech schwätzen: Ech hunn dee Rapport tatsächlech och eemol kräiz gelies an dunn nach eng Kéier owes ganz am Detail. A well ech och moies um Radio war, hunn ech mech misste preparéieren. An ech kann Iech soen, et war e staarke Brocken an et war e Rapport, deen net ëmmer einfach ze liese war!

Mee et war derwäert, en am Detail ze liesen, well doraus ergi sech a mengen Aen nach ganz vill Froen, op déi mer och keng Äntwert kruten am De bat. An dat ass dat, wat ech haut hei kritiséiert hunn, datt d’Madamm Familljeministesch eebe grad op déi konkreet Froen, déi mer hei opgeworf hunn, keng Äntwerte ginn huet.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Ganz gutt!

4.

M. Sven Clement (Piraten). Très bien!

(Brouhaha)

5.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Déi Motioun vun der CSV ass eis an dräi Punkten, nämlech an deenen dräi éischten, ganz sympathesch. Mir fannen et ganz gutt, datt mer eis solle preparéieren. Ech hunn dat virdrun a menger Ried gesot. Ech sinn och der Meenung, datt mer sollen ufänken, e Pandemiegesetz, wat jo virun der Pandemie u sech an de Startlächer stoung an dunn eeben duerch d’Pandemie net wierklech aboutéiert huet bis elo, ze maachen. A virun allem wat d’Al ters an d’Fleegeheemer ugeet, ass et immens wichteg, datt mer Äntwerten op déi Froe kréien, déi ech virdrun hei opgeworf hunn.

Ech widderhuele se net nach eng Kéier, fir net iw wert d’Zäit ze kommen. Ech hunn awer e Problem mam Punkt 4. An ech erklären dat. Et gëtt eng Schoulflicht, dat huet den Här Wiseler hei gesot. An en huet du gesot: „Maja, da musse mer Léisunge fannen.“ Ech fäerte ganz, datt grad d’Kanner vun deenen Elteren well et si jo seelen d’Kanner, déi den Test refuséieren oder déi eng Impfung wäerte refuséieren, et sinn hir Elteren, déi dat maachen ,datt ee grad déi Kanner net däerf eleng loossen.

Grad déi Kanner musse vun enger ëffentlecher Schoul profitéiere kënnen, a grad déi Kanner däer fen net scho fréi an hirem Liewen d’Confirmatioun kréien, datt se fir en Akt vun hiren Elteren ecartéiert ginn, datt se vläicht an eng aner Klass kommen, an en anere Klasseverband, datt si mussen d’Masken unhalen, wärend hir Klassekomerodinnen a kome rode se net mussen unhalen. Well genau dat ris kéiert e Cercle vicieux ze ginn, wou déi Kanner sech da confirméiert fillen an deem, wat hir Elteren hinne gesot hunn. A mir ziichte genau duerch esou Ak tiounen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, a mengen Aen déi nächst Generatioun vun Impfgéigner, vu Skeptiker, vu Verschwörungstheoreetiker erun!

A genau duerfir sinn ech der Meenung, datt mer grad an der Schoul kee CovidCheck brauchen. Mir mussen all d’sanitär Moossnamen huelen, déi sech imposéieren, alleguerten. An ech sinn der Mee nung, datt dat net ëmmer zur Genüge gemaach gouf. Dat hunn ech awer och scho gesot, wéi mer iwwert de WaringoRapport geschwat hunn, datt ech der Meenung sinn, datt d’Educatioun jiddefalls gemierkt huet, datt se muss agéieren a se huet dunn och agéiert, net ëmmer esou, wéi ech et ge maach hätt, mee dat si Choixen. An déi Choixen, déi huet den Här Meisch geholl, an en huet se ge holl! E CovidCheck an der Schoul, mengen ech, wär dee falsche Choix an et géif virun allem déi Leit bestätegen, déi elo mengen, datt mer eng Impfflicht duerch d’Hannerdier wëllen aféieren an et géif virun allem d’Kanner vun engem ëffentleche Schoulsys tem ecartéieren, déi et am dréngendste brauchen.

Duerfir, falls dee Punkt dra bleift, wäerte mir eis enthale bei där heiter Motioun. Falls dee Punkt awer sollt gestrach ginn, da wäerte mir fir dës Mo tioun stëmmen. Merci.

6.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Au contraire zu der ADR hu mir kee Ver trieder am Bureau sëtzen. D’ADR hätt dat heite kéinte wëssen. Ech gesinn elo kee Problem dran ze reaffirméieren, wat de Bureau entscheet huet.

Ganz éierlech, et ass esou: „Wann et zu kenger substanzieller Verschlechterung kënnt“, do stellen ech mer e bëssen d’Fro, wat déi substanziell Ver schlechterung wär. Ech denken, datt Stand haut mer net kënnen op där enger Säit soen, Evenemen ter wären ënnert dem Regimm CovidCheck erlaabt, mee d’Chamber wär sech selwer net sécher ge nuch, mir alleguerten hätten Angscht, datt de CovidCheck net gutt genuch wär. Dat géif e bëssen de Vott, dee mer viru 15, 20 Minutte gemaach hunn, ad absurdum féieren. An deementspriechend wäerte mir déi Resolutioun hei matstëmmen, well et ass nëmme logesch, datt, wa mer no bausse soen, d’Leit kéinten ënnert dem Regimm Covid Check gréisser Veranstaltunge maachen, wou keng Distanzreegele gëllen, d’Chamber sech deenen nämmlechte Reegele beugt.

Esou hu mer argumentéiert, wéi mer de CovidCheck hei agefouert hunn. Esou argumentéiere mir och, fir, esou bal et da geet, an ech mengen, do gëtt et eng Decisioun vum Bureau, an d’Verwaltung schafft drun, zréck op de Krautmaart ze goen.