Header for Projet de loi portant modification : 1. de la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté fi nancière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 dé cembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. de la loi modifiée du 18 avril 2020 visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembour geoise dans le cadre de la pandémie Covid19 ; 3. de la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à stimuler les in vestissements des entreprises dans l’ère du Covid19 ; 4. de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier

Projet de loi portant modification : 1. de la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté fi nancière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 dé cembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. de la loi modifiée du 18 avril 2020 visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembour geoise dans le cadre de la pandémie Covid19 ; 3. de la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à stimuler les in vestissements des entreprises dans l’ère du Covid19 ; 4. de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier

Dës Ried hunn ech den 20/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification : 1. de la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté fi nancière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 dé cembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. de la loi modifiée du 18 avril 2020 visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembour geoise dans le cadre de la pandémie Covid19 ; 3. de la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à stimuler les in vestissements des entreprises dans l’ère du Covid19 ; 4. de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetz ginn also d’Covidaidë bis Enn des Joers verlängert.

An d’Limitt, wat de Staat un en eenzege Betrib ka verginn, gëtt mat 1,8 Millioune méi wéi verduebelt.

D’EUKommissioun hat schonn am Januar hiren Ok ginn, fir genau dës Verlängerung bis Enn des Joers ze maachen. Ech hat dowéinst och schonn am Januar eng Motioun deposéiert, fir d’Bäihëllefe bis den 31. Dezember ze verlängeren an esou de Betri ber mëttelfristeg méi Previsibilitéit ze ginn. Déi Mo tioun war zwar deemools ofgeleent ginn, mee mir si frou, datt d’Verlängerung dann elo trotzdeem kënnt.

Leider gouf awer och bei dësem Text dee vun der EU virgesinne Kader nach net ganz ausgeschëpft, mee d’Kolleege vun der CSV sinn do jo mat enger Proposition de loi drun, a mir kucken, wéi déi dann diskutéiert gëtt.

Mir Piraten géifen endlech gär gesinn, datt et méi séier geet mam Ausbezuelen. Mir bräichten eng verbindlech Zäitlimitt, déi bestëmmt, wéi vill Zäit den Demandeur ab deem Moment, wou e seng Dokumenter all agereecht huet, maximal muss arechnen, bis d’Suen dann och um Kont ukommen.

Mir hunn d’Dauer vun deem Prozess schonn heefeg kritiséiert, d’Zäit, déi tëscht dem Areeche vun enger Demande an dem Moment, wou d’Suen dann end lech um Kont vum Demandeur sinn, vergeet.

D’Leit mussen hir Sue rechtzäiteg kréien an net eréischt Méint, nodeems se hir Demande agereecht hunn. D’Rechnunge musse bezuelt ginn, wa se an d’Haus flatteren an net eréischt zwee Méint méi spéit.

Mir Piraten hunn eis zwar, wéi warscheinlech jidd wereen heibannen, iwwert déi rezent Ouverturen am Sport, am Evenementiel an am Horeca gefreet. Dës rezent Ouverturë sinn awer, wéi mer an deene leschten Deeg och an der Press gelies hunn, nach keng Garantie fir en Akommes fir déi Betraffen an dëse Secteuren.

Den HorecaSecteur huet an deem Kader scho mat genuch Onsécherheeten ze kämpfen. D’Betriber brauchen dës Aiden, well wien eng Rechnung bei engem Fournisseur net begläiche kann, kann oft och keng weider Bestellunge beim nämmlechte Fournisseur maachen. An dann ass de Betrib vill méi séier erëm zou, wéi en opgaangen ass.

Et ass och nach net ofzegesinn, wéi vill Leit sech no sechs Méint Zwangsschléissung a mat Schnelltest flicht an deenen nächste Wochen a Méint an de Res tauranten a Caféen erëmfanne wäerten. Et ass och nach net gesot, wéi vill Leit an noer Zukunft wëllen u Concerten oder soss Evenementer deelhuelen. Mir hoffen natierlech all op eng séier Relance. Mee de Staat muss dëse Secteuren och weiderhin e Sécherheetsnetz spanen, falls et e puer Wochen oder Méint sollt daueren, bis d’Clienten erëmkom men.

Ech wëll hei kee pessimistescht Bild opzeechnen, keng schwaarz Wolleken um Horizont gesinn. An awer denken ech, datt een an dësem Fall nieft dem Sonnebrëll vläicht awer och direkt e Prabbeli sollt mat apaken an op dat Schlëmmst sollt virbereet sinn, och wa mer alleguerten zesummen op dat beschte Wieder hoffen. De Staat muss hei prett sinn, fir déi Betriber opzefänken, déi mussen opge faange ginn.

An un d’Eegekapital ze goen ass eng gutt Pist, mee et ass och keen Allheelmëttel, well et ass sécher eng Pist, déi net fir jiddwereen an all Situatioun ap plikabel ass an och net an all Betrib an all Situa tioun sënnvoll ass. Et gëtt Betriber, fir déi ass et im mens interessant, eng Eegekapitalaugmentatioun ze maachen, amplaz sech ze verscholden. An da gëtt et aner Betriber, wou et engersäits fir de Betrib oninteressant ass an anerersäits och fir den Inves tor ganz oninteressant ka sinn. Ech mengen, datt dat eng ganz nuancéiert Diskussioun ass, déi mer awer onbedéngt féiere sollten.

Här President, mir brauchen Aiden, déi séier ausge schott ginn a méiglechst keen duerch d’Netz fale loossen. Mir brauchen Aiden, fir och weiderhin eng Faillitewell ze vermeiden a fir Aarbechtsplazen ze sécheren, well wéi verschidde Kolleege virdru gesot hunn: „Et ass besser, mir investéieren elo an d’Wei derexistenz vun de Betriber, wéi herno Chômage mussen ze bezuelen.“ Duerfir maache mer hei nach emol den Appell fir eng méi kloer Zäitlimitt an da fir d’Ausschëpfe vun de Limitten, déi d’EU eis virgëtt.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten).- An ausgestuerwe sinn.