Header for Projet de loi portant modification 1° de la loi modifiée du 7 octobre 1993 ayant pour objet a) la création d’un Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques; b) la création d’un Centre de Gestion Informatique de l’Éducation; c) l’insti tution d’un Conseil scientifique; 2° de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 3° de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental; 4° de la loi modifiée du 30 juillet 2015 portant création d’un Institut de formation de l’Éducation nationale

Projet de loi portant modification 1° de la loi modifiée du 7 octobre 1993 ayant pour objet a) la création d’un Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques; b) la création d’un Centre de Gestion Informatique de l’Éducation; c) l’insti tution d’un Conseil scientifique; 2° de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 3° de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental; 4° de la loi modifiée du 30 juillet 2015 portant création d’un Institut de formation de l’Éducation nationale

Dës Ried hunn ech den 15/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification 1° de la loi modifiée du 7 octobre 1993 ayant pour objet a) la création d’un Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques; b) la création d’un Centre de Gestion Informatique de l’Éducation; c) l’insti tution d’un Conseil scientifique; 2° de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 3° de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental; 4° de la loi modifiée du 30 juillet 2015 portant création d’un Institut de formation de l’Éducation nationale” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, also de Stagiaire vun déi Lénk, dee géif ech direkt astellen, wann en dat fäerdegbréngt.

(Hilarité)

Une voix. Mir och!

M. Sven Clement (Piraten). Well ech verweise just eng Kéier drop, datt déi Firma, déi en änleche Produit wéi Teams offréiert dat ass Slack , eng amerikanesch Startup gewiescht ass. Mëttlerweil kann ee se net méi Startup nennen. Se huet ëmmer hin eng IPO (ndlr: Initial Public Offering) gemaach; déi ass Cours gëschter Owend op der New Yorker Bourse 25,82 Milliarden Dollar wäert, an dat ass just de Volet vum Chatten, vun der Kommunika tioun. Da schwätze mer nach net vun der Dokumen tebeaarbechtung a vum Echange vun deenen Don néeën.

Deementspriechend huet e vläicht besser, e mécht nach deen een oder deen anere Stage méi laang fir ze gesinn, datt de „minimum viable product“ vläicht net ëmmer de finale Produit ass, deen ee ka benot zen.

Une voix. Oder nach e Stage anzwousch anescht.

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten). Dat gesot … Vläicht och nach e Stage anzwousch anescht, vläicht bei esou enger Firma, déi dat offréiert.

Ech muss einfach soen, et ass natierlech einfach gesot: „Et gëtt keng Alternativ.“ Dat ass eppes, wat ech och schonn e puermol kritiséiert hunn. An ech wäert och nach kuerz op Open Source ze schwätze kommen, wat awer e Sujet ass, dee mer ganz um Häerz läit.

Mee ganz kuerz eng Kéier zur Digitaliséierung an der Schoul: Se mécht net Halt virun der Schoul an d’Digitaliséierung ass aus eisem Liewen net méi ewechzedenken. A grad duerch eng Pandemie hu mer gemierkt, wéi wichteg et ass, séier kënnen dohinner ze basculéieren.

Zur Digitaliséierung gehéieren awer och Mediendi daktik a Medienerzéiung, a genau dës ginn ëmmer méi wichteg. Säit Kuerzem gouf jo och an dat gouf schonn ugeschwat de Coding als transversaalt Schoulfach opgeholl. Dat konfrontéiert d’Léierper sonal mat neien Inhalter an Erausfuerderungen.

Mir ënnerstëtzen duerfir dëse Projet mam Zil, dem Enseignant gutt forméiert Uspriechpartner an och Aarbechtskolleegen zur Säit ze stellen, absolutt, well ouni dat geet et net! Mir freeën eis och, datt am Secondaire elo digital Outilen, zum Beispill Computeren, Laptoppen oder Tablets, iwwert de CGIE finanzéiert an och ënnerhale solle ginn, bedaueren awer, datt esou eng Léisung net och fir de Fondamental konnt fonnt ginn.

Wat nämlech d’technologescht Material an de Pri märschoulen ugeet, gëtt et nach ëmmer ganz grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen Auto nomie communale oblige, déi aktuell ëmmer nach eleng zoustänneg sinn: Wärend déi eng Schoule schonn an all Sall Laptoppen hunn, eng digital Tafel stoen oder hänken hunn, hunn aner Gebaier ëmmer nach nëmmen e Computersall, deen all d’Klasse sech deele mussen.

Esou gesäit Chancëgläichheet net aus, léif Kollee ginnen a Kolleegen. An Zäiten, an deenen digital Outile lues a lues zum feste Bestanddeel vum Schoulalldag ginn an de Ministère och ganz kon kreet Applikatiounen a Programmer op de Schoul programm setze kann, si mer der Meenung, datt de Ministère och hei misst fir eng Chancëgläichheet suergen.

Aktuell besteet fir d’Gemengen nämlech och ëm mer de Risiko, datt si hir Schoulen, wa se dann d’Suen dofir hunn an an d’Hand huelen, mat be stëmmte Geräter ekipéieren an dann awer mierken, datt de Ministère de Programm geännert huet an hir Apparater net méi passen, esou zum Beispill, well Androidbaséiert Applikatioune sollen zum Asaz kommen, obwuel d’Schoul elo grad eréischt AppleProduite kaf huet oder well ëmgedréint mat enger Software am Enseignement geschafft soll ginn, déi just op Mac leeft, wärend d’Schoul awer just WindowsPCen huet. A schwätze mer elo net dovunner, datt iergendeng Gemeng géif op d’Iddi kommen, Linux an Open Source zum Asaz ze bréngen, well da ka se net emol domadder op de MyGuichet goen!

Fir esou Problemer ze vermeiden an eng Gläichheet tëscht de Gemengen ze erreechen, wär et gutt gewiescht, d’Aufgabefeld vum CGIE och op d’Pri märschoulen auszeweiden, oder, falls dat aus ver schiddene Grënn onméiglech ass, eng eege respon sabel Ariichtung fir de Fondamental anzesetzen.

Dat muss net esou wäit goen, datt de Staat et och bezilt, mee zumindest eng zentral Beschafung, déi kohärent mam Schoulprogramm ass an déi eng gewësse Garantie géif ginn, hätt eis hei awer wënschenswäert erschéngt.

Idealerweis an do kommen ech op den Open Source, géife mir Piraten eis awer och wënschen, datt um Ministère technologieagnostesch Program mer an Applikatiounen an eebe grad och Open SourceLéisunge géife favoriséiert ginn, fir esou Kompatibilitéitsproblemer vu vireran auszeschléis sen a Jonken d’Méiglechkeet ze ginn, d’Software, mat deene se schaffen, ganz verstoen ze kënnen, wa se dat wëllen, well och dat ka Jonker fir d’Pro gramméiere begeeschteren. Et ass eebe méi inte ressant, wann ee Createur an net nëmme Konsu ment ass! An den Avantage ass, datt déi meescht OpenSourceSoftware och d’ailleurs selwer kann hebergéiert ginn an domadder méi dateschutz konform kann agesat ginn.

Ech ginn elo net op déi jett Questionparlementai ren an, déi ech scho gestallt hunn zum Theema dateschutzkonformen Asaz vun Office 365 an där ganzer CloudEmgéigend am Enseignement. Dat géif de Kader vun dëser Diskussioun sprengen. An ech begréissen et duerfir an deem Kader dann aus drécklech, datt de CGIE, nieft der MicrosoftCloud, mëttlerweil och eng nächst CloudInstanz fir den Echange vun Dokumenter zur Verfügung stellt: Eppes, wat Open Source ass a wat vum CGIE selwer hebergéiert gëtt, also méi dateschutzkonform kann ëmgesat gi wéi d’Cloud vu Microsoft.

Dat gesot, sinn ech mer bewosst, datt een dat eeben net an engem Dag ëmsetzt, datt een net e Knäppchen ëmleet an direkt eng nei CloudPlatt form zu Lëtzebuerg lafen huet. Dat ass e Prozess, dee braucht Zäit, dee braucht politesche Wëllen an dee braucht virun allem dann och déi Leit, déi et exekutéieren. A fir datt mer déi iwwerhaapt iergend wann eng Kéier hei zu Lëtzebuerg hunn, musse mer d’Digitaliséierung an de Schoulen no vir dreiwen, an dat geet nun emol net komplett ouni Ecran. Duerfir gi mir eisen Accord zu dësem Projet.

Ech soen Iech Merci.