Header for Projet de loi portant modification :1. des articles L. 232-2 et L. 233-4 du Code du travail ;2. de l’article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’État

Projet de loi portant modification :1. des articles L. 232-2 et L. 233-4 du Code du travail ;2. de l’article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’État

Dës Ried hunn ech den 27/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification :1. des articles L. 232-2 et L. 233-4 du Code du travail ;2. de l’article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’État” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, een Dag Congé méi, een neie Feier- dag, wie seet do neen? Ech mengen, déi wéi-negst, vläicht d’Patronen, déi e bëssen onze- fridden domadder sinn. A gläichzäiteg ass den Datum vum Mee, dee jo scho chargéiert ass mat anere Feierdeeg, op den éischte Bléck vläicht ongënschteg. Op den zweete Bléck ass et awer genau dee richtegen Dag. Datt mer den Europadag, den 9. Mee, zu engem Feier- dag maachen an datt mir als Lëtzebuerger, déi jo zu de Grënnungsmembere vun der EU gehéieren, als Éischt dësen Dag als Feierdag festschreiwen, ass u Symbolik net ze iwwer- treffen.

Mä Feierdeeg sollen net nëmme Symbolik sinn. Feierdeeg sollen och derfir suergen, datt d’Be- vëlkerung, datt d’Mënsche kënnen zesumme- kommen, datt d’Mënsche sech kënnen ze- summen austauschen, zesumme feieren, wat mer gepackt hunn.

Ech wäert elo net d’Succèse vun der Euro- päescher Unioun am Ganzen opzielen. Dat ass an dësen Deeg och heiansdo e bësse méi kom- plizéiert, wann ee gläichzäiteg verteidegen a kritiséiere muss. Mä eppes kënne mer soen, dat ass, datt d’EU-Memberstate säit hirer Grën- nung keng bewaffnet Konflikter ënnereneen haten. 70 Joer Fridden ass eppes, wat dëse Kontinent bis elo a senger Geschicht ganz seelen erlieft huet, 70 Joer, an deene mer eis net géigesäiteg d’Käpp ageschloen hunn. Ech mengen, dat ass et derwäert ze feieren. An deementspriechend ass dee Feierdag vum 9. Mee eppes, wat eise vollste Support kritt.

Ech denken och net, datt mer do aner Feierdeeg géife méi schlecht stellen oder besser stellen. Ech mengen, datt et do keng Ran- guerdnung gëtt. Et ass ganz kloer, datt mer hei e Symbol setzen, e Symbol, datt d’Lëtzebuer- ger sech an Europa wuelfillen, datt Europa eis weiderhi wichteg ass an datt mer zesumme- kommen, fir eventuell Problemer an de Grëff ze kréien.

Deementspriechend freeën ech mech drop, dëst Joer déi éischte Kéier dann den 9. Mee als Feierdag ze feieren an net nëmmen als Dag fir Europa.

Den zweete Punkt ass dee weidere Congésdag. Elo muss ech éierlech soen, ech hat mer deen e bëssen anescht virgestallt. Ech hat e bësse ge- hofft, datt mer vu virera géife Léisunge fannen och fir déi Leit, déi schonn ënner Kollektiv- verträg sinn. Ech weess, datt dat schwéier ass. Ech weess, datt dat quasi onméiglech ass. Deementspriechend ass dat heiten e klenge Schrëtt, mä e klenge Schrëtt an déi richteg Richtung. Mir erméiglechen et hei Leit, hiert Liewen tëschent dem Schaffen an der Famill, tëschent der Aarbecht, der Lounaarbecht an der Rekreatioun besser ënner een Hutt ze kréien, well Studie beweisen, wat ee méi entspaant op d’Aarbecht kënnt, wat ee méi produktiv schafft, wat ee besser schafft. An dat ass eppes, wat mech dann als Deel vum Patro- nat och heiansdo absolutt zefridde mécht, wa meng Employéë méi produktiv sinn.

An deementspriechend kann ech och soen: Als klenge Patron hunn ech kee Problem domad- der, datt et hei e weidere Congésdag gëtt. Ech denken, datt ee souwisou an deene meeschte klenge Betriber net op d’Minutt kuckt, net op déi eenzel Stonn kuckt, mä datt ee probéiert huet, ëmmer Léisungen zesumme mat sengen Employéen ze fannen.

Deementspriechend wäert dat hei ganz ville Leit hëllefen, déi manner Flexibilitéit an hire Be- ruffer haten, a gläichzäiteg och erëm e Symbol setzen, en Zeeche setze fir déi nächst Kollektiv- vertragsverhandlungen, déi op eis zoukom- men.

Ech muss awer soen, datt dat, wat d’Kolleege virdru gesot hunn, aus hire jeeweilege Wahl- programmer ze zitéieren, dach e bësse kuerz gegraff huet. Ech kéint elo och nach eise Wahl- programm zitéieren, ech loossen dat. Do stoung och iergend esou eppes dran zum Thema Congésdeeg.

(Hilarité et interruption par M. Fernand Kartheiser)

Mir haten e Wahlprogramm, Här Kartheiser. Ech kann Iech d’Lektür dovunner nëmme recommandéieren. Dat ass …

(Interruptions)

Op där anerer Säit muss ech awer soen, datt, wann ech de Kolleegen hir Wahlprogrammer dann och studéiert hunn, et do anescht geklongen huet wéi ee Feierdag an ee weidere Congésdag. Et ass grouss geschwat gi vun enger besserer Vereenbarkeet vu Beruff a Privat liewen.

An ech mengen, datt do dës Reform en éischte Schrëtt ass, awer net dee leschte Schrëtt ka sinn, wann all Partei, déi heibannen ass, hir Wahlversprieche wëllt anhalen. An duerfir freeën ech mech schonn drop, datt mer op dëser Plaz nach e puermol wäerten iwwer aner Mesurë schwätzen, wéi mer dann Privatliewen a Beruff besser ënner en Hutt kréien.

Grondsätzlech ass dat heiten duerfir fir eis nëmmen en éischte Schrëtt a mir sollten net bei engem éischte Schrëtt stoe bleiwen, mä mir sollten eis dann och trauen, déi nächst Schrëtt ze goen an zesumme mat alle Sozial- partner derfir suergen, datt mer wierklech déi Balance, déi ëmmer méi schwéier gëtt, déi Balance, déi och an enger Welt, wou d’Aar- becht sech ännert, eng aner gëtt forcement. Mir hunn haut Diskussiounen iwwer en « droit à la déconnexion ». Mir hunn haut Diskussiou- nen driwwer: Wat ass reell Aarbechtszäit? Wat ass keng Aarbechtszäit?

Ech mengen, dat sinn Debaten, déi mer zousätzlech zu dësen éischte Schrëtt hei nach féiere mussen. An duerfir wäerte mir eisen Accord gi fir dëse Projet an hoffen, datt et net dee leschten ass, dee mer an dësem Dossier wäerten upaken.

Ech soen Iech Merci.