Header for Projet de loi portant modification 1° du Code du travail;2° du Code de la sécurité sociale;3° de la loi du 23 juillet 2015 portant modification du Code du travail et du Code de la sécurité sociale concernant le dispositif du reclassement interne et externe

Projet de loi portant modification 1° du Code du travail;2° du Code de la sécurité sociale;3° de la loi du 23 juillet 2015 portant modification du Code du travail et du Code de la sécurité sociale concernant le dispositif du reclassement interne et externe

Dës Ried hunn ech den 16/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification 1° du Code du travail;2° du Code de la sécurité sociale;3° de la loi du 23 juillet 2015 portant modification du Code du travail et du Code de la sécurité sociale concernant le dispositif du reclassement interne et externe” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verspriechen, ech maachen et kuerz. Et ass sécherlech scho vill gesot ginn. Et ass ni schéin, wann ee gesondheetlech Problemer huet, an et ass nach manner schéin, wann een dann doduerjer vun enger Mesure de reclassement betraff ass.

Nichtsdestotrotz ass et e wichtegen Outil an eiser Geschierkëscht, fir Leit an der Aarbecht ze halen. Et war awer, och historesch gesinn, ëmmer e komplizéierten Outil an eiser Toolbox. An et ass virun allem en Outil, deen dach lénks a riets seng kleng Hicen huet.

Esou hat ech d’lescht Joer schonn an enger Question parlementaire nogefrot, wéi laang d’Dauer da beim Ausbezuele vun der éischter Indemnitéit ass. Wann dann den Dossier constituéiert gëtt, ass do op eng Dauer vun zwee bis dräi Méint komm. Zwee bis dräi Méint, nodeem een da reklasséiert ass, wärend een eventuell keen normale Salaire méi kritt, wou een dann op seng Indemnité compensatoire waart, dat kann, grad wann et keen décke Salaire ass, dach zu Lächer féieren. Ech denken, datt een hei och nach eng Kéier misst noschaffen.

An dann, fir zu dësem Projet awer eppes ganz Konkreetes nach unzeschwätzen, denken ech, ass d’Chambre des Métiers déi, déi et ganz treffend formuléiert huet. D’Chambre des Mé tiers schreift an hirem Avis an ech ralliéiere mech deem , datt et e Problem ka ginn, wa reng d’administrativ Decisioun vum Dokter engem Patron imposéiere kann, d’Aarbechts zäit vun enger Persoun an enger Mesure de reclassement ze erhéijen.

Stelle mer eis d’Situatioun vir, datt eng Persoun op 50 % reklasséiert gouf. Dofir stellt e Patron, deen awer déi nämmlecht Produktivitéit a sengem Betrib brauch, eng Hallefsdagsplaz an, vläicht eng Vollzäitplaz an. A lo kënnt déi Per soun dann, well et hir, glécklecherweis, am Reklassement besser geet, zréck. Déi gëtt elo op 80 % reklasséiert. Dat heescht, se huet 30 % méi Produktivitéit, fir déi se rëm soll schaffe goen. An déi Mesure administrative, déi Décision administrative vum Dokter geet duer, datt de Patron sech direkt muss drun halen.

Ma wat mécht de Patron mat där Persoun, déi en nei agestallt huet? Pucht e se eraus? Hält e se? Schléckt en d’Käschten? Dat ass, mengen ech, en Hic, wou mer mussen an Zukunft en An drop halen. Mir mussen eis bewosst sinn, datt et dee Problem gëtt. A mir musse ganz gutt oppassen, datt dat doten net wierklech zu engem Problem fir Employéen, déi als Ersatz fir eng Personne en reclassement kommen, gëtt. Mir brauchen also do flexibel Léisungen. Mir brauchen do e Monitoring, fir sécher ze sinn, datt dat net zu engem grousse Problem gëtt. Fir eis Piraten muss d’Zil sinn, datt mer net, andeem mer enger Persoun, där et besser geet, erëm méi Aarbecht zoumudde kënnen, enger anerer Persoun Aarbecht ewechhuelen.

Dee Bemoll ugeschwat, mengen ech, datt de Marc Baum huet aus dem Avis vun der CSL ganz gutt zitéiert : Et ass nach kee perfekte Projet, mee en ass dréngend néideg, an dofir sollte mer dee stëmmen. An d’Piraten ginn och hiren Accord.