Header for Projet de loi portant modification de :1° la loi modifiée du 12 septembre 2003 relative aux personnes handicapées ;2° la loi modifiée du 28 juillet 2018 relative au revenu d’inclusion sociale

Projet de loi portant modification de :1° la loi modifiée du 12 septembre 2003 relative aux personnes handicapées ;2° la loi modifiée du 28 juillet 2018 relative au revenu d’inclusion sociale

Dës Ried hunn ech den 25/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de :1° la loi modifiée du 12 septembre 2003 relative aux personnes handicapées ;2° la loi modifiée du 28 juillet 2018 relative au revenu d’inclusion sociale” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass u sech eng ganz kuerz Ried, déi ech zu deem heite Projet halen, well et ass evident an an der logescher Konklusioun och vun deem, wat mer hei virun e puer Minutte gestëmmt hunn, datt mer och beim REVIS respektiv beim Akommes fir behënnert Persounen eng Augmentatioun maachen. Ech mengen, do ass keen Doute drun, an duerfir kann ech Iech och elo scho soen, datt d’Piraten dëse Projet wäerte mat- stëmmen.

Ech reechen awer gläichzäiteg eng Motioun an, déi op e Mëssel hiweist, dee mer virun enger Woch schonn deelweis ugeschwat haten, wéi mer iwwert d’Beruffsausbildung geschwat hunn, a fir déi hei beim Revenu fir Persoune mat Handicap elo de Moment fir eis komm ass, déi dann och ze deposéieren. Et geet näämlech hei drëm, datt mer bei der Beruffsausbildung eppes net gemaach hunn, dat ass, mir hu keen Apprenti handicapé agefouert. Dat ass eppes, wat d’Chambre des Salariés an hirem Avis dee- mools gefuerdert huet. An et ass eppes, wat och vun den Interesseverbänn dréngendst ge- frot ass.

Et ass näämlech esou, datt mer net op där enger Säit kënne soen, datt mer en handica- péierte Mataarbechter zwar entlounen, datt mer awer op där anerer Säit en handicapéier- ten Apprenti anescht behandelen a soen: Majo, däin Apprentissage gëtt net entlount. Mir soen hei am Haus oft, Aarbecht soll sech lounen. Ma déi heite Motioun gëtt eis d’Méiglechkeet, ge- nau dat ze maachen, se fuerdert d’Regierung näämlech op, a genau deem heite Fall dee Sta- tut an Zukunft anzeféieren an domadder dann och eng Entlounung, eng gerecht Entlounung vun deenen Apprentis handicapés anzeféieren.

Ech soen Iech Merci.