Header for Projet de loi portant modification de: 1° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance; 2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Projet de loi portant modification de: 1° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance; 2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Dës Ried hunn ech den 14/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de: 1° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance; 2° la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un d’Rapportrice, d’Simone Beissel, wat hei en exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport mat ganz villen Zuelen an Detailer virge luecht huet.

Da wäerte mer muer dann an der Zeitung vum „Lët zebuerger Vollek“ erëm liese kënnen, datt dësen Debat no hirem Redaktiounsschluss war. Et deet mer leed fir d’Kolleegen, déi dat dann do wëllen traitéieren, mee ech mengen, de Redaktiouns schluss, deen ass scho laang depasséiert.

Op alle Fall, ech begréissen hei d’Tatsaach, datt d’Hëllefsmoossname fir Firme bis Oktober verlän gert ginn. Dat ass emol dat Positiivt, wat ech hei ka soen.

Wéi mer nämlech wëssen, sinn d’Horeca, den Event a Kultursecteur schwéier vun der Pandemie affek téiert an dat ass kee Geheimnis. Mee mat deenen neie Variante vum Virus ass et einfach schwéier ze soen, wéi et an der noer Zukunft wäert weidergoen.

Ginn d’Mesuren erëm méi restriktiv? Kënnt even tuell nach e Lockdown am Hierscht op eis zou? A wéini fanne mer erëm wierklech zur Normalitéit zréck?

Wärend der gesamter Pandemie hunn d’Handwier ker, d’Horeca, d’Independanten, all d’wirtschaftlech Acteuren der Regierung nogelauschtert, si hu kooperéiert a ware bereet, Kompromësser an Aschnëtter an hire Budgeten a Planungen ze maa chen. Elo zitt d’Regierung sech lues a lues zréck.

An eisen Ae schéngt dat net fair, minus 30 % op de Plaffonge bei der Aide pour coûts non couverts. Ei ser Meenung no soll d’Regierung hei virsiichteg bleiwen an den Entreprisë kloer Hëllefsperspek tiven an Aussiicht stellen. Jo, et si minus 30 %, well vun 30.000 op 20.000 Euro erof, vun 150.000 op 100.000 erof a vun 300.000 op 200.000 Euro erof ass allkéiers een Drëttel. Dir hutt Iech gefrot … Et si souguer 33 % manner. Et ass een Drëttel, also 33,33 %, a sou weider. Bon, bref.

An anere Wierder: Wann d’Infektiounszuelen erëm sollten eropgoen an erëm méi wirtschaftlech Res triktiounen opgestallt ginn, da sollt d’Regierung och de Plaffong fir d’finanziell Ënnerstëtzung fir d’Ge schäfter erëm upassen. Mir verstinn, datt d’Entre prisen an d’Geschäfter net fir ëmmer ënnerstëtzt kënne ginn. Mee hinnen elo ze soen, datt se elo scho solle kucken, erëm selbstänneg ze ginn, wann d’Regierung selwer nach net weess, wéi d’Infek tiounszuelen ëm den Hierscht ausgesinn, dat ass net gerecht!

Eis Firmen hu bis elo gutt kooperéiert a si hunn der Regierung vertraut. Wou ass dann elo hei d’Solidari téit, vun där d’lescht Joer esou oft geschwat gouf?

Wou ass hei déi berüümten Approche, déi d’Regie rung ëmmer erëm preconiséiert huet, wa mir eng Verlängerung iwwert den Delai eraus vun den Aidë gefrot hunn, fir d’sanitär Moossnamen, jee no der Lag, ze adaptéieren?

Fir eis Piraten ass et kloer, datt d’Aiden esou laang mussen ugebuede ginn, wéi d’Onsécherheet do riwwer herrscht, wéini dës Pandemie eriwwer ass.

An d’Virriednerinnen a Virriedner hunn et hei gesot: Dës Pandemie ass nach net eriwwer! Mir wëllen zwar alleguerten zréck an d’Normalitéit, mee d’Nor malitéit ass nach net um Rendezvous.

D’Firmen hei am Land brauchen also Perspektiven a Sécherheet. Si brauchen d’Garantie, datt de finan zielle Support do ass, wa se e sollte brauchen. Hei ze annoncéieren, d’Hëllefen am Oktober ze stop pen, ass fir eis farlässeg an aus der Hëft geschoss.

Dann hunn ech och nach eng Remark dozou, wéi hei an der Chamber mat den Avise vun de Beruffs kummeren ëmgaange gëtt. Well all dës Kriticken, déi ech elo grad opgeworf hunn, goufen och schonns an den Avise vun de Beruffskummeren op geworf. D’Rapportrice huet se selwer zum Deel zi téiert. Mee keen eenzege vun deene Virschléi huet an d’Projete fonnt. An et ass net fir d’éischte Kéier, datt d’Beruffskummeren déi nämmlecht Fuerde runge reiteréieren. D’Madamm Rapportrice huet et e bëssen esou genannt: „Jo, natierlech fuerdert d’Chambre de Commerce dat, wat dat Bescht ass fir hir Ressortissanten!“ Ma natierlech sollte mir als Chamber och dat maachen, wat am beschten ass fir eis Ekonomie! An ech sinn der Meenung, datt mer hei ze kuerz gräifen. Ech sinn der Meenung, datt mer méi wäit hätte kënne goen, datt mer d’Ai den net hätte misse reduzéieren.

Ech stelle mer iwwregens och d’Fro iwwert d’Dauer, déi dës Dossieren am Moment an der Instruktioun brauchen. Well an engem Communiqué vum Minis tère des Classes moyennes vum Januar, dee mëtt lerweil mol net méi op hirem Site direkt ze fannen ass, just nach iwwert de Cache vu verschiddene Sichmaschinnen, gouf gesot, datt d’Demandë ban nent dräi Woche géifen traitéiert ginn. Dat ass esou en Delai, dee mer ëmmer erëm héieren, mee a Wierklechkeet komme mer an der Lescht ëmmer méi heefeg erëm Fäll zu Oueren, déi méi laang brau chen, déi och emol gäre fënnef Woche brauchen an déi, wa se dann op der Helpline uruffen, gesot kréien: „Jo, dat ass normal, et geet net esou séier.“ Ma ass et net méiglech, an dat ass eng konkreet Fro, déi Dossieren an engem Delai vun dräi Wochen ze verschaffen? Et ass jo net déi éischt Demande bei deene meeschten, soudatt d’Dossieren u sech virleien, an et misst éischter méi séier goe wéi méi lues. Oder, wann et tatsächlech méi laang dauert, misst een dat net oppe kommunizéieren, datt déi betraffe Betriber sech kënnen an hirer Tresorerie dorobber astellen?

Dëst gesot ass et evident, datt an dësem Gesetz nach Problemer an Onkloerheeten existéieren an datt d’Gesetz an deene genannten Aspekter net komplett ass. Trotz dëse Kriticke wäerte mir dëse Projet haut awer matstëmmen, well et fir vill Firmen hei am Land liewenswichteg ass.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Vu datt den Här Minister mech e puer mol ugeschwat huet, wollt ech awer e puer Saache kloerstellen.

Ech weess, a mir hunn dat och an der Kommissioun breet diskutéiert, d’Ënnerscheeder zwëschent dem 3.1, dem 3.12. Et kann een trotzdeem eng gewësse Sécherheet schafen. An d’Wuert Phasingout ass elo e puermol komm a genau dat hunn ech jo kriti séiert, datt mer elo scho ganz konkreet e Phasing out maachen, e Drawdown vun de Montanten, datt mer schonn eeben, wéi ech virdru gesot hunn ech hu salopp 30 % gesot, et ass een Drëttel , ëm 33 % reduzéieren.

Wat elo d’Aarbecht vun den Amendementer oder konkreet Propositiounen an der Kommissioun ze maachen ubelaangt, ech mengen, mir wëssen alle guerten, zumindest déi, déi op der Oppositiounssäit sëtzen, datt dat heefeg e relativ futillen Exercice ass, wann d’Majoritéit schonn eng Meenung huet.

An de Minister huet mer virdru gesot, mir géif vläicht den Avis vun der Kommissioun net gefalen.

Majo, mir huet den Avis vun de Kummeren eebe besser gefall. Him huet dee manner gutt gefall, duerfir huet hie sech éischter dem Avis vun der Kommissioun ralliéiert. Ech verstinn dat, dat ass d’politescht Spill.

Et sollt een awer do elo net soen, mir hätten déi Avise vun de Kummeren ewechgewëscht. Dat hunn ech net behaapt. Ech hu gesot, mir hunn driwwer geschwat. D’Madamm Rapportrice huet se erwäänt an hirem Rapport. Si sinn dokumentéiert. Et ass och dokumentéiert ginn, datt et e politesche Choix war vun der Majoritéit, dat net ze suivéieren. Dat hunn ech kritiséiert, dee politesche Choix. Ech hunn net gesot, mir géifen net driwwer schwätzen. Ech hu gesot, mir géife se net suivéieren. Ech mengen, dat ass eng politesch Appreciatioun vu menger Säit an dat ass net d’Chamberaarbecht klenggeschwat.

Schlussendlech merci fir d’Äntwert op déi Fro mat den Delaien. Ech mengen, datt dat wichteg ass, do baussen oppen nach eng Kéier ze kommunizéieren.

Ech ka mech net drun erënneren, datt Der et eng Kéier gesot hätt heibannen vläicht hat ech et net matkritt.