Header for Projet de loi portant modification de : 1. la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. la loi du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance ; 3. la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Projet de loi portant modification de : 1. la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. la loi du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance ; 3. la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de : 1. la loi modifiée du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ; 2. la loi du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance ; 3. la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol: Den Delai fir d’Areeche vun den Dossieren, fir eng Aide de relance unzefroen, ze verlängeren, an d’Méig lechkeet vun der sougenannter Nouvelle aide de re lance an d’Hëllefe fir d’Coûts non couverts nach bis Juni profitéieren ze kënnen, si wichteg Schrëtt, fir d’Entreprisen an dëser unhalender Kris ze ënner stëtzen.

Mee mir musse soen, wéi et ass. Mir stinn net hei, fir de Leit e Gefalen ze maachen. Nee, mir kënnen eis hei net op d’Schëller klappen, well mir wëssen et alleguer: Dës Mesurë sinn de Minimum, deen néi deg ass, fir eis Wirtschaft um Dréien ze halen. Rich teg sozial Mesurë misste méi wäit goen.

Wéi virun engem Joer den éischte Lockdown koum, hate wuel déi wéinegsten Entrepreneuren dermat gerechent, datt se e Joer méi spéit ëmmer nach vu Restriktioune betraff wären, déi et hinne géife ver bidden, hirem Geschäft ganz oder deelweis noze kommen.

Deemools hate mer nach all gehofft, datt mer haut schonn duerch déi Kris erduerch wären, datt et en Albdram wär, deen hanner eis géif leien. Dat hat och en Afloss op d’Aart a Weis, wéi d’Entreprisen dës Kris geréiert hunn. D’Kriselogik war laang Zäit déi, kuerzfristeg esou gutt et geet ze iwwerbrécken, bis dann e puer Méint méi spéit alles erëm beim Ale wär.

Ech hunn haut de Moien nach mat engem Mann aus dem Horeca geschwat, dee mer gesot huet: „D’lescht Joer am Mäerz hunn ech gesot: ‚Wann ech am Juli erëm kann opmaachen, dann iwwer liewen ech et.‛“ Dunn huet e sech gesot: „Wann ech et bis Oktober packen, da packen ech et.“ An elo seet e sech erëm: „Wann ech et bis dëst Joer Okto ber packen, dann hunn ech eng kleng Chance ze iwwerliewen.“ Dat weist, wéi wierklech Schrëtt fir Schrëtt d’Erwaardungshaltung sech verännert huet.

Am Ufank war et: Elo gläich, gläich geet et erëm! E ganzt Joer ass awer keng kuerzfristeg Iwwerbré ckung méi! A wann ee sech d’Gestioun vun der Pan demie an d’Impfcampagnë weltwäit ukuckt, muss ee sech leider agestoen, datt e Retour an d’Normali téit wuel soubal nach net wäert méiglech sinn, och wa mer alleguerten hoffnungsvoll op de Summer kucken, wou déi steigend Temperature jo och zum Deel derzou bäidroe wäerten, d’Transmissioun vum Virus anzedämmen.

Déi unhalend Ongewëssheet doriwwer, wéi et mam eegene Betrib wäert weidergoen, ass eng grouss finanziell, mee awer och eng mental Belaaschtung.

All Kéier, wann e Covidgesetz kënnt, hoffen d’Besët zer vun de Restauranten, de Caféen oder och den Discoen, datt se hir Dieren nees dierfen opmaa chen, a vill ze heefeg gi se nees weider dräi Woche vertréischt.

Net ze wëssen, wat an dräi Woche geschitt, ass fir d’Patrone schwéier. Wéi solle se esou plange kën nen? Wéi solle se entscheeden, ob se Mataarbechter entloosse mussen oder Wuere verkafe sollen, wa se net wëssen, ob se dës dräi Wochen drop nees dréngend bräichten, fir de Betrib no der laangerseentener Reouverture nees un d’Goen ze kréien?

An deem Kontext ass de Communiqué, dee vun der Horesca un hir Membere verschéckt gouf an op d’Aussoe vum Minister verweist, fir vill Entrepreneu ren e Schlag an d’Gesiicht gewiescht.

An dësem Schreiwe gëtt bemierkt, datt de Minister betount hätt, datt déi staatlech Aiden net éiweg fléisse kéinten, an Zukunft och reduzéiert géife ginn an d’Entreprisë gebiede wären, déi néideg Re strukturatiounen ze treffen. Wat ee grad bei grous sen Entreprisen oft mat deem schéine Wuert vun der Restrukturatioun verstoppt, wësse mer alleguer ten: Kënnegungen! Mee egal, ob et sech ëm eng grouss Entreprise handelt, déi sech muss iwwer leeën, wéi vill Mataarbechter se duerch dës Kris er duerchhuele kann, oder eng kleng, déi sech froe muss, ob se vläicht hire ganze Businessmodell ëmstelle muss, well d’Kris einfach ze laang ass, fir iwwerbréckt kënnen ze ginn: Ouni Planungssécher heet, ouni déi eng Woch ze wëssen, wat e puer Wo che méi spéit lass ass, ass et bal onméiglech, en anstännege Plang opzestellen.

Här President, de Privatsecteur huet vill duerchge maach am leschte Joer. „Fir opzebleiwen, musst Der korrekt ekipéiert sinn an d’Hygiènesmesurë res pektéieren“, sot net nëmmen d’Regierung, mee sote mer alleguerten. Okay! Entreprisen an Independan ten hunn dës Krittäre respektéiert a sech en Inven taire kaaft mat allem, wat gefuerdert war: Masken, Händschen, Desinfektiounsgel, Plexiglas et cetera et cetera. „D’Zuele sinn ze héich, alles, wat net essenziell ass, muss zoumaachen“, gouf gesot. Okay! Entreprisen an Independantë waren net frou, mee se haten d’Si tuatioun verstanen. Et war grav, se hunn zouge maach. An elo, no Méint, an deene se alles ge maach hunn, wat vun hinne gefuerdert war, si mer nach ëmmer matten an der Kris an d’Betriber däer fen nach ëmmer keng Leit empfänken.

Elo fënnt d’Regierung et opportun, de Patrone mat deelen ze loossen, se missten esou lues iwwer leeën, wéi se ouni staatlech Hëllefen eens kéinte ginn a Restrukturatioune virgesinn.

Mir fannen, datt et zum aktuellen Zäitpunkt, wou d’Regierung et de Betriber duerch hir Restriktiounen zum Deel onméiglech mécht, hirem Geschäft noze goen, falsch ass, den Entrepreneuren nach zousätz lechen Drock ze maachen. Jo, wann den Horeca nees normal seng Dieren dierf ophunn, mussen d’Patrone sech iwwerleeën, wéi se hire Betrib nees onofhängeg vu staatlechen Aidë féiere kënnen.

Mee matten an enger Kris, wou kee weess, wat an zwou Woche lass ass, ze verlaangen, sech prett ze maache fir Restrukturatiounen, ass an eisen Aen de falsche Wee.

Wéi soll een dann decidéieren, wat déi beschten Entscheedung fir de Betrib an d’Mataarbechter wär, wann een d’Konditiounen net kennt? Dann ass et jo pueren Zoufall, ob eng Verännerung zum Gudden oder zum Schlechten ausfält. Mir mussen de Patro nen an dëser Kris hëllefen. Mir hunn näischt der vun, elo mat den Aiden ze zécken, wa mer duerno mussen de Chômage vun all deene bezuelen, dee nen hir Betriber dës Kris net iwwerstanen hunn.

Mir fannen duerfir och, datt Lëtzebuerg de ganze Spillraum notze soll, dee mer vun der EU kréien, an den Avise vun de verschiddene Kummeren no lauschteren an d’Limitt vun enger Perte vu 40 % vum Chiffre d’affaires op 30 % erofsetze sollt.

Wärend e puer Méint kann eng Entreprise eng Perte vun 30 % normalerweis iwwerbrécken. Mee dës Kris dauert elo schonns ze laang. Och Patronen, déi keng 40 %, mee nëmmen 30 % Aboussen haten, kënnen an d’Strauchele kommen.

Et kéint ee jo och nach e soziale Krittär aféieren a soen, datt nëmmen déi Entreprisë mat enger Perte vun 30 % Hëllef kréien, déi och noweise kënnen, datt d’Entreprise duerch dës Verloschter bedrot ass an datt Aarbechtsplazen um Spill stinn. Esou misst d’Regierung d’Aiden net onnéideg ausweiden a géif awer deenen hëllefen, déi dës Ënnerstëtzung drén gend bräichten. Eng gewësse Flexibiliséierung.

Kleng Betriber kämpfen dobaussen a mat hinnen hir ganz Famill. A verschiddene Familljen iwwer huele mëttlerweil schonn d’Kanner d’Mensualitéite vun de Prête vun den Elteren, fir datt d’Famill iwwer haapt nach iwwert d’Ronne kënnt. An dat sinn nach nëmmen déi Familljen, déi d’Chance hunn, kee Familljebetrib gehat ze hunn, soudatt d’Kanner an anere Secteure geschafft hunn an elo nach e Sa laire kréien, wärend de Betrib vun den Elteren nach ëmmer zou ass.

Familljebetriber, wou d’Zoumaache vum Betrib d’Akommes vu jidderengem aus der Famill betrëfft, huet et am häertste getraff. Duerfir brauche mer elo Aiden, déi de Mënschen hëllefen, dës Kris ze iwwer stoen an duerno nees weidermaachen ze kënnen.

Mir brauchen Aiden, déi séier ausgeschott ginn a méiglechst keen duerch d’Netz fale loossen.

An do vläicht eppes kuerz un d’Adress vun der Ma damm Beissel. Si huet virdru gesot, mir hätten eis Flexibilitéit opginn, wa mer d’Gesetz bis Enn des Joers lafe gelooss hätten. Ech hunn net d’Gefill, datt bei där Vitess, mat där mir hei an der Chamber am Moment d’Gesetzer änneren, nei aféieren, ofän neren, ofschafen, datt et do op ee Gesetz méi oder manner, wat mer am Laf vum Joer hätte missen än neren, ukomm wär, fir ze soen, dowéinst géing d’Flexibilitéit verluer. Et seet jo och keen, beim Covidgesetz géife mer u Flexibilitéit verléieren, well och dat steet reegelméisseg um Ordre du jour.

Wat mer begréissen ass awer dee Fakt, datt de Plaffong fir d’Aiden op 1,8 Milliounen Euro eropge sat gouf an datt 25 % vum Chiffre d’affaires immu niséiert ginn, well et ass nun emol esou, datt déi Liwwerung an déi Plats à emporter net onbedéngt rentabel sinn. Dat ass net dat, wat e Restaurant mat enger grousser Salle ausmécht. Dat ass e Broch deel vun deem, wat se an normalen Zäite kéinten an och géife verdéngen.

A mir stinn, wéi gesot, hannert den Upassungen, déi dëse Projet hëlt, och wa se eiser Meenung no net wäit genuch ginn, se deelweis besser missten en cadréiert ginn, wéi zum Beispill duerch e méi kom plett Pandemiegesetz, a mer de Patrone méi laang Planungssécherheet misste ginn.

Mir hoffen, datt dat vläicht an der Zukunft nach ge schitt. Mee am beschten hoffe mer, datt déi Kris hei méi séier eriwwergeet, wéi mer dat am Moment ofgesinn. Duerfir wäerte mir dëse Projet trotz en gem liicht kräischenden An awer matstëmmen.

Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech fänken dann hannen u bei de Fuerderunge vun der CSV, well iwwert de Punkt véier, do huet den Här Delles eis gesot, dat wär besser … An d’Madamm Hartmann huet dat jo elo grad och nach eng Kéier gesot.

Wann déi aner Mesure besser ass, da schuet et näischt, dat heiten awer ze stëmmen. Da gesäit ee jo ganz séier, ob dat wierklech esou ass oder ob net awer iergendeen Entrepreneur tatsächlech awer vläicht duerch de Raster gefall ass an an där heiter Aide besser opgehuewe wär wéi an där anerer.

Ech si ganz éierlech hei op dëser Plaz, ech sinn net Expert genuch an deene ganz genauen Detailer, fir dat heite stante pede kënnen ze decidéieren. An duerfir mengen ech, wann déi Fuerderung do ass, ech hu kee Problem domat.

Dann: De Punkt dräi ass eppes, wat mer méi wéi eng Kéier aus dem Secteur eraus héieren hunn a wat ech och schonn hei a Riede gesot hunn kënne mer eent zu eent matdroen.

Den zweete Punkt, wou et drëm geet, fir vu 40 % Perte op 30 % erofzegoen, hunn ech hei virun e puer Minutten a menger Ried gefuerdert, droen d’Piraten mat.

An den éischte Punkt, deen d’CSV hei fuerdert, nämlech fir eng Retroaktivitéit vun den Aiden ze maachen, hu mer hei scho méi wéi eng Kéier op dë ser Plaz gefuerdert, droe mir also och mat.

Fir d’Piraten ass et kloer, déi heite Motioun mat Jo ze stëmmen.