Header for Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre

Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre

Dës Ried hunn ech den 19/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hu bei dëser Diskus sioun ee grousse Virdeel géintiwwer menge Virrie dner, vläicht mat der Ausnam vum Här Baum, well d’Piraten, wéi Der wësst, 2018 net mat fir dëse Pro jet gestëmmt hunn, well mer dee Moment nach net Deel vun dësem héijen Haus waren.

(Interruption)

Verschiddener heibanne géife sech warscheinlech haut wënschen, dass se net missten erklären, fir wat si fir esou e Projet gestëmmt hunn, obwuel, an dat wëll ech hei ganz kloer soen, d’Chamber net schold drun ass, datt d’Finanzéierung vun dësem Projet esou kolossal aus dem Rudder gelaf ass. D’Verantwortung fir dëse Projet an déi domat a mengen Ae verlueren 309 Milliounen Euro läit ganz kloer bei der Regierung.

Jo, et war dem Här Schneider säi Projet. A jo, den Här Schneider ass haut net méi do. Mee dat spillt keng Roll. Et ass hei ze einfach fir ze soen, datt dëst alles eleng dem Här Schneider seng Respon sabilitéit gewiescht wier. Eng Regierung ass eng Ekipp, eng Ekipp vu Spiller, déi sech all Woch, nor malerweis freides, trëfft an dann u sech och misst wëssen, wat déi aner Spiller esou dreiwen. Just well ee Spiller aus dem Veräin austrëtt oder en Transfert an d’Privatwirtschaft mécht, heescht dat net, datt déi aner net weiderspillen.

Wéinst „manque de temps et de ressources“, esou steet et am Rapport (veuillez lire: esou steet et am Exposé des motifs), wier et 2018 zu engem Feeler komm, e Feeler, deen de Steierzueler läppesch zousätzlech 139 net Euro, mee Milliounen Euro kascht! 139 Milliounen Euro, dat ass genuch, fir de Mindestloun fir 3.860 Leit wärend engem Joer mat alle Chargen ze bezuelen. Stellt Iech emol vir, wat een domat maache kéint. Dat ass, wéi de Marc Baum et richteg sot, e gudde Batz vum Budget fir soziale Wunnengsbau. Wat kéint een nëmme maa chen an Domänen, wou et Krise ginn: Logement s kris, Sozialkris …, a Klimakris, soyons fous! Et kéint een also wierklech eppes mat deenen 139 Millioune maachen. A wat maache mir? Ma mir schécke se hannert 170 anere Milliounen an d’Stären!

Verbessert mech, wann ech falsch leien, mee et ass jo awer keen, deen an der Regierung en Zäit plang virgeluecht krut ausser deem, deen d’Regie rung sech selwer ginn huet. Also de „manque de temps et de ressources“ ass e selbstverschëlte Feeler. Fir bei de Sportsmetapheren ze bleiwen: e Selbstgoal.

All anere Projet de loi, deen an dësem héijen Haus virgeluecht gëtt, soll ausgeschafft, ausgerechent an iwwerpréift sinn. Firwat gouf dat bei dësem Pro jet verpasst? Aus deem ganz einfache Grond vläicht, well d’Regierung gefaart hat, si hätt keng Zäit méi. Et war vläicht schonn déi 91. Minutt an et hat ee vläicht d’Impressioun, datt ee sech net géif iwwert d’Nospillzäit erausretten an datt déi nächst Legislatur eng aner Ekipp um Terrain géif stoen. Si huet gefaart, datt d’Wielerinnen an d’Wieler hinne keng zweete Kéier hiert Vertrauen aussprieche géi fen. Also amplaz ofzewaarden an dësem Projet déi néideg Zäit ze loossen, gouf mat der Briechstaang en Text ofgestëmmt, deen esou net hätt däerfe gestëmmt ginn.

Deemools gouf gesot, d’Arméi hätt deen néidegen Knowhow schonn opgebaut. „Ee Projet, dee sech 100%eg areit an d’Kompetenze vun der Lëtzebuer ger Arméi“, Zitat Étienne Schneider Juli 2018. D’Ar méi wier am ISRBeräich ausgebilt an duerfir géif dëse Projet gutt bei si passen.

Haut steet fest, d’Arméi kann och mëttelfristeg net déi Leit ausbilden, fir mat dem Satellitt ëmzegoen. An dat ass nëmmen ee Facteur, wou sech verkalku léiert a verplangt gouf. Net nëmme war an ass d’Arméi net prett, fir mam Satellitt ëmzegoen, d’An tennen hätten och net op den Härebierg gepasst.

D’Infrastrukture fir d’Biller vum Satellitt ze empfänke mussen op enger gesécherter Plaz ënnerbruecht ginn, duerfir fält och all anere Standuert hei am Land dann an d’Waasser. Duerfir mussen d’Infrastruktur an d’Bedreiwung elo vun de belschen Noperen iwwerholl ginn. Et gouf einfach net mat den Ac teuren um Terrain geschwat. Och mat engem virlee fege Rapport vun der Budgetskontrollkommissioun, dee bal 150 Säite laang ass, si mer eis emol nach net sécher, ob net nach méi an dësem Dossier schifgelaf ass.

Et kéint een elo soen, a verschiddener vu menge Virriedner hunn et gemaach, datt et besser ass, fir elo nach eng Kéier 139 Milliounen dranzestiechen, well soss déi 170 Milliounen, déi mer schonn in vestéiert hunn, herno komplett fir näischt waren. Also leeë mer elo nach eemol méi wéi dräi Véierel vum Kafpräis drop an der Hoffnung, datt elo alles klappt? Well souguer wa mer mat deenen 309 Milliounen averstane wären, wie seet dann, datt et dobäi bleift? Soen eis dat déi nämmlecht Consul tanten, déi mer elo hu misse froen, fir dat Ganzt ze decortiquéieren, wat bei där éischte Kéier schif gaangen ass, wéinst engem „manque de temps et de ressources“.

Ben, eppes kann ee soen: E „manque de temps et de ressources“ kann dës Kéier net d’Excuse sinn, well d’Oppositioun huet drop insistéiert, datt mer hei souguer nach méi laang géifen driwwer disku téieren. A wann et herno erëm géif dozou kommen, datt et e „manque de temps et de ressources“ wär, da wär dat deen zweete Selbstgoal vun der Re gierung. Da géif et 2:0 stoen.

Mir wëssen awer och nach ëmmer net mat Sé cherheet, wat wou wéi genau schifgaangen ass. Well et an de Gespréicher mat de Leit um Terrain deels zu ganz widderspréchlechen Aussoe koum, kënne mer net garantéieren, datt an dësem Projet net nach méi Problemer optauchen.

Duerfir fuerderen d’Piraten mat deenen aneren Oppositiounsparteien, datt d’Chamber eng Enquê tëkommissioun zouléisst. Nëmme wa mer verstinn, wat hei alles schifgaangen ass, kënne mer sécher sinn, dass mer an zwee Joer net nach eemol op där selwechter Plaz stinn an de Staat net nach eemol Sue fir e Satellitt hiergëtt.

D’Regierung huet hei vill Vertraue verspillt. A mir Piraten sinn net dovun iwwerzeegt, datt dat heiten déi lescht Finanzsprëtz fir Satellitten ass, well: Dëse Satellitt huet eng Liewensdauer vun zéng Joer. D’Arméi geet dovunner aus, datt se fënnef bis zéng Joer brauch, fir déi néideg Capacitéiten intern opzebauen. Dat heescht, mir hunn elo e Choix. Entweeder mir soen der Arméi: „Baut déi Ressour cen op!“ An da soe mer domadder implizitt: „Majo, da baue mer och nach en neie Satellitt duerno, an da kascht dat eeben dat, wat et kascht.“ Mir gesi jo, wat et kascht. Oder mir soen: „Nee, mir hunn elo agesinn, datt eis Arméi wierklech net mat Satellitte kann. An da schéisse mer elo e Satellitt an d’Stä ren, fir an zéng Joer dee Satellitt net méi ze brauchen, en net méi kënnen ze brauchen, well en dann näischt méi liwwert!“

Den Här Angel sot deemools: „De Satellitteprojet passt gutt bei Lëtzebuerg“, well mer, ech zitéieren, „ee grousse Savoirfaire“ hätten a well dëse Projet eis eng nach eng Kéier Zitat „grouss Visibilitéit am Ausland“ géif ginn. Also de „Savoirfaire“ hu mer, fir Geld an d’Stären ze schéissen! D’„grouss Visibilitéit am Ausland“, bon, ech hat geduecht, de Projet sollt eis eng grouss Visibilitéit „op“ d’Aus land ginn, mee vläicht hunn ech et och falsch ver stanen, an de Satellitt soll Fotoe vu sech selwer maachen.

Ganz éierlech, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et war e schéinen Dram: den Dram vun engem Militärpro jet, mat deem mer eise Verflichtungen als Member vun der NATO nokomm wieren a mat deem mer nach e groussen ech zitéieren erëm „retour éco nomique“ gehat hätten. Den Dram, datt mer d’Biller vum Satellitt hätte kënne verkafen an esou en Deel vun de Käschten zréckkriten. D’Realitéit, dat musse mer all agesinn, elo wou mer mat engem décke Kapp moies erwächen, war an ass eng ganz aner.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Projet, deen hätt sollen ee vun dëser Regierung hire grousse Prestigeprojete ginn, wäert an d’Ge schicht agoen als ee vun hire gréissten Echecken. „Wie mengt, domat géif et duergoen, deen iert“, sot den Här Baum viru méi wéi zwee Joer. A wéi Recht e sollt hunn! Ech mengen, dat war em deemools selwer emol nach net esou ganz bewosst.

Mir mussen agesinn, datt de Projet vun engem Satellitt net méi drobar ass, an ophalen, de Steier zueler hiert Geld muttwëlleg weider zur Fënster erauszepuchen. A wat déi schonn engagéiert Käschte sinn: Jo, mir hunn e Slot, fir e Satellitt an de Weltall ze schéissen. Wann et stëmmt, wat d’Regierung eis erzielt huet, datt et do esou eng grouss Demande no deene Slotte gëtt, fanne mer sécher een, deen dee keeft.

Mir hunn en Engagement fir zwou Antennen. Wann et stëmmt, wat d’Regierung eis erzielt huet, an et géif e Mangel un esou Antennecapacitéite ginn, well mer déi och net um fräie Marché kéinte kafen, ma da kënne mer sécher een um fräie Marché fan nen, fir deem déi Antennen zu engem vläicht méi bëllege Präis weiderzeverkafen.

A mir hu Sue fir e Satellitt ausginn. Ma wann et esou eng grouss Demande dobausse gëtt, fir esou e Satellitt ze bedreiwen, da fënnt sech sécher och een, deen eis dee Satellitt géif ofkafen.

Dat heescht, amplaz hei ze behaapten, mir géifen 170 Milliounen zur Fënster erauspuchen, wa mer dee Projet hei net géife verlängeren, sollte mer eis vläicht d’Fro stellen, wéi mer 170 Milliounen erëm kënnen erakréien, andeem mer de Krëppeng ver schierbelen an domadder den Defizit esou kleng wéi méiglech halen. Well mir sinn hei net an enger Kris, mir sinn an enger Sammlung vu Krisen, an do kënnt et op all Euro un! An éier mer hei dovu schwätzen, 139 Milliounen nozeschéissen an domadder 309 Milliounen an de Sand, pardon, an d’Stären ze setzen, sollte mer vläicht kucken, wéi mer de Leit um Terrain hëllefen, an dat direkt, an net als Éischt an d’Stäre kucken.

Ech soen Iech Merci.