Header for Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre

Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre

Dës Ried hunn ech den 19/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploi ter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Richteg! Plusieurs voix. Très bien!

M. Fernand Etgen, Président. Merci villmools, Här Wagner. Dann huet den Här Clement d’Wuert gefrot.

M. Sven Clement (Piraten). Et geet ëm näischt anescht wéi d’Glafwierdegkeet vun eis alleguerten heibannen. Dat ass net einfach esou dohinnerge sot. Ech hunn ugefaangen, Politik ze maachen, well ech un de Parlamentarismus gleewen, well ech dru gleewen, datt d’Demokratie eppes Wäertvolles ass, eppes ass, wat d’Derivë vun deenen, déi grad de Pouvoir hunn, kontrolléiert, eppes, wat vum Vollek gedroe gëtt, an zwar vum ganze Vollek.

A mir stinn hei alleguerten, alle 60, déi heibanne sinn, si mer hei, fir d’ganzt Land ze vertrieden. Mir sinn net hei, fir eng Partei ze vertrieden. Mir gi certes iwwer Parteilëschte gewielt, mee mir sinn hei, fir d’Land ze vertrieden. Mir sinn hei, fir d’Regierung ze kontrolléieren.

Et ass net ëmgedréit: Et ass net un der Regierung, fir dem Parlament ze soen, wat et ze maachen huet. Et ass um Parlament, fir ze kucken, ob d’Regierung dat mécht, wat se seet. An dann, wa se eppes anescht mécht oder wa se eppes mécht, wat potenziell problematesch ass, dann ass et un eis, fir dat ze denoncéieren. Dat ass net Riichter spillen, dat ass net „Juge d’instruction“ spillen, dat ass net e Prozess maachen. Dat ass sech eescht huelen! Dat ass demokratesch Wäerter eescht hue len!

D’Resolutioun vun der Regierung, oder vun der Ma joritéit mee mir hu jo vum Minister héieren, datt e se ganz, ganz sympathesch fënnt an en huet dat och an der Kommissioun e puermol ugedeit, sou datt een do wierklech emol vun „ofgeschwat“ kéint schwätzen verlaangt, datt just, an dat ass wich teg, „just“ d’Gestion financière vun deem Projet soll gekuckt ginn. Ech fannen dat skandaléis!

Ech muss Iech ganz éierlech soen: Dat geet mir net wäit genuch! Well den David Wagner huet et hei ge sot, a jiddwereen, deen déi 150 Säite vum Rapport vun der Comexbu gelies huet, weess, datt iergend een d’Parlament ugelunn huet. Iergendeen huet d’Onwourecht gesot, ob bewosst, onbewosst, ob en et geplangt hat, premeditéiert oder net. Méi wéi een huet souguer hei am Parlament dem Parla ment, dem héchste Kontrollorgan, wat mer an enger Demokratie hunn, d’Onwourecht gesot!

A wa mir haut domat averstane sinn, deen Dossier einfach ze klasséieren a just d’Finanzgestioun vun deem Projet ze analyséieren, da soe mir domadder dobaussen als Éischt emol: „Et ass okay, Dir kënnt eis uléien!“ Ech weess net, ob mer dann iwwerhaapt nach als Parlament mussen zesummekommen. Well wa mir dobaussen de Leit soen, déi an d’Chamber convoquéiert ginn, fir hei eng Ausso iwwert d’Kontroll vun engem Budget ze maachen: „Dir däerft eis uléien an et geschitt Iech guer näischt“, da kënne mer de Buttek zoumaachen, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Well ganz éierlech, da si mer hei just nach Statisten an engem Schauspill, wat inzenéiert ass, fir datt herno 29 Leit dat eent soen an 31 Leit awer dat maachen, wat d’Regierung hinnen an d’Hausaufgabebichelche geschriwwen huet. Dat kann et net sinn!

Mir als Chamber mussen eis eescht huelen! An den David Wagner huet et richteg gesot: Et ginn op der ganzer Welt Parlamenter, wou ee mat substanziell méi klenge Minoritéite wéi 29 Siechzegstel eng En quêtëkommissioun ka kréien.

Elo ass et esou, wéi et ass, datt mer hei zu Lëtze buerg am Moment nach eng Majoritéit dofir brau chen. Jiddweree vun deenen, déi hei an der Re gierung sinn am Moment, an der Majoritéit sëtzen, ka sech warscheinlech vläicht mat Ausnam vun der LSAP, déi si scho méi laang derbäi drun erën neren, wéi et ass, an der Oppositioun ze sëtzen. Denkt ëmmer dorunner, wann Der 31 zu 29 eng Enquêtëkommissioun rejetéiert haut, datt et an Zu kunft och Dir kéint sinn, déi hei stinn an eng Enquêtëkommissioun froen, well iergendeen ane ren, deen haut vläicht an der Oppositioun ass, ep pes gemaach huet, wat derwäert ass, enquêtéiert ze ginn! An d’Chamber unzeléien, ass derwäert, en quêtéiert ze ginn, an dat däerf net ouni Konse quenze sinn!

2.

M. Sven Clement (Piraten). Bei enger Reso lutioun, Här President!

M. François Bausch, Ministre de la Défense. Wat d’Debatt méi spéit gëtt, wat se méi komesch Tournuren unhëlt. An d’Madamm Adehm verlaangt elo schonn, datt ech hei soll mat ofstëmmen. Ech mengen, Dir wësst jo, datt de Minister hei net mat ofstëmmt. Ech sinn net Member vun der Chamber.

M. Marc Goergen (Piraten). Dir gitt awer de Kommando.

(Exclamations)

M. François Bausch, Ministre de la Défense. Jo, mee lauschtert emol, dat ass jo awer d’Realitéit. Also heihinnerzekommen an ze soen, de Minister, dee wär …

M. Marc Spautz (CSV). Ganz schwaach, ganz schwaach!

(Coups de cloche de la présidence)

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Bausch huet laang gewaart, fir kënnen dorobber ze reagéi eren, an en däerf elo dorobber reagéieren!

M. Sven Clement (Piraten). A wéi enger Pro zedur?

3.

M. Sven Clement (Piraten). Mir hu Preuven dofir.

(Coups de cloche de la présidence)

M. François Bausch, Ministre de la Défense. Da leet déi Preuvë vir!

M. Sven Clement (Piraten). 150 Säite Rapport! Deen ee seet dat eent, deen anere seet dat anert.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Als Éischt emol, den Här Minister huet hei déi gan zen Zäit dovunner geschwat, datt en e grousse Fan dovunner wär, datt d’Kommissiounssëtzunge sollten ëffentlech sinn ech schwätzen herno nach eng Kéier iwwert déi Resolutioun , an do wëll ech just drop hiweisen, datt déi heite Kommissiounssët zunge vun der Comexbu Verbatimen hunn. An au contraire vun der Chamber war et just d’Regierung, déi an déi Verbatime fusche gaangen ass mam schwaarze Stëft! Dat heescht, wa mer hei vun Trans parenz schwätzen, da kommt, wannechgelift, bleiwe mer éierlech: D’Chamber huet Verbatimen ufertege gelooss an et ass doranner gefuscht ginn: vun der Regierung!

Also wannechgelift, ëmmer erëm drop hinzeweisen, mir bräichten ëffentlech Kommissiounssëtzungen … Da sollte mer wéinstens éierlech bleiwen: Mir hunn déi PVen!

Wa gesot gëtt, an ech stinn dozou, ech hu gesot: „Mir goufen ugelunn.“ A firwat soen ech dat? Ma well et schwaarz op wäiss aus deene Verbatimen ervirgeet, datt verschidde Leit kontradiktoresch Aussoe gemaach hunn.

Ech sinn der Meenung an de Minister huet mech jo dann och dozou invitéiert an den Här Haagen huet mech och dozou invitéiert, datt dat mäi Rôle wär : Nee, ech sinn der Meenung, datt dat „eise“ Rôle wär als Chamber!

5.

M. Claude Haagen (LSAP). Nee, Dir hutt jo Preuven! Ech hu se net.

M. Sven Clement (Piraten). A, Här Haagen, Dir gitt also zou, datt Der 150 Säite Rapport vun der Comexbu einfach net gelies hutt! Très bien! Très bien!

(Interruptions)

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Clement huet d’Wuert a soss keen!

M. Claude Haagen (LSAP). … Contradictiounen, ech gesi keng Contradictiounen …

M. Fernand Etgen, Président. Här Clement, fuert roueg weider! Dir hutt d’Wuert.

Une voix. Dat ass kee Rapport, et ass eng Com pilatioun.

M. Claude Haagen (LSAP). Et geet elo duer! (Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten). Bon, ech waarden dann, bis den Här Haagen opgehalen huet mat jäizen.

M. Fernand Etgen, Président. Här Clement, et ass un Iech!

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Mir kënnen also déi Verbatimen tel quel un de Parquet weiderginn, ouni d’Schwärzungen, well, ech mengen, dat géif ganz kloer weisen, wat hei geschitt ass, datt mer hei Lige gezielt kruten. An dat, denken ech, sollte mer dann och maachen!

6.

M. Sven Clement (Piraten). Dir wollt et awer streamen. Dat hutt Der virdru gesot.

7.

M. Sven Clement (Piraten). Well Der d’Regle ment net kennt!

M. Georges Engel (LSAP). E ka säi Pathos hei net ganz ausspillen, deen zimmlech op d’Nerve geet, wëll ech just soen.