Header for Projet de loi portant modification de la loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce

Projet de loi portant modification de la loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce

Dës Ried hunn ech den 13/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir droen dee Projet hei mat, well en, wéi de Marc Baum dat richteg ausgedréckt huet, weist, datt déi méi breet Schëlleren och méi droe kënnen an och méi droe sollen. Wat eis awer net do vunner ofhält, fir dach mat deem System vun de Chambreprofessionnellen, wéi et se haut nach ëmmer gëtt, a mat der Zwangsmember schaft wëllen ze briechen.

Mir sinn der Meenung, datt et eng Liberté d’association gëtt. Mir sinn der Meenung, datt et jiddwerengem, och Gerantë vu Betriber, och Independanten, och Handwierker, muss fräi stoen ze entscheeden, ob se wëlle vun enger Institutioun vertruede ginn oder net.

Et ass nun emol esou, dat wëll ech net schlechtschwätzen: D’Chambreprofessionnellë maache gréisstendeels eng gutt Aarbecht. Mee et sinn ëmmer erëm verschidden Entreprisen, déi sech net representéiert fillen, déi sech och ënner kengem vun deene Systemer wäerte re presentéiert fillen! An déi gi gezwongen, fir eng privatrechtlech Institutioun ze finanzéieren iw wert d’Gesetz, iwwert d’Steiere gëtt dat age driwwen, fir eppes, wouvu se entweeder vläicht guer net profitéieren, vläicht guer net wëlle profitéieren oder schlussendlech och net kënne profitéieren.

Deementspriechend ass et fir eis eng Prinzip piefro. Mir fannen et gutt engersäits, datt mer hei e méi gerechte System kréien, wou déi Déck méi droe wéi déi méi Dënn. Mee et muss ee sech awer d’Fro stellen: Sinn dës Zwangs memberschaften an enger Chambre profes sionnelle nach zäitgeméiss an Zäiten, wou mer ëmmer méi Entreprisen an Independanten hunn, déi vläicht guer net méi kloer der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers zouzeuerdne sinn? Wou den eenzegen Ënnerscheed, firwat se an déi eng oder an déi aner Chamber affiliéiert ginn, dora läit, ob se e Meeschterbréif hunn oder ob se sech mat enger Première selbststänneg gemaach hunn, ob se also aus dem klasseschen Ausbildungs wee kommen oder aus engem Secondaire clas sique, wéi e fréier geheescht huet.

Ech mengen, datt déi Fro, wien a wéi enger Chamber ass, op de Leescht gehéiert an datt een dann och d’Fro muss stellen: Brauche mer nach déi Zwangsmemberschaft an dëse Cham beren?

Mir si fir de fräie Choix. Netdestotrotz wäerte mer dat heite matstëmmen. Ech soen Iech

Merci.