Header for Projet de loi portant modification de la loi du 20 mai 2014 relative au financement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois en vue du financement des travaux d’extension et de perfectionnement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois

Projet de loi portant modification de la loi du 20 mai 2014 relative au financement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois en vue du financement des travaux d’extension et de perfectionnement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois

Dës Ried hunn ech den 29/01/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 20 mai 2014 relative au financement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois en vue du financement des travaux d’extension et de perfectionnement du Réseau national intégré de radiocommunication pour les services de sécurité et de secours luxembourgeois” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, Merci, Här President. Dës Kéier hunn ech mech tatsäch-lech ageschriwwen.

(Hilarité)

Ech wollt ganz kuerz op dësen awer wichtege Projet agoen. An d’Rapportrice huet scho ganz vill dozou gesot. Ënner anerem ass se och op de Käschtefacteur dovunner agaangen.

Beim Käschtefacteur läit eis Piraten awer ganz schwéier um Mo, datt an der éischter Propos mat der TVA gerechent ginn ass, an där neier Propos elo ouni TVA, wat u sech op de Coût d’investissement eng Augmentatioun vu 17 % ausmécht an op de monatleche Käschten dach eng Augmentatioun vun 48,8 % am Ganzen ausmécht.

Do hätt ee sech méi Argumentatioun gewënscht wéi déi Äntwerten, déi mer do an der Kommissioun kruten. Dat ass awer net deen eenzege Bemoll bei dësem Gesetz.

Dat Zweet ass, wéi scho vun de Kolleege vun der CSV gesot, den Dateschutz. Mir géifen eis hei freeën, wann d’Regierung zäitno géif e Projet de loi deposéieren, deen eben dëse Bedenken och Rechnung géif droen.

Nichtsdestotrotz, well eis Sécherheetsdéngschter dëse Service brauchen a mer deen net sollten einfach ofschalten, wäerten d’Piraten dëse Projet matstëmmen.