Header for Projet de loi portant modification de la loi du 22 janvier 2021 portant:1o modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 232453 du Code du travail;2o derogation temporaire aux dispositions des articles L. 234 51, L. 23452 et L. 23453 du code du travail

Projet de loi portant modification de la loi du 22 janvier 2021 portant:1o modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 232453 du Code du travail;2o derogation temporaire aux dispositions des articles L. 234 51, L. 23452 et L. 23453 du code du travail

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 22 janvier 2021 portant:1o modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 232453 du Code du travail;2o derogation temporaire aux dispositions des articles L. 234 51, L. 23452 et L. 23453 du code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här elo erëm Vizepresident. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut stëmmt d’Chamber also iwwert d’Verlängerung vum Congé pour raisons familiales bis Juli of.

Mir Piraten fannen et gutt, datt dëst Gesetz iwwert de Congé pour raisons familiales Récksiicht op den Ufank vun de Schoulvakanzen och an der Grenzre gioun hëlt. Dat muss ganz kloer sinn, fir esou Dis kriminatiounen tëscht Residenten a Frontalieren ze verhënneren. Mee dat Gesetz hei ass nach ëmmer ze kuerz gegraff.

Scho beim Vott vum leschte Gesetz am Januar hu mir Piraten en Appell gemaach, fir dëst Gesetz méi laang lafen ze loossen. Mir krute gesot: „Et ass net néideg, mir kënnen et jo bei Bedarf erëm verlänge ren!“ Bon, bref: Mir si beim Bedarf a mir verlängeren et alt erëm.

Elo soll d’Gesetz also da bis d’Summervakanz lafen. An och wann ech wierklech an ech betou nen et: wierklech! hoffen, datt mer am September, wann d’Schoulen erëm uginn, net méi mussen op esou Gesetzer zréckgräifen, sou denken ech nach ëmmer, datt e Gesetz bis den 31. Dezember eis a virun allem den Eltere méi Planungssécherheet ginn hätt.

Wéi schonn am Januar gesot, kéint een dëst Gesetz duerch déi passend Indicateuren, wéini et gëllt a wéini net, och méi laang lafe loossen. D’Gesetz hätt eis kënne Flexibilitéit ginn, wa mer se dann drage schriwwen hätten, an d’Chamber misst haut net nach eemol iwwert de Congé pour raisons fami liales ofstëmmen.

Mir haten all gehofft, datt et bis Abrëll géif besser ausgesinn, wat d’Infektiouns a virun allem d’Doudeszuelen ugeet. Duerfir hate Verschiddener gemengt, den 2. Abrëll géif duergoen. Mee leider hu mer eis esou als Chamber alt nees vum Virus iwwer rasche gelooss an net virausschauend geplangt. Dat dierft no engem Joer Pandemie dach net méi sinn!

Här President, d’Eltere brauchen dëst Gesetz! Si musse kënnen doheembleiwen, wann d’Kanner net an d’Schoul oder an eng Kannerbetreiung kënnen.

Duerfir wäerte mer dëst Gesetz och matstëmmen.

Mee ech wëll hei nach eemol betounen, datt dat heiten nees en Noutplooschtergesetz ass, dat alt erëm nëmme fir kuerz Zäit gëllt an d’Elteren erëm virun d’Fro stellt: „A wat ass duerno? Wat ass no der grousser Vakanz?“ Mir géifen eis wënschen, datt d’Chamber an Zukunft erëm méi Gesetzer stëmmt, déi méi laang Lafzäiten hunn, wa mer endlech ufänken, dem Virus virzegräifen, amplaz em ëmmer hannendrulafen ze mussen. Merci.