Header for Projet de loi portant modification de la loi du 25 novembre 2014 prévoyant la procédure applicable à l’échange de renseignements sur demande en matière fiscale

Projet de loi portant modification de la loi du 25 novembre 2014 prévoyant la procédure applicable à l’échange de renseignements sur demande en matière fiscale

Dës Ried hunn ech den 14/02/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 25 novembre 2014 prévoyant la procédure applicable à l’échange de renseignements sur demande en matière fiscale” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleegen – Merci, Här President, och -, et ass ganz einfach: D’Gesetz vun 2014 war e Feeler, e Feeler, dee mer haut ausgläiche mussen. Ech mengen, do erzielen ech näischt Neies. Dat hunn anerer viru mer och scho gesot. Datt et a puncto Steierhannerzéiung sécherlech nach vill Handlungsbedarf gëtt, do si mer eis och alleguerten eens. An dës Problemer léise mer awer net, andeem mer Mënscherechter, näämlech d’Mënscherecht op e Verfahren, einfach a Fro stellen.

Dat krute mer an deem heiten Arrêt Berlioz gesot, mir missten eis do un eis rechtsstaatlech Prinzipien halen, eppes, wat a mengen Ae selbstverständlech sollt sinn. An deementspriechend krute mer och zu Recht onrecht.

Eis Administratioune sinn, esou gutt wéi se och sinn an esou gutt Beamten, wéi mer och hunn, bäi Wäitem net onfeelbar, well iren ass mënschlech, seet een esou schéin. An esou wäit ech dat iwwerblécken, sinn all eis Beamten nach ëmmer och Mënschen. Ech hunn op alle Fall nach kee Robobeamten hei zu Lëtzebuerg erëmlafe gesinn an ech hoffen och, datt dat net esou séier geschitt.

Dat heescht, e Recours en annulation muss jiddwerengem, jo, och engem potenzielle Steierhannerzéier fräistoen, well et däerf ganz einfach net sinn, datt mer eis do iwwer Prinzipien, déi eise Stat guidéiere sollen, ewechsetzen.

Aus dësem Grond wäerten d’Piraten dëse Gesetzesprojet och matdroen. Mir rektifizéieren e Feeler, dee virun eiser Zäit geschitt ass a mir gi gären eise Support, fir Feeler ze verbesseren, well duerch Fale léiert ee bekanntlech goen.

Villmools Merci.